Zäit hunn…

Verschidde Gemengen, hunn dëse Mount, provisoresch Stroosseschëlter opgeriicht, mam Numm vu bedeitend Fraen. Do gesi mer dann am Dépliant vun der Gemeng Mamer: « … à célébrer pendant le mois de mars des femmes méritantes… ».

Sou fannen mer dann hei, Mère Teresa, Rosa Parks, Edith Piaf, Coco Chanel, asw. Et si Fraen, déi an d’Geschicht eraginn, et sinn och Fraen, déi konnten, hiert ganz Liewen, intensiv, dat maachen, hir Berufung konnten liewen.

Haut ginn et och Fraen, déi näischt léiwer gäeren hätten, wéi hir Berufung liewen, awer eis Gesellschaft erméiglechet hinnen et net: dat sinn Mammen déi gäer a ganz Mamm sinn, awer en anere Beruff musse maachen, fir iwwerhaapt kënnen ze liewen.

Ech kenne Mammen, déi 4 Kanner hunn, fir all Kand en Ouer hunn, hire Kanner hëllefen, hir Talenter ze developpéieren. Sinn déi Mammen net « méritantes »? Firwat sinn si net relevant? Ass eis Gesellschaft net um Holzwee, wann d’Politik alles dru setzt, fir dass keng Mamm méi ganz däerf doheem sinn?

Dass dee Programm, à la longue, de Mënschen net gutt deet, weist en Experiment, dat 1997 am Canada gemaach gouf.

De Gouvernement vum Québec hat d’Iddi, dass all Kand, vu klengem un an d’Friembetreiung soll goen. Et war gesuergt ginn, dass d’Kanner, eng héich qualitativ Betreiung géife kréien. Och de Salaire vun den Educatricen war méi wéi interessant, sou dass och genuch motivéiert Personal sech ëm d’Kanner gekëmmert huet. Sou konnten dann d’Elteren alle béid schaffe goen an hire Salaire géif jo dann och dem Staat Steieren erabréngen.

An där Etude sinn d’Kanner bis an de Jugendalter suivéiert ginn, mee d’Resultat war eendäiteg. D’Kanner, di Jugendlech waren oft krank, si haten méi Angscht, waren oft hyperaktiv, oft aggressiv. Di mënschlech Relatiounen hunn sech als schwiereg erwisen an d’Relatioun tëschent Elteren a Kanner ass lues a lues méi schlecht ginn oder war inexistent. Vill vun de Jugendlecher haten oft d’Flemm, waren am Allgemengen onzefridden. An och d’Mammen hu schlëmm drënner gelidden, a méi wéi eng Mamm ass an Depressioune gefall.

D’Experiment ass net méi widderholl ginn an de Staat Québec huet mussen agesinn, dass dee ganzen Opwand, se méi kascht huet wéi dat wat d’Steieren duerch d’Aarbecht vun de Mammen erabruecht hunn.

Et huet eigentlech bestätegt, wat d’Pediatren, d’Psychiateren, schonn esou laang soen: kleng Kanner sollen esou laang wéi méiglech, am beschten bis 3 Joer, bei hirer Mamm sinn oder nëmmen e puer Stonnen an enger Friembetreiung.

An do sinn eendäiteg d’Regierungen gefuerdert, endlech d’Mammen finanziell z’ënnerstëtzen. Mee, „Sachleeschtungen“ dat ass, de Leitmotiv vun der Regierung. „Sachleeschtungen“: dat ersetzt keng Mamm, dat ersetzt kee Papp, dat ersetzt keng Léift. Eng Regierung ass mat responsabel, wat mat de Kanner geschitt, wat mat eiser Gesellschaft geschitt, wann se net endlech anescht iwwer Kannerbetreiung denkt. De Mammen erméiglechen, eng Auszäit ze huelen, hinnen Elteregeld zur Verfügung stellen oder méi Méiglechkeete schaafen, fir mi-temps. Och eng Compensatioun ginn fir hir Pensioun. Wär et net och fir d’Patrone méi einfach: da wär och villäicht manner Absentéisme duerch Krankheeten?

Dauernd ginn Etude gemaach, wat dann nëmmen mat de Kanner, mat de Jugendlecher lass ass – an et wär dach esou einfach, endlech z’acceptéieren, dass d’Kanner, hir Mamm, hire Papp, regelmässeg brauchen. Dat ass net almoudesch, dat ass liewenswichteg fir d’Kanner, fir d’Elteren, fir eis Gesellschaft.

An dësem Mount, wou vun der Fra geschwat gëtt, däerfe mer d’Mammen net vergiessen. „Die Emanzipation der Frau ist nur dann zukunftsfähig, wenn sie nicht auf Kosten der Mütterlichkeit geht, sondern wenn sie diese mit einbezieht. Mutter sein muss gesellschaftlich genauso anerkannt werden wie jede andere gesellschaftliche Arbeit.“ (Hanne K. Goetze: „Kinder brauchen Mütter“ – Ares Verlag)*

Isabelle Schmit-Mines

10.03.2022

——————————————————————————————————————–

Liest och:

Es gibt kein Recht auf die Tötung unschuldiger Menschen

vum André Grosbusch

Wéini schafft de Staat mol endlech fir d’Wuel vu jonke Familljen? 

vum Dorothée Müller-Mathieu

——————————————————————————-

Agenda

Journées Portes Ouvertes „La Vie Naissante“, les 25 et 26 mars

Une pensée sur “Frae-Rechter / Mamme-Rechter?”

  1. Dat ass wouer, et ginn Experten geruff fir z’analyséieren, wat mat de Kanner lass ass. Mee, et brauch ee kee groussen Expert ze sinn, fir ze wëssen, dass wann d’Kanner keen Doheem hunn, keen Halt hunn, gamz liicht op kromm Weeër kënne kommen. Mee, et huet een d’Impressioun, dat géif awer eigentlech keen richteg interesseéieren, wéinstens d’Parteien net, ausser, d’ADR, déi den Elteren konkret wëllen hëllefen, wann se méi fir hir Kanner wëllen do sinn.

Répondre à Noémie Weis Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *