« La famille est l’élément naturel et fondamental de la société »

Mënscherechter

No deene fuerchtbare Krischer, déi d’Mënschen matgemaach haten, déi d’Mënschen zerappt haten, ass dunn endlech eng Conventioun ënnerschriwwe ginn, wou festgehale gouf, dass de Mënsch an senger Dignitéit respektéiert soll ginn. Den 10. Dezember waren et 70 Joer, an, an alle Medien ass un deen Dag geduecht ginn, den Dag vun der « Déclaration universelle des droits de l’homme ».

Villes ass geschitt fir de Mënsch a mir kënnen eis glécklech fannen, an enger Géigend ze wunnen, wou mer eis Meenung kënne soen, wou d’Folter net méi existéiert, wou de Respekt meeschtens nach grouss geschriwwe gëtt – meeschtens.

Et sinn awer e puer Themen, wou d’Realitéit, net deem entprécht, wat an der Declaratioun steet. Meeschtens ass et esou, dass déi Mënschen, déi net betraff sinn, net mierken, dass eppes net esou applizéiert gëtt, wéi et misst sinn. Bei Themen, wéi de Respekt vis-à-vis vum Kand oder d’Famill, gesäit d’Wierklechkeet anescht aus.

An der Declaratioun steet: « La famille est l’élément naturel et fondamental de la société et a droit à la protection de la société et de l’État. » Wou ass « protection de la famille », wann eng Steierreform bevirsteet, déi d’Famill net méi als Ganzt gesäit, mee als eenzel Mënschen, déi fir sech selwer responsabel sinn? Eng Steierreform, déi also d’« imposition individuelle » virgesäit an net méi d’« imposition collective » ?

« La maternité et l’enfance ont droit à une aide et à une assistance spéciales. » « Aide et assistance spéciales » : also, ass schonn sous-entendu, dass d’Kandheet eng besonnesch Zäit ass, wou besonnesch muss opgepasst ginn, wat mam Kand geschitt. Mee bei eis, ginn d’Elteren encouragéiert hir kleng Kanner mat Zäit an eng Friembetreiung ze ginn. Wann d’ « Aide et assistance spéciales » eescht géife geholl ginn, da géif d’Individualitéit vun all Mamm, vun all Kand gekuckt ginn. Da géif gekuckt ginn, wat an engem prezisen Zäitpunkt dat Bescht fir si ass. Da géif all Mamm och finanziell ënnerstëtzt ginn, an net betruecht ginn als näischt Wäert, well se sech eng Auszäit fir hiert Kand wëll huelen.

Haut misste mer villäicht nach e Punkt dobäifügen : « Toute mère a le droit d’élever elle-même ses enfants ».

« Tout individu a droit à la vie, à la liberté et à la sûreté de sa personne.» Wann eng Fra, de Puppelchen, deen se dréit, an der Echographie gesäit, dann huet se keng Wierder, fir dat grousst Wonner vum Liewen z’erklären. Dat klengt Häerz wat scho klappt, di kleng Hännercher, di kleng Féisercher, déi sech bewegen – dat klengt Wiesen ass hire Puppelchen.

Ass de Puppelchen awer net esou erwënscht, gëtt nach just vun engem Koup Zellen geschwat. Ass dat net eng Contradictioun? Fraen, déi eng Kéier avortéiert hunn, ginn oft net gutt mat där Situatioun fäerdeg.

Lëtzebuerg hat och eng Kéier all di Punkten ënnerschriwwen, déi mer opgezielt hunn. Wat hu mer dann draus gemaach?

De « côté affectif » schéngt ëmmer méi u Wäert ze verléieren… „Sans amour on n’est rien du tout“ hat d’Edith Piaf eng Kéier gesongen. Wat ass soss dann nach de Sënn vum Liewen?

Isabelle Schmit-Mines

17.12.2018

Liest och:

Den Appel vun der „Vie naissante“

Dat stommt Leiden  vum Sarah Bock

Agenda

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *