De Lieserbréif vum Natascha Scholtes:

Wat ass nëmme lass mat eise Kanner?

Als Erzéierin an och selwer Mamm stellen ech mir déi Fro praktesch all Dag… op deen 1.Bléck wierken d’Kanner hyperaktiv, net manéierlech an einfach net erzunn… Kucken ech awer genau hin, dann gesinn ech, iwwerfuerdert Kanner… Kanner, déi de ganzen Dag iwwer, gehetzt ginn, déi stonnelang a Strukturen sëtzen, sech schonn mat knapp 3 Joer, un 50 Regelen halen mussen, déi verzweifelt eng Bezugspersoun sichen an et einfach net besser wëssen a kënnen…

D’Behuelen vun de Kanner ass d’Resultat vun eiser moderner Gesellschaft… Wat sie brauchen, sinn hir Elteren an Zäit mat hinnen. Ech kann nach sou eng gutt Erzéierin sinn wéi ech wëll, ech kann awer nimools eng Mamma ersetzen an dat soll och ni d’Ziel sinn! Mir laafen einfach an eng falsch Richtung… méi oppen Systemer, ëmmer méi Kanner, mir sollen Kanner animéieren, awer dass kleng Kanner mol ganz aner Bedürfnisser hunn wéi animéiert ze ginn, dorun gëtt net geduecht… wat bréngt engem Kand mat 4 Joer, 3 Bastelaktivitéiten am Dag, wann et mol nach net propper ass… lo sot dir mir, fir propper ze ginn, dofir sinn Elteren do! Ok, ginn ech iech Recht, awer wéi sollen si dat hikréien, wann d’Elteren hir Kanner 10 Stonnen den Dag net gesinn an di aner 8-10 Stonnen schlofen se…
D’Kanner brauchen hir Elteren a vill Léift an Zouwendung. Dat ass awer net den Elteren hir Schold, dass si net di néideg Zäit hunn. Si sinn gezwongen durch héich Präisser dobaussen an eiser Gesellschaft schaffen ze goen.

Ech, als Erzéierin an awer och als Mamm vun 3 Kanner kann déi Elteren verstoen, a wéi engem Dilemma si sech befannen. Gären wéilten si méi Zäit fir hir Kanner hunn, mä et ass bal onméiglech. Ech als Mamm mierken wéi « futti a midd », ech owes vun der Aarbecht kommen an do warden dann nach meng eegen Kanner. Ech kann engem et net verdenken, dass een dann bemol keng Loscht méi huet… et geet mir oft net besser! Awer dann rappen ech mech, an denken, dass meng Kanner net dofir kënnen an si mech lo brauchen well ech schonn de ganzen Dag net present war… ech trauen mech ze behaapten, och wann ech vill Stonnen am Dag net do sinn, ech et Owes mat vill Kierperkontakt an Opmierksamkeet kann kompenséieren. Ech mierken awer och, dass mat sou engem Liewensrhythmus, een séier « down » gëtt, Batterien ginn eidel… weder krut een seng Erwaardungen op der Aarbecht erfëllt nach doheem net. DECH als Persoun gëtt vergiess, du gëss onzefridden a fälls an e Laach, Depressiounen an Burnout droen…

Ech wënschen all Mamm an Papp, zemools deenen déi MUSSEN schaffen, vill Courage. Denkt un är Kanner, dat misst Grond genuch sinn, maacht dat Bescht draus… an bewäert net d’Kanner vun hautzedaags, well meechtens sinn si d’Opfer….

Natascha Scholtes

16.10.2018

2 pensées sur “Wat ass nëmme lass mat eise Kanner?”

  1. Wat eis Politik elo mécht, ass weder gerecht, nach sënnvoll.
    An de skandinavesche Länner, wou d’Ganzdagsbetreiung vun Ufank un, vill méi fréi ugaangen ass wi bei eis, sinn se am Gaangen zeréck ze rudderen, well se festgestallt hunn, datt et de Kanner net gutt dobäi geet…. et gëtt och ëmmer méi Studien, déi dat beleeën !
    Ongerecht ass et, well déi Elteren, wou sech (nach kënnen) dofir entscheeden, datt een vun hinnen doheem bleift, net vum Staat ënnerstëtzt ginn.
    An nächster Zukunft setze mer dann virum Schued, ma dann ass et fir di heiteg Kleng ze spéit.
    Awer elo gëllt : « Aen zou an duerch! »
    Schrecklech. »

  2. Il n’y a pas d’enfant difficile.
    Ce qui est difficile, c’est d’être un enfant dans un monde,
    où les personnes sont fatiguées, occupées, sans patience
    et pressées. (Santé et Naturel.com)

Répondre à Isabelle Schmit Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *