Wann d’Isabelle, Mamm an Léierin an engem Commentaire seet: „An et mécht mer als Mamm awer och Angscht well ech mech froen, a wéi eng Zukunft eis Kanner blécken: wéi eng Erwuessener ginn eis Kanner? Mir mussen endlech ëmdenken an rëm unerkennen, dass d’Erzéiung doheem eng wichteg a wäertvoll « Aarbecht » ass!“ – dann musse mer eis Froen stellen.

Et kann een effektiv Angscht kréien, wann een sech virstellt, dass schonn haut, esou vill Kanner, hir Emotiounen net packen, kaum den Alldag kennen, well se an enger Paralellwelt liewen, oft keng Manéieren hunn, net geléiert hunn, Verantwortung z’iwwerhuelen, da kann een Angscht kréien.

Mee, et gëtt nach ëmmer gesot, d’Kanner, déi an Betreiungsstrukture sinn, géifen besser an den Tester ofschneiden. 

>>Kanner, déi a fréikandleche Bildungsstrukture waren, schneide besser of an de standardiséierten Tester am 1. Schouljoer, wéi Kanner, déi net an de Precoce oder an d’Crèche gaange sinn. Dat besonnesch, wa si souwuel an der Crèche, wéi och am Precoce waren. Dat ergëtt eng nei Etüd déi op der Uni Lëtzebuerg realiséiert gouf.“ (RTL, 17.05.2023).

Natierlech léieren d’Kanner vill an de Betreiungsstrukturen: ass et da nëmmen dat wat zielt? Bildung soll gefërdert ginn, Kompetenzen gefërdert ginn. Jo, mee, wou bleift di emotionell Kompetenz? Mir si Mënschen, déi ee fundamentale Besoin hunn: dat sinn d‘Relatiounen mat deenen anere Mënschen. Dat ass Affektioun, dat ass Vertrauen. An och, wa Kanner hir Educatrice gäeren hunn, kann d’Relatioun zu hir niemools d’Relatioun zu hiren Elteren ersetzen. Sou seet et ganz gutt den Dr Herbert Renz-Polster: „Ich sehe die Pädagogik mit dem derzeitigen Bildungsbegriff in einer Sackgasse. Da geht es in meinen Augen viel zu sehr um die Vermittlung von Wissen und kognitiven Kompetenzen. Die Agenda der Kindheit ist aber viel breiter gefasst. Da geht es eigentlich darum, dass Kinder ganz elementare Fähigkeiten erwerben, die sie ein Leben lang tragen.“*

E Kand huet en Agenda an sech. Et léiert, Konzentratioun, et léiert mat de Mënschen eens ginn, seng Emotioune geréieren, et léiert Empathie, déi et nëmmen erfuere kann, duerch duerch d’Relatioun mat anere Mënschen. Ass dee Stadium, an der klenger Kandheet iwwerschratt, ass et bal net méi nozehuelenn. E Kand ass vill méi, e Kand brauch vill méi wéi eng Betreiung, wou et villäicht vill intellektuell léiert, mä wou einfach eppes Essentielles an sengem Liewe feelt: Zäit fir Bindung opzebauen, Zäit fir Vertrauen opzebauen, kuschelen, laachen, um Liewen Deel huelen. An dat gëtt a kenger Etüd ernimmt, dat kann och keen him intellektuell bäibréngen.

Mir gesinn an där ganzer Diskussioun iwwer d’Kanner, ass et wéi sou oft: nëmmen een eenzege Volet gëtt gekuckt. An d’Mënschen um Terrain gesi ganz gutt, wéi et de Kanner geet, wéi et hinnen emotionell geet. Si ginn awer ni an Etuden ernimmt. Wéi wa mer nëmmen en Intellekt wären. Neen, esou vill Kanner, déi kräischen, déi d’Trennung net gutt verdroen, wann se nach net prett sinn. Dat sinn Tatsachen, déi ignoréiert ginn.

Wann, an e puer Méint, eng nei Regierung steet, muss se Verantwortung huelen: Verantwortung fir d’Kanner andeems se net méi zouléisst, dass et Kanner ginn, déi 12 Stonnen vun doheem fort sinn. 12 Stonnen am Kaméidi, 12 Stonnen, ouni Paus, 12 Stonnen, ouni di Mënschen, déi se am léifsten op der Welt hunn, 12 Stonnen, ouni di Mënschen, déi hinnen alles kënne ginn wat se brauchen, awer net do sinn. Sou gëtt vu ville Kanner eppes verlaangt, wat keen Erwuessenen wéilt matmaachen.

D‘Verantwortung vun der nächster Regierung ass Verantwortung fir d’Kanner ze huelen: mam Wëssen, dass d’Kanner net nëmmen en Intellekt hunn, mee dass di enk Relatioun mat hiren Elteren liewenswichteg fir si ass. A fir all Relatioun brauch een Zäit.

Verantwortung och fir d’Elteren, andeems se den Elteren d’Méiglechkeet gëtt, sech eng Auszäit ze huelen an hinnen eng Kompensatioun gëtt, oder z.B., den travail à temps partiel ënnerstëtzt, mat enger Kompensatioun. Et kann einfach net esou weidergoen, dass alles a „Sachleeschtungen“ gestach gëtt, a fir dat Essentiellt ass ni e Budget do.

Et gëtt héich Zäit, dass mer ëmdenken an endlech nees verstinn, dass de Kanner hir Plaz net nëmmen a Betreiungssstrukturen ass, mä och doheem, mat Elteren, déi mat hinnen schwätzen, mat hinne laachen, hinnen den Alldag weisen.

Et gëtt héich Zäit, dass d’Elteren net engem Dauerstress ausgesat sinn.

Och d’Entreprisen sollen gehollef kréien, wann si Elteren bei sech schaffen hunn, déi sech mussen organiséieren, z.B., Erliichterungen bei hiren Cotisatiounen, wann se Ersatzpersounen mussen astellen.

Wa mer elo net ëmdenken, ass et mar ze spéit. Well kee wëll an enger Gesellschaft liewen, wou vill Mënschen zesumme sinn, déi onzefridden sinn, kee Wuppes oder kee Versteeste-mech hunn: Versteeste-mech léiert een an enken Relatiounen! « Les relations sont l’essence de notre vie » seet de Laurent Gounelle an sengem Roman: « Le jour où j’ai appris à être heureux ». Et geet einfach net anescht!

Isabelle Schmit-Mines

24.05.2023

* https://www.kinder-verstehen.de/mein-werk/meine-buecher/wie-kinder-heute-wachsen/wie-kinder-heute-wachsen-interview/


Liest och:

Et gëtt héich Zäit“: iwwer d’Petitioun vum Luc Firmin Martiny: „Elteregeld amplaz vun institutionnellen Ariichtungen“

 

Une pensée sur “D’Kanner vun haut – d’Gesellschaft vu muer”

  1. E puer Gemengen hunn eng gutt Iddi fir de Kanner bei hiren Hausaufgaben ze hëllefen: All Erwuessener, deen eng Première huet, kann sech mellen fir de Kanner ze hëllefen. Sou ass d’Hëllef méi individuell, wat oft fir d’Kanner wichteg ass. Och fir en Erwuessenen, deen e bessi Fräizäit huet, ass et eng schéin Aufgab.

Répondre à Anne-Marie Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *