De Congé parental existéiert zënter 1999 a Lëtzebuerg an huet d’Zil, d’Familljeliewen an d’Ausféierung vum Beruff ze verbannen, d’Gläichstellung tëschent Mann a Fra ze favoriséieren souwéi d’Lutte géint de Chômage. 2016 gouf de Congé parental reforméiert an erméiglecht den Elteren eng méi flexibel Opdeelung vun der Zäit an erliichtert d’Viraussetzungen fir de Congé ze kréien. Eng vum Ministère de la Famille publizéiert Studie huet erginn, dass d’Zuel vu Mammen, di tëschent 1999 an 2018 de Congé geholl hunn, vun 1.343 op 4.875 erop gaangen ass, bei de Pappen souguer vun 90 op 4.721. D’Reform huet sech besonnesch positiv op den Taux vun de Pappen, déi Congé an Usproch geholl hunn, ausgewierkt a vermierkt eng Hausse vun 216%.

Den Duerchschnëttswäert vum Congé parental an den OECD-Länner läit bei 54,4 Wochen. A Schweden kann ee 16 Méint, an Däitschland souguer bis zu dräi Joer Congé ufroen. A Lëtzebuerg läit d’Grenz beim Congé plein temps bei sechs Méint, also 26 Wochen. Dëst ka sech allerdéngs als problematesch erweisen. Dat zum Beispill bei enger Famill monoparentale, am Fall, wou eng Mamm oder e Papp no de sechs Méint Congé rëm schaffe geet an d’Kand an eng Betreiungsstruktur muss. D’Betreiungsstruktur fir e Kand, wat nach kee Joer huet, kascht nämlech de vollen Tarif, réischt ab engem Joer huet een Usproch op 20 gratis Stonnen. Bei enger Famill monoparentale besteet awer oft net d’Méiglechkeet, déi Zäit bis zum 1. Gebuertsdag mat engem zweete Congé ze iwwerbrécken, an sou muss d’Kand mat néng Méint betreit ginn – zum vollen Tarif.

D’Gehier vun engem Kand befënnt sech am éischte Liewensjoer an engem besonnesche Léierprozess, dee staark vu senger Ëmwelt an den domat verbonnenen Erfarunge bestëmmt gëtt. Studien weisen, dass d’Nieren an intensiven Haut- souwéi Bléckkontakt mat Bezuchspersounen neuronal Verbindungen stäerken an sou dem Kand seng Entwécklung vum Gehier positiv ënnerstëtzen. Dat weist eis den aktuellen Stand vun der Wëssenschaft. Mee wat heescht dat fir den Alldag vun engem Kand a senger Famill? A wat bedeit et fir d’mental Gesondheet vun enger Mamm, néng Méint no der Gebuert rëm schaffen ze goen? Amerikanesch Studien hu gewisen, dass de Risk fir eng Depressioun bei Fraen, di nëmmen e puer Méint no der Gebuert rëm schaffe gaange sinn, 22% méi héich war wéi bei Fraen, di e längeren Zäitraum Congé geholl hunn. Dëst huet och zu enger besserer mentaler Gesondheet vun der Mamm gefouert an huet d’Dauer vun der Nierzäit verlängert. De Congé wierkt sech domat och positiv op d’psychesch a physesch Gesondheet vun de Kanner am éischte Liewensjoer aus. Eng vun der OECD publizéiert Studie konnt feststellen, dass et fir e Kand tëschent sechs an 12 Méint méi negativ wéi positiv Auswierkungen hat, wa seng Mamm rëm ugefaangen huet mat schaffen.

Amerikanesch Studie weisen och, dass de Congé keng negativ Effekter op d’Entreprisen huet, well Fluktuatioune vun de Mataarbechter verréngert ginn, wat an der Reegel mat héiche Käschte verbonnen ass. Laut der Studie fänken rëm 80% vun de Fraen nom Congé am selwechte Betrib u mat schaffen. Google confirméiert dëse Fakt: Nodeems se e Congé vu fënnef Méint agefouert hunn, ass den Taux u Fluktuatiounen ëm 50% erofgaangen. Manner Fluktuatiounen bedeit nämlech och manner Käschte fir Virstellungsgespréicher an d’Sich no neie Mataarbechter zum Beispill. D’Käschten, déi domat op de Staat zoukomme, si marginal am Verglach zum Notzen fir d’Famill.

Wann eng Fra e Kand kritt, fungéieren se déi éischt puer Liewenswochen an enger Form vu Symbios. De Bëbee gesäit sech als eent mat der Mamm. Den déiwen an enke Lien verstäerkt sech an den éischte Liewenswochen a Méint an hëlleft dem Kand, sech weider ze entwéckelen a baut sou en Urvertrauen op, wat d’Basis vun all spéider Relatioun ass. Bei Kierperkontakt schëdden d’Mamm souwéi d’Kand Gléckshormoner aus, di iwwerliewenswichteg sinn. Dobäi kënnt, dass vill Mammen hiert Kand mat néng Méint nach nieren, wat de Start an d’Aarbechtswelt erschwéiert. Net all Aarbechtsplaz bitt adequat Méiglechkeeten fir d’Mammen, ofzepompelen, an net seele mussen d’Mammen dëst an hirer Mëttegpaus op der Toilett maachen. Och fir d’Kanner bedeit dëst eng grouss Verännerung, well se deelweis net gewinnt sinn, aus dem Biberon ze drénken a mat néng Méint awer nach haaptsächlech vu Mëllech ernäert ginn. Ausserdeem gi Kanner an deem Alter nach e puer Mol an der Nuecht waakreg, well se Iessen an Zouwendung brauchen. D’Duebelbelaaschtung vu Beruff a Famill gëtt nach ëmmer haaptsächlech vun der Fra gedroen. Dëst erschwéiert de Start an d’Beruffswelt ëmsou méi. Dorënner leit d’kierperlech an d’mental Gesondheet vun der Mamm respektiv dem Kand. Aus deene Grënn ass d’Petitioun Nr. 2332 entstanen, déi um Site vun der Chambre (www.petitiounen.lu) kann ënnerschriwwe ginn-

Ech schwätze mech dofir aus, de Congé plein temps vu sechs op néng Méint ze erweideren. Sou kéint d’Kand problemlos bis zum éischte Liewensjoer geniert ginn, wat d’WHO bis zum zweete Liewensjoer recommandéiert. Ausserdeem erméiglecht et den Elteren, dat éischt Joer zesumme mat hirem Kand sou ze gestalten, wéi et fir si an hier Familljesituatioun passt. Wat si schonn dräi Méint op eng ganz Liewenszäit, déi ee schaffe geet? Fir e Bëbee mat néng Méint ass et alles.

Als Ofschloss léinen ech mer d’Wierder vun engem aussergewéinlech inspiréierende Mënsch, dem Steve Jobs: „The most precious thing that we all have with us is time.“ Also loosst eis déi eemoleg Zäit mat eise Kanner méi laang genéissen.

Michèle Senninger

08.06.2022

Hei de Lien zu der Petitioun: „Congé parental von 9 Monaten“: https://www.petitiounen.lu/petition/2332?no_cache=1&cHash=e0aaa03baa955efb60bdbbee008709dc

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *