D’Recht op Léift, Recht op Zäit

D’Kannerwuel muss ëmmer am Virdergronn vun de politeschen Entscheedungen stoen“, dat waren dem Luc Firmin Martiny seng Wierder, leschten Donneschdeg, den 23. Mäerz an der Chamber.

Et war en excellente Plaidoyer, deen hien presentéiert hat, nodeems seng Petitioun „Elteregeld amplaz vun institutionnellen Ariichtungen“, 5.096 Stëmmen erreecht hat an hien an der Chamber seng Iddien konnt virdroen.

Dat allerwichtegst fir e Kand ass di Bindung, di emotional Sécherheet ze kréien, déi normalerweis d’Elteren him kënne ginn. Mee, ze vill Kanner kréien dat net, well d’Elteren encouragéiert ginn de ganzen Dag zu 2 schaffen ze goen.

Sou zitéiert hien dann de Gilbert Pregno, deen vun enger „elternloser Gesellschaft“, schwätzt. Als Papp vun 2 Kanner an als Educateur gesäit hien, dass dat net de Wee ass, dass dat de Kanner net gutt deet.

No Etuden, déi gemaach goufen an d’Kanner gesot hunn, wéi si sech spieren, hunn si geäntwert: am léifsten wären se doheem, soten se. A léiwer an der Schoul wéi an der Maison-Relais, well do wär ze vill Kaméidi a keng Plaz fir sech zeréckzezéien.

D’Educateuren hu gesot si hätten ze vill administrativ Aarbechten ze maachen, ze vill Surveillance, sou dass keng Zäit wär fir d’Kanner richteg ze fërderen.

D’Strukturen kéinten jo och entlaascht ginn wann d’Elteren de reelle Choix hätten: „D’Leit sollen de Choix hunn wéi se hiert Liewen organiséieren.“ De Luc Firmin Martiny gesäit, dass d’Elteren, déi et wëllen, e « congé d’éducation », missten zegutt hunn fir sech ëm hir Kanner ze këmmeren oder, eng hallef « Tâche » schaffen. „Elterengeld fir eng Elterenzäit ze schaafen“. D’Strukturen gi gebraucht an eiser Gesellschaft, mee esou wéi d’Konzept vun der Regierung de Moment ass, ginn se dem Kannerwuel net gerecht.

D’Kanner mussen am Mëttelpunkt vun eisem Handelen sinn“. Och eist Land hat eng Kéier Kannerrechtsconventioun ënnerschriwwen, wou ganz däitlech steet, dass d’Elteren di éischt sinn, déi sech ëm d’Wuel vun hire Kanner musse këmmeren: « La responsabilité d’élever l’enfant et d’assurer son développement incombe au premier chef aux parents ou, le cas échéant, à ses représentants légaux. Ceux-ci doivent être guidés avant tout par l’intérêt supérieur de l’enfant.

« Pour garantir et promouvoir les droits énoncés dans la présente Convention, les Etats parties accordent l’aide appropriée aux parents et aux représentants légaux de l’enfant dans l’exercice de la responsabilité qui leur incombe d’élever l’enfant. »

Mee, dat gesi mer am Moment net. 

All waren se ganz interesséiert um Sujet: d’Ministren – d’Familljeministesch an den Educatiounsminister – an d’Deputéiert.

Mä, wat kum da finalement eraus? Do hätten se an der Chamber dach missten opsprangen an effektiv soen, dat kéint net méi esou weidergoen, dass et Kanner ginn, déi 12 Stonnen an enger Friembetreiung musse sinn, Kanner, déi villäicht den Dag, 8 Minuten Zouwennung kréien. Neen, kee Wuert ass gefall, wéi et deene Kanner geet, wéi et den Elteren dobäi geet an dass et effektiv héich Zäit gëtt, dass eppes am Sënn vun de Kanner gemaach gëtt.

D’Conclusioun war du just, dass di 2 Commissiounen, – Educatioun a Famill – den 18, Abrëll zesummekommen an dann Zuelen sollen virleeën.

Et gëtt héich Zäit“, sot den Här Martiny eis. Héich Zäit, dass d’Elteren endlech de reelle Choix hunn, héich Zäit, dass eis Kanner déi Mënschen, déi se am meeschte brauchen, och am Alldag ëm sech hunn. Héich Zäit, dass se e « staarkt Encadrement kréien. »

Isabelle Schmit-Mines

28.03.2023

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *