..

Wéi laang nach musse mer d’Kanner vertréischten, mat Wierder, wéi „Geschwënn geet et besser!“?

Wéi laang nach mussen d’Kanner waarden, bis se sech nees richteg kënne freeën, ouni brauchen ze fäerten, dass hinnen nees e Stréch duerch d’Rechnung gemaach gëtt?

Wéi laang nach mussen se waarden, bis se nees fräi kënnen ootmen?

Wéi laang nach mussen se waarden, bis dass se net méi ënner dem Drock leiden mussen?

Wéi laang musse mer waarden, bis dass den Débat, deen an der Chamber, den 12. Januar stattfonnt hat, och hei am Land debattéiert gëtt?

Ëmmerhin hat d’Petitioun „Non au vaccin obligatoire, 11.456 Stëmmen zesummekritt.

Ëmmerhin hat d’Petitioun « Stop aux vaccins de type thérapie génétique (COVID-19) à nos enfants », 4.674 Stëmmen kritt.

An d’Petitionairen haten jo och net iergendeen invitéiert, mee 3 eminent Wëssenschaftler, déi sech intensiv mat der Problematik auserneegesat hunn, international, héich respektéiert ginn, vill Schrëften erausginn hunn a vill Auszeechnungen: den Nobelpräisträger Prof. Luc Montagnier*, d’Dr Alexandra Henrion-Caude an den Prof Dr Christian Perronne.

Wien den Débat suivéiert hat, hat seng eege Meenung, a jiddereen soll kënne fir sech selwer decidéieren. Wat eis hei interesséiert, dat betrëfft d’Kanner.

Kee Mënsch, kann elo, am Viraus wëssen, am Viraus soen, wéi eng Repercussiounen dee neie Produit op de Mënsch wäert an e puer Joer hunn, a scho guer net op d’Kanner. Et kënnen auto-immun Krankheeten entstoen, Kriibs, Paralysie, Sterilitéit, asw. Den David Georgiu (Pétitionaire) sot: « Ces injections pourraient modifier nos gènes. Les enfants en bonne santé courent un faible risque du Covid ».

D’Kanner hunn e gudden Immunsystem, si gi schonn mam Virus eens. Hinnen, e neie Produit ze ginn, deen nach net genuch erfuerscht ass, deen nach an enger Testphas ass, ass e Risiko.

Dat Bescht, wat mer kënnen fir eis Kanner maachen, ass, hiren natierlechen Immunsystem ze stäerken: duerch Beweegung, frësch Loft, Vitamin C, Vitamin D. An, dee wichtege Faktor, dass se Freed hunn, dass se déi Mënschen gesinn, mat deenen se frou sinn – Léift stäerkt den Immunsystem. Elengsinn mécht e futti.

Wa mer soss esou viirsechteg mat eise Kanner sinn – mir ginn hinnen jo och net egal wat z’iessen oder ze drénken – ass et dann net enorm wichteg, opzepassen wann et ëm eng Substanz geet, déi hinnen agesprëtzt gëtt?

Den Prof Perronne huet et gesot: « On est toujours en phase 3 expérimentale ».

En huet och nach an senger Interventioun op den Nürenberger Kodex higewisen: den Nürnberger Kodex, deen 1947 op d’Bee gesat gouf, seet eendäiteg dat hei: „Die freiwillige Zustimmung der Versuchsperson ist unbedingt erforderlich. Das heißt, dass die betreffende Person im juristischen Sinne fähig sein muss, ihre Einwilligung zu geben; dass sie in der Lage sein muss, unbeeinflusst durch Gewalt, Betrug, List, Druck, Vortäuschung oder irgendeine andere Form der Überredung oder des Zwanges, von ihrem Urteilsvermögen Gebrauch zu machen; dass sie das betreffende Gebiet in seinen Einzelheiten hinreichend kennen und verstehen muss, um eine verständige und informierte Entscheidung treffen zu können….“

Spuenien, England, Schweden, Dänemark, Schottland, Florida, etc hunn elo alles opgemaach, schwätzen net méi vun Masken, vun Injectiounen, asw.

Wéi laang musse mir da nach waarden, bis dass de Mënsch nees däerf Mënsch sinn? Bis dass d’Kanner nees däerfe Kanner sinn?

Isabelle Schmit-Mines

10.02.2022

* Leider ass den Prof Dr Luc Montagnier, den 8. Februar gestuerwen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *