Frëndschaft

Et war e Skandal a Frankräich: d’Schüler, déi hire Bac gemaach hunn, hunn sech ogpereegt, iwwer dee franséischen Text, deen se z’analyséieren haten: et wor en Text aus dem Buch « Jours de colère » vun der Schrëftstellerin Sylvie Germain. E wär ze schwéier gewiescht, si hätten vill Wierder einfach net verstaanen waren hir Reprochen.

Op de Sozialen Medien ass et du lass gaangen: mat Frechheeten ass d’Sylvie Germain bombardéiert ginn, si krut suguer Morddrohungen. Wéisou konnt et souwäit kommen? 

« On n’élabore pas grand-chose intellectuellement quand on a une mauvaise maîtrise de sa langue, de sa structure et de son vocabulaire. C’est précisément cette carence qui a mis certains élèves en échec, et du coup en colère, dans une réaction infantile.» seet se.

Kéint et sinn, dass den Akzent ze vill op Mathematik, op Sciencen geluecht gëtt, sou dass d’Sproochen keng Plaz méi hunn? Wéi formuléiert een Emotiounen, wéi léiert een abstrakt denken, wéi léiert een sech auszedrécken, sech nuancéiert auszedrécken, wa keng Wierder do sinn? Dat erklärt firwat mat frechen Commentairen jongléiert gëtt.

Et ass e bekanntent Phänomen, dass de Niveau an eise Schoulen erofgeet. A mir kucken einfach no? Wat sinn d’Ursaachen?

Sinn d’Schoulmeeschteren, d’Proffen ze vill mat administrativen Aarbechten geplot, dass se keng Zäit méi fir hir Schüler hunn? Oder, ass d’Aart a Weis wéi enseignéiert gëtt, almoudesch? Misst eng aner Manéier kommen, wou d’Kanner selwer, méi investéiert sinn am Léierprozess?

Ass dem Educatiounsminister seng Iddi, dass Hausaufgaben an der Maison Relais solle gemaach ginn, d’Rettung?

Oder, sinn di Jugendlech ze vill mat hirem Smartphone beschäftegt, dass alles anescht, wat Denken, wat mënschlech Relatioune sinn, och keng Plaz méi hunn?

Oder, sinn och d’Kanner, sou wéi hir Elteren, am Dauerstress, vill ënnerwee, an och doduerger keng Konzentratioun hunn?

Vun den Elteren gëtt verlaangt, dass se esou vill musse schaffen fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Dass hir Kanner awer doduerger villes matmaachen, wat hinnen net gutt deet, gëtt einfach ignoréiert. An, et kënnt nach ëmmer méi Nervositéit dobäi.

Firwat dat permanent Gepléischters vu gratis Mëttegiessen an der Maison Relais, Hausaufgebenhëllef an der Maison Relais? Firwat net endlech zouginn, dass et och nach Eltere ginn, déi sech gäeren ëm hir Kanner géifen méi këmmeren, hinne Mëttes kachen an hinnen bei den Hausaufgaben behëllflech kéinte sinn? Et ass jo normal, dass wann d’Kanner léieren, se jo net alles kënne verstoen, wat vun hinne verlaangt gëtt. An duerfir ass et am einfachsten si hu Mënschen ronderëm sech, an déi se Vertrauen hunn.

All Elteren hunn et verdéngt, dass eng Regierung hinnen entgéint kënnt. Firwat kënnt de Staat net och deenen Elteren entgéint, déi sech méi fir hir Kannerwëllen investéieren? Firwat ginn d’Dageselteren, wou Kanner a klenge Gruppe sinn, net besser ënenrstëtzt? Wéi ass et méiglech, dass nëmmen di grouss Strukturen gefërdert ginn, obwuel genee gewosst ass, dass vill Kanner, de Kaméidi an di Nervositéit net gutt verdroen?

Wat fir eng Generatiounen zille mer, wa mer einfach nokucken an et drop ukomme loossen? Ouni Visioun fir hir Zukunft, ouni sech d’Froen ze stellen, wat konkret muss geschéien, dass aus de Kanner vun haut, Mënschen ginn, déi eng Gesellschaft kënnen zesummenhalen?

Och mar, wëlle mer, Mënschen, déi intelligent sinn, mat deenen ee ka schwätzen. An och Mënschen, déi Manéieren hunn, Mënschen, déi nach kënne nolauschteren, Mënschen, déi Empathie hunn.

A fir op de Fall vu Frankräich zeréck ze kommen, gesi mer, wéi wichteg et ass, di richteg Wierder ze hunn fir mat de Mënschen gutt zu kommuniquéieren. Sou léiert een jo och eigentlech Villes ouni vill Ustrengung, wann een z.B. vun engem gudde Roman gefesselt ass. An do ass fir jiddereen eppes dobäi. Abenteuer, Liebesroman, Biographien, asw. D’Vakanz ass jo do eng ideal Zäit.

Mir wënschen iech all, eng ganz schéi Vakanz, eng Vakanz, déi och esou wichteg ass fir Frëndschaften ze pflegen, ze schwätzen, z’échangéieren. « En neurologie on sait qu’un cerveau seul s’éteint. Un cerveau a besoin d’un autre pour être éveillé. » (Dr Boris Cyrulnik, neuropsychiatre)

Isabelle Schmit-Mines

14.07.2022

Liest och:

« Soll kee méi doheem sinn?“ Reflexiounen nom Jules Clement senger Petitioun https://www.famill.lu/?p=3222

E Schlag an d’Gesiicht“ vum Jules Clement https://www.famill.lu/?p=3219

Une pensée sur “Et huet ee keng Wierder!”

  1. Et ass nach Hoffnung: do ech kennen e Meedchen vun 12 Joer, dat dee ganze Cycle wonnerbar gepackt huet. Hatt ass, wéi ee seet, eng Leseratte. Säi Papp sot mer dëslescht, dass et duerch d’Liese war, wou hien och e gudde Vocabulaire huet. De gudde Vocabulaire an d’Orthographie hunn him a sengem Beruff an och perséinlech vill gehollef. Well, wéi e seet, et weess een ni, wéini een an sengem Liewen an d’Situatioun kënnt wou ee muss Bréiwer schreiwen, déi propper an verständlech sinn.

Répondre à Marie-Claude Lanners Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *