Kreativitéit

Leschten Dënschden den 09. Mee, hu mer den Europadag gefeiert.

Di Europäiesch Unioun soll eng Hoffnung sinn, fir Fridden, fir Demokratie, fir Meenungsfräiheet, fir d’Dignitéit vum Mënsch.

Och de Jean-Claude Juncker hat et, den 22. Oktober 2019, a senger Abschiedsried virum Europaparlament, gesot, di gréisste „Leeschtung“ vun der Europäischer Unioun, war, de Fridden, dee mer an Europa hunn, konnten haalen. Mee, dee Fridden wär net selbstverständlech, all Dag misst een dru schaffen.

Nach virun e puer Joer, wann ech mat Kanner geschwat hunn, an si Froen haten iwwer d’Sécherheet vun eisem Land, da war ech frou, hinnen ze soen, mir hätten jo „Europa“ an do wären d’Grenzen sécher. All Politiker géif sech duerfir asetzen, dass mer roueg kënne schlofen a keng Angscht bräichten ze hunn.

Wéi gesäit et haut aus?

A, wéi gesäit et aus mat der Diginitéit vun de Kanner?
Mir gesinn wéi d’Kanner Sexualunterricht a klenge Joeren scho kréien. An Däitschland hunn Kanner am Fondamental e Schoulbuch, wou Biller ouni Scham ze gesi sinn, Biller, déi net a Kannerhänn gehéieren.
A verschidde Länner gi Männer, als Fra verkleet (an ëmgedréint), an d’Schoulen, d’Kanner ënnerhalen. An dann, de Summum vun deem Ganzen, sinn dann Spektaklen, déi nëmmen esou vun Perversitéit strotzen, di sougenannt „Drag Quen“, déi virun de Kanner, opgeféiert ginn.

Villes ass de Kanner ewechgeholl ginn, mee elo, hinnen och nach hir Onschold ewechhuelen, wou se a Saachen erageroden, déi einfach net fir hiren Alter bestëmmt sinn, an se belaascht, ass eng Aggressioun un d’Kanner. Ob wat sollen se do preparéiert ginn? Eng Gesellschaft, déi keng Repèren méi huet, eng Gesellschaft vu Chaos, eng Gesellschaft ouni Gefiller, well dat wäert d’Konsequenz sinn, wann d’Perversioun keng Grenzen méi huet. Mir haten all gehofft, wéinstens wär nach e Fonken Respekt virun de Kanner do!

Ass dat Europa? Kënne mer eng Zukunft opbauen, wa mer d’Kanner duercherneen maachen, mat esou Informatiounen? Wéi gëtt do d’Intelligenz gefërdert? Wéi gëtt do d’Begeeschterung virun deene wonnerbaren Geheimnisser, déi d’Liewen eis bitt, gefërdert? Wéi gëtt d’Schéinheet gefërdert? Mee mir kënnen, d’Elteren kënnen hëllefen, dass endlech eng Brems gezu gëtt.

Wa fréier d’Kanner, onschëlleg gespillt hunn, wann se gelaf sinn an ausser Ootem heemgerannt sinn, wann se hir Dreem gelieft hunn „Wann ech emol grouss sinn, dann…“ , hu mer haut vill Kanner, déi einfach keng Kandheet méi hunn, oft keng Energie méi hunn, keng Repèren méi hunn. Vill Elteren mussen de ganzen Dag schaffen, sou dass de Kanner, di Stëtz, déi se am néidegsten brauchen, och oft net do ass. D’Famill, Elteren a Kanner sinn d’Basis vun der Gesellschaft. Zerstéiere mer si – wéi dat schonn am Gaangen ass – zerstéiere mer och eis Gesellschat.

Wou soll et higoen? Mir brauchen Kanner, déi sech begeeschteren, déi kreativ sinn, déi och am Liewen eng Hand kënnen mat upacken. Mir brauche Kanner, mir brauche Mënschen, wou een op deen anere lauschtert, wou een deen aneren respektéiert.

Mir brauche Kanner, mir brauche Mënschen, déi feinfühleg sinn an och d’Schéinheet cultivéieren. « La beauté sauvera le monde » (Dostojewski). E ganze Programm!

Isabelle Schmit-Mines

11.05.2023

——————————————————————————————————————–

Liest och:
Genderideologie vum André Grosbusch https://www.famill.lu/?p=2256

PETITIOUN

Ugepassten Personalschlëssel an der Crèche / Maison relais:

https://www.petitions.lu/petition/2707?no_cache=1&cHash=ccce808294de9d1c408984541058431d

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *