Bis de 7. Mee kënn Der an Ärer Gemeng ënnerschreiwen, dass e Referendum iwwer di Nei Verfassung soll stattfannen. Firwat ass et esou wichteg ?

Wat eis hei, als Elteren interesséiert, sinn e puer Paragraphen, déi en Agrëff fir d’Elteren a fir d’Kanner kënne bedeiten.

Dat éischt ass emol, dass d’Elteren guer net an der Neier Constitutioun ernimmt ginn: wa mer näischt ënnerhuelen, dann existéieren Papp, Mamm, Elteren, emol net méi. Sou sollt et da stoe kommen: « L’État veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et son développement. » Kee Wuert, dass d’Elteren, di éischt Erzéier vun hire Kanner sinn.

Huet de Staat da méi ze soen wéi d’Elterem? Weess de Staat besser, wat d’Kand brauch? Wann weder Mamm nach Papp an der Constitutioun ernimmt ginn, heescht, dass de Staat kann iwwer d’Kanner decidéieren an d’Elteren sech op näischt kënne referéieren, wat se schützt. Si hunn einfach keng Rechter!

Da soll et heeschen: « L’État respecte la vie familiale » amplaz vum Saz: « L’Etat garantit les droits naturels de de la personne humaine et de la famille. » Et ass en enormen Ënnerscheed tëschent « l’État veille » an « l‘État garantit ». « L’Etat garantit » heescht, dass mer eis kënnen drop verloossen, dass och wierklech alles dru gesat gëtt fir dem Kand, fir dem Familljeliewen, dat Allerbescht ze erméiglechen. Hunn d’Elteren dann nach iwwerhaapt e Wiertchen mat ze schwätzen? Ginn se iwwerhaapt nach gefrot, wann de Staat eppes wëll eppes duerchféieren, wat z.B., d’Betreiung oder d’Gesondheet ugeet ?

Da liese mer, dass de Léon Gloden am Débat iwwer d’Constitiuoun seet: „E Kand ass keen Objet, et ass keng Wuer. Et ass keen Objet de droit, et ass e Sujet de droit.“ Jo, e Kand ass eng vollwäerteg Persoun, a säi Wuelbefannen muss ëmmer prioritär sinn. Feelt da net an deem Text, dass och all Moyene virgesi sinn, fir dem Kand säi Wuelbefannen z’ënnerstëtzen, säi Rhythmus ze respektéieren, asw.

Ass et net och eng Kontradiktioun mat deem Punkt: « Tout le monde a le droit de fonder une famille »? Konkret gesot, een deen sech e Kand wënscht kann sech dann eent bestellen bei enger Leihmutter. Dat geet jo dann ganz einfach. Gëtt do d’Kand net wéi en Objet behandelt? Gëtt di Fra, déi hire Kierper zur Verfügung stellt, net wéi en Objet behandelt? Et ass jo dann och gewosst, dass d’Kand net weess vu wou et hir kënnt. Well fréier oder spéider stellt et sech déi Fro. Ass et dann mat der Äntwert zefridden?

Natierlech, wann eng Persoun eleng, wëll e Kand bei sech huelen, wat keng Elteren huet a soss ze vill onglécklech wär, kéint een där Persoun jo entgéint kommen. Mä ass dat de Sujet?

Dann ass nach eppes, wat ee ka stutzeg maachen, dat ass,  « L’État s’engage à lutter contre le dérèglement climatique et à oeuvrer en faveur de la neutralité climatique »: eis Ëmwelt, eise schéine Planet solle geschützt ginn, do si mer eis eens. Mee, dëse Saz kann och esou gedréint ginn, dass eis Aktivitéiten nach just dem Critère vum Klima mussen entspriechen. Dann däerfen z.B., d’Grousselteren hir Kanner net méi besiche goen, dann däerfe mer keng Famill, keng Frënn méi gesinn, well mer dann eventuell ze vill mam Auto ënnerwee sinn. Dat kann esou gedréint ginn, dass dat net essentiell ass.

Eise Klima ënnerstëtzte mer och, wann mer de Kanner d’Schéinheet vun der Natur weisen, mat hinnen an de Bësch ginn, mat hinnen, e Gaart uleeën, suguer, wann een net vill Plaz huet, Geméis selwer séit a planzt. Da kënnt de Respekt virun der Natur vum selwen.

Mir däerfen de Mënsch net vergiessen!

Ënnerschreiwt an Ärer Gemeng. Well et steet villes um Spill.

Isabelle Schmit-Mines

26.04.2022


Liest och:

« Qui osera élever la voix? » vum Marie-Andrée Faber-Schanen

Luxemburg am Scheideweg vum Marie-Andrée Faber-Schanen

Une pensée sur “Wat huet de Referendum mat de Kanner ze dinn?”

  1. Eis Kanner sinn dat Wäertvollst wat mer hunn a mir mussen hir Rechter, an eis Rechter als Elteren, onbedéngt verdeedegen. Deemno wat fir eng Regierung eng Kéier un d’Rudder kënnt, riskéieren d’Elteren machtlos ze sinn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *