Nächste Sonndeg feiere mer Mammendag. Eng schéin Geleeënheet sech nees intensiv bewosst ze ginn, wat de Wäert vun enger Mamm ass.

Mir droen all e Bild an eis, e Bild vun enger Mamm, déi hiert Kand mat Léift an Zärtlechkeet begleet.

Mä dat Bild huet oft Schied, Schied, déi eng Gesellschaft mat sech bréngt, déi de Rôle vun der Mamm oft ënnerdéckt, eng Gesellschaft, déi sech net genuch Gedanken driwwer mécht, dass grad de Rôle vun enger Mamm, ee vun deenen wichtegsten ass – fir all eenzelt Kand, a schlussendlech, fri eist gesond Zesummeliewen.

Duerch all Kulturen ass de Wäert vun enger Mamm ëmmer ganz héich geschriwwen.

Mamma“: dat éischt Wuert, dat Puppelcher, gewéinlech soen. „Mamma“, war dat éischt, wat meng Bridder an ech geruff hunn wa mer aus der Schoul komm sinn. „Mamma“ war dat éischt, wat eis Kanner geruff hunn wann si aus der Schoul komm sinn.

Mä, de Moment gëtt eppes encouragéiert, wat nach ni do war. D’Mamme solle schaffe goen, och wann se Kanner hunn – war der Regierung hire Leitmotiv vun Ufank un.

Mee wat bedeit dat, fir den Alldag vun enger Mamm?

Fir vill Mammen bedeit et Stress an nach eemol Stress, besonnech wann se mussen an engem onnëtzen Stau stoen.

Et bedeit, deem Gefill net lass ze ginn, dass een net genuch do ass.

Et bedeit, dass een, suguer zu zwee muss schaffe goen fir iwwerhaapt eppes ze hunn an trotzdem muss fäerten, dass et eng Kéier net duergeet – obwuel mer ëmmer gesot kritt hunn, et géif eis all lues a lues besser goen.

Et bedeit, an eng Schinn gedriwwen ze ginn, obwuel et géint seng eegen Natur geet.

Sou kann een all Mamm verstoen – di eng , déi gäer hire Beruff huet, an sech sou gutt et geet arrangéiert, dass et hire Kanner gutt geet.

Eng aner Mamm, géif léiwer hallef Deeg schafft, well se esou e gesonden Augläich wëll fannen.

An enger aner, déi einfach gäeren doheem ass, mat hire Kanner, sech kreativ kann betätegen an dee ganze Stress, dee ganzen Drock net wëll matmaachen.

All Mamm soll kënnen de Choix hunn, all Mamm soll selwecht ënnerstëtzt ginn. Well fir all Mamm, bleift, Mamm sinn, di wichtegst Aufgab an jiddereen soll kënne fräi decidéieren, wéi se déi Aufgab bewältegt.

Mä da mussen d’Conditiounen stëmmen – an dat ass de Moment net de Fall.

Mammendag – dee besonnechen Dag fir all Mamm, dass se weess, wéi wichteg hir Aufgab ass.

Mammendag – deen Dag, eise Mammen Merci ze soen, fir dat wat se maachen, fir dat wat se gemaach hunn, wann se schonn an enger anerer Dimensioun sinn.

Eis Mamm: dat Bild, dat mer eis ganzt Liewen an eis droen.

Mir wënschen all de Mammen e schéine Mammendag!

Isabelle Schmit-Mines

08.06.2022

Liest och:

De Lieserbréif vum Michèle Senninger: „Meng Zäit, Deng Zäit, eis Zäit“

De Lieserbréif vum Dorothée Muller-Mathieu: „Wéini schafft d’Regierung emol fir di jonk Familljen?“

Kuckt de Video

mat der Analyse vum Dr Romain Blum iwwer d’Impfpflicht

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *