Vill ze séier geet di glécklech Zäit vum Elterecongé eriwwer.

Duerno mussen di meescht Elteren Vollzäit schaffen, fir den deiere Loyer ze bezuelen. Moies muss de Butz aus dem Schlof gerappt ginn, fir zu Zäit an der Crèche ze sinn. D’Kand kräischt an d’Elteren gi mat schlechtem Gewëssen op hir Aarbecht. Déi Butzen sinn bis zu 10 Stonnen vun hiren Elteren getrennt. Elteren hu Verspéidung, well se Moies an Owes am Stau stinn. Richteg stresseg gëtt et wann d’Kand krank ass.

Iwwerall an de Betriber gëtt mam Minimum u Leit geschafft. Elteren kréien vum Chef geroden, eng aner Léisung ze fannen, wéi fräi ze froen. De Week-end ass d’Zäit och knapp fir sech mam Kand ze beschäftegen. Hausaarbecht muss jo och gemaach ginn. Vun Harmonie a Gebuergenheet spiert d’Kand net méi vill, well d’Famill ass permanent gestresst.

Séier mierken Elteren, dass et net esou weider ka goen. Decidéiert dann een vun den Elteren, Hallefzäit ze schaffen, da mussen si an d’Grenzregioun vun de Nopeschlänner wunne goen. Do sinn si awer net Wëllkomm. Duerch e grousse Bedarf vun de Lëtzebuerger, ginn do och Wunnéngen fir déi Awunner knapp an deier. Geet et net duer, dass hiert gutt Fleegepersonal hei am Land schafft?

Esou ass kee Problem geléisst an et gëtt een dem Gefill net lass, dass d’Regierung, esou, den Nopeschlänner, eis hausgemaachte Problemer zouschouschtert. Da kann een nëmmen de Kapp rësellen, wann een Deel vun der Regierung op Wirtschaftsmissioun op Dubaï flitt…

Fir weiderhin de soziale Fridden am Land ze garantéieren, wier et héich Zäit, fir Problemer hei am Land ze behandelen.

Misst d’Regierung net e Gesetz stëmmen, wou e maximalen an soziale Präis pro qm Wunn fläch, je no Baujoer festgeluecht ass? Vill schéin al Haiser ginn ofgerappt fir grouss Appartementshaiser ze bauen. Do investéieren räich Leit hir Suen, fir se duerno iwwerdeiert ze verlounen. Deem Handelen kinnt d’Regierung och en Enn setzen!

Sinn jonk Familljen net d’Zukunft vum Land? Oder soll zu Lëtzebuerg nach just nom Wuel vun enger Elite gekuckt ginn?

An den 80er Joeren, do huet d’Famill, der Regierung nach eppes bedeit. Jonk Familljen hunn, je no Kanerzuel finanziell Ënnerstëtzung kritt. Esou konnten vill jonk Leit sech nach en Eegenheem leeschten. Mir haten e Premier, deen aus enger Aarbechterfamill komm ass a novollzéien konnt, wéi déi sech ploen an hëllefen, de Räichtum vum Land ze schaafen. Jonk Familljen, déi sech esou vun der Regierung a vun der Gesellschaft am Stach gelooss fillen, kënnen liicht Affer vun Verschwörungstheoretiker ginn.

Müller-Mathieu Dorothée

163, rue de Noertzange, L-3861 Schëffléng

Tel: 54 43 22

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *