Nach steet eis Nei Regierung net, nach sinn d’Diskussiounen am Gaangen.

Sou erlaabe mer eis, e puer Wuert ze soen, an där Zäit, déi nach bleift.

Mir wëssen, dass d’Familljepolitik fir eng Regierung net prioritär ass.

An dach…

An dach hu mer während deenen 9 Joer, wou eis Säiten existéieren, genuch Temoignage kritt, dass et fir d’Kanner, fir d’Elteren, Prioritéite ginn, deenen oft net Rechnung gedroe gëtt. Duerfir eisen Appell un Iech.

Sou ass fir d’Kand dat éischt, wat et muss kréien, eng intensiv Relatioun mat senger Mamm, mat sengem Papp. A fir eng Relatioun opzebauen brauch een Zäit. Di Relatioun, mécht sech net „zwischen Tür und Angel“, wéi dat haut ze vill oft de Fall ass, wann d’Elteren, e laange Wee fir op d’Aarbecht hunn an zeréck, oder, ze laang am Stau sinn a spéit heem kommen. Esou vill Leed, esou vill Trauer gesinn d’Educateuren, d’Educatricen, d’Enseignants Dag fir Dag, bei Kanner, wo keen Zäit huet, hinnen genuch Affectioun ze ginn. An dat däerf net méi sinn.

Duerfir froe mer ëmmer nees, den Elteren de Choix ze loossen, dass ee vun hinnen, eng gewëssen Zäit kann doheem bleiwen, oder deelweis schaffen, fir di liewenswichteg Bindung opzebauen a present ze sinn. Di Compensatioun, déi eng Mamm oder e Papp dee Moment géif kréien, wär en Investissement an d’Zukunft, eng liewenswäert Zukunft. Well mer wësse jo, geet et engem Kand net gutt, huet seng Onzefriddenheet, oder Aggressivitéit, oder Depressioun, eng Repercussioun op säin Entourage, Doheem, an der Schoul, dobaussen. An ëmgedréint gesi mer och: wéi vill Enthousiasmus, Frëndlechkeet, Oppenheet e Kand huet, wat doheem di néideg Affectioun an Attentioun kritt.

Mir maachen den Appell un di Nei Regierung, d’Basis ze schafen, fir eise Kanner eng gesond a glécklech Kandheet ze erméiglechen, am Respekt vun hirem eegene Rhythmus, deen fir all Kand anescht ass. D’Petitiounen hu gewisen, dass mer eng Regierung brauchen, déi net méi acceptéiert, dass d’Kanner all an di selwecht Schinn gedrängt ginn.

Da maache mer nach en dréngenden Appel un di Nei Regierung, kleng Kanner net ze fréi mat Sujeeën ze konfrontéieren, déi net fir si bestëmmt sinn. Mir sinn eis jo eens, dass d’Kanner viru Gewalt musse geschützt ginn. Wär Fréisexualiséierung net och eng Aart Gewalt un hinnen, un hir Onschold, un hir Onschëllegkeet?

Dir sidd Mamm, Dir sidd Papp – Dir verstitt d’Kanner. Dir verstitt wat fir eng Critèren eng Gesellschaft brauch fir sech gesond ze entwéckelen. An dat geet jo schonn an der klenger Kandheet un.

D’Elteren an d’Kanner zielen op Iech.

Mir wënschen der Neier Regierung eng gutt Hand fir d’Wuel vun eise Kanner an hiren Elteren, fir d’Zukunft vun eisem Land.

Méi Elteren, manner Staat

05.11.2023

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *