« La santé est un état de complet bien-être physique, mental et social, et ne consiste pas seulement en une absence de maladie ou d’infirmité. », sou definéiert et d’OMS.

A wat kréie mer, wat kréien eis Kanner dann awer eigentlech di lescht 2 Joer gesot? Mir ginn gemooss opgrond vun deem Virus. An d’Wuelbefannen, wéi een sech bannendra spiert? Frënn hunn, mat deenen een sech kann austauschen, Hobbien hunn, Sport maachen, e Muséksinstrument spillen, je, di parascolaire Aktivitéiten, déi de Kanner e gesonden Ausgläich ginn zur Schoul, ginn hinne schwéier gemaach. Ëmmer nees nei Contrainten, Masken, déi d’Ootmen erschwéieren, an zu gudder Lescht, e positiven Test oder e Kontakt mat enger Persoun, déi positiv ass – a schonn sinn d’Aktivitéiten gebremst. Wat eng Belaaschtung fir d’Kanner. Wéi vill Frustratioun. Wéi vill Tréinen. Wéi vill Roserei all di Entbierungen mat sech bréngen!

Ass et normal, dass se esou vill getest ginn, och wann se net krank sinn, keng Symptomer hunn ? Ass et normal, dass se esou vill getest ginn, obwuel gewosst ass, dass, d’Tester net weisen op ee krank ass, oder op de Virus weidergeet. Testen op de Covid, testen op den Omicron. Soll dat ëmmer an éiweg esou weider goen? Zu wat fir engem Zweck? « Ça n’a pas de sens de faire des centaines et des milliers de tests par jour. Il faut arrrêter de compter, plus on cherche plus on trouve et plus on panique. Ce n’est pas parce qu’on est positif qu’on est nécessairement malade. Arrêtons de faire paniquer les gens. Omicron est plus contagieux mais moins sévère », seet den Dr Gérald Kierzek (Europe 1, 20. Januar 2022) .

An an där Zäit, wou d’Kanner dauernd getest ginn, wou se mat Masken mussse ronderëm laafen, gëtt net geschwat, wéi et hinnen da psychologesch geet. Neen, eis Kanner spieren sech ageschränkt, liewen an enger permanenter Onsécherheet, an enger permanenter Angscht. Eng Angscht, déi an Depressoun oder Roserei kann ëmschloen an hiert deeglecht Liewen prägt.

Mir mussen eis net wonneren, wann och bei hinnen, eng Kéier d’Faass iwwerleeft. Wéi vill Frustratioun, Aggressivitéit, sinn an deenen 2 Joer gestaut ginn, well se esou villes hu mussen astiechen. Mir hunn et fäerdegbruecht, dass Kanner a Jugendlecher u Suicide denken a vill scho probéiert hunn, et ze maachen. Esou baut ee keng Geselschaft op. Wéi wëlle mer de Kanner Vertrauen an d’Zukunft ginn, wa keen do ass, deen hinnen Perspektive gëtt, wann alles sech nëmmen ëm een eenzege Sujet dréint, wou ni eng positiv Ausso kënnt, ni en Duerchbroch, ni eppes, wou se sech kënnten op hir Zukunft freeën a Perspektiven hunn. Et geet elo duer. All Dag héiere mer, dass Länner d’Mesuren ophiewen. Firwat da net mir ?

Wëlle mer schwaach Kanner fir d’Zukunft? Wëlle mer süchteg Kanner, well se ze vill eleng mat Smartphone beschäftegt waren, net vill Beweegung haten, mat hirem Muséksinstrument hannendran hänken well se hir Stonnen net regelmässeg konnten besichen, well se nees a Quarantaine waren, asw.

Wëlle mer Kanner, déi, well se näischt méi wierklech kënnen erliewen, keen Interessi, keng nei Iddien hunn, well se net méi erauskommen?

E Kand huet Freed, e Kand huet Erliewnisdrang, e Kand huet Enteckungsdrang, e Kand muss sech fräi spieren. An dat alles kruten se di 2 lecht Joeren ewechgeholl. Et ass genuch verlaangt ginn vun hinnen. Eng Regierung muss och no deene Jéngsten kucken, no deene Vulnerabelsten, déi sech net kënenn verdeedegen.

Denkt un hiert Liewen, si kënne fir näischt, an si ginn hanneno responsabel gemaach, wann d’Gesellschaft vu mar net richteg fonktionéiert.

Vergiesse mer net dee Saz vun der OMS, deen alles ausseet. Et geet ëm eis Kanner, déi mer mussen protegéieren. « La santé est un état de complet bien-être physique, mental et social, et ne consiste pas seulement en une absence de maladie ou d’infirmité. »

Isabelle Schmit-Mines

02.02.2022

——————————————————————————————————————–

Liest och :

«  Kinder sind keine Lernautomaten » : de Lieserbréif vum Petra Stober :

Ënnerschreift och d’Petitioun : « Loftfilteren an alle Schoulen – Purificateurs d’air dans toutes les écoles – Luftfilter in allen Schulen“, fir dass d’Kanner besser ootme kënnen: https://www.petitiounen.lu/petition/2165?no_cache=1&cHash=f17a2631342a5a5ee229ea5668502243

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *