An alt rëm muss ech soen, dass et e Schlag an d’Gesiicht ass, fir déi Leit déi selwer no hire Kanner kucken an hinnen eppes kachen an domat eise Betreiungssystem entlaaschten!

Op mannst hunn déi Elteren d’Gewëssheet, dass si hire Kanner eppes Guddes doen, wann sie d’Erzéiung vun hire Kanner net komplett aus der Hand ginn!

De Minister kann sech net einfach hannendrun verstoppen, dass finanziell Hëllefe fir Familljen déi hir Kanner doheem erzéien, net zu sengem Ressort géife gehéieren, dann fuerderen ech heen op, dat un den zoustännege Minister weiderzeleeden!

Ech wier frou wann jiddereen, deen menger Meenung ass, dëse Bäitrag (mat mengem Text) géing deelen, well et kann eis net egal sinn wann et ëm eis Kanner geet!

Jules Clement

06. Mee 2022

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *