D’Recht op Léift, Recht op Zäit

Et fällt op, dass eis Regierungen presséiert sinn, sou séier wéi méiglech, d’Mammen op den Aarbechtsmaart ze kréien – sou ginn d’Puppelcher, d’Kanner, och séier vun hirer Mamm, hirem Papp getrennt.

Geet et wierklech nëmmen drëms, d’Mammen op den Aarbechtsmaart ze kréien? Oder ass nach eppes anescht hannendrun? D’Kanner ouni Bindung, ouni Halt, ze schwächen? D’Kanner mat Zäit drun ze gewinnen sech mat Smartphone & Co ofzeginn, an näischt ze denken, alles z’acceptéieren? D’Regierungen wëssen bestëmmt och, wat d’Kanner brauchen fir sech gesond z’entwéckelen an awer, fueren se stur weider, eng Familljepolitik ze bedreiwen, déi grad d’Familljen schwächt.

Beispill Daïtschland, wou elo di nei Koalitioun steet: Sou schreift et d’Initiative „Verantwortung für die Famiie“: „Vorhaben der künftigen Familienpolitik“.
Wenn die im Koalitionsvertrag dargelegten Absichten auch so umgesetzt werden, wird  Familien für ihre Kinder künftig weniger gemeinsam verbrachte Zeit bleiben, denn es wird angestrebt, dass Eltern ihre Kinder früher und häufiger ganztägig zur Fremdbetreuung abgeben:
Wir streben eine höhere Erwerbsbeteiligung von Frauen an. Diesem Ziel dient unsere … Familienpolitik. », sou di zukünftig däitsch Regierung.

A wéi gesäit et bei eis aus? Wa mer näischt ënnerhuelen, da figuréieren d’Nimm Papp, Mamm, Elteren, emol net méi an der neier Verfassung. Sou sollt et da stoe kommen: 

« L’Etat veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et son développement. » Kee Wuert, dass d’Elteren, di éischt Erzéier vun hire Kanner sinn.

Mamm, Papp, Elteren sinn: senge Kanner Léift, Geburgenheet, Versteestemech ginn. Mamm, Papp, Elteren sinn: di schéinsten Aufgab, en Engagement, eng Missioun, och eng Verantwortung.

Wien war bis elo verantwortlech fir d’Kanner? D’Elteren natierlech! Mä, wat geschitt elo? Wien spiert sech dann nach verantwortlech? Wien ass nach verantwortlech? Wann d’Elteren net an der Verfassung figuréieren, ginn se hir Verantwortung, eigentlech of. An dat ass dramatesch, well da kann de Staat agräifen, wou e wëll.

Huet de Staat da méi ze soen wéi d’Elterem? Weess de Staat besser, wat d’Kand brauch? Wann weder Mamm nach Papp an der Constitutioun ernimmt ginn, heescht dass se sech op näischt kënnen referéieren, wat se schützt. Si hunn einfach keng Rechter!

Eng Verfassung ass geduecht fir eis Rechter ze verdeedegen, fir eis Rechter vis-à-vun enger ze staarker Muecht vum Staat. Eis Verfassung soll d’Kanner schützen, dass se si sech och wierklech an Harmonie kënnen developpéieren an Recht op hir Elteren behalen – natierlech sou laang do och keng Abusen geschéien.

Wéini gëtt endlech verstanen, dass di vill Problemer, déi d’Kanner an di Jugendlech haut hunn, ganz vill doduerger entstinn, dass di Kanner keen hunn, deen se wierklech begleet. Mä stuer gëtt weidergefuer… An all Kultur, an all Land, ginn d’Elteren héich respektéiert – firwat dann net méi hei? Wéi traureg, wann een sech seet, wat eng Mamm, wat e Papp, alles fir d’Kanner bedeiten. Wéi vill Mënschen, zouginn, dass, ouni hir Mamm, hire Papp, si, ni dat gi wären, wat se gi sinn.

Wéini gëtt dann endlech verstanen dass den Elteren hir Léift, hir Zouwennung, hir Präsenz, fir e Kand liewenswichteg sinn, an net en almoudeschen Passe-temps? Ech mengen, di wéinegst vun eis sinn domadden averstanen, dass di wichteg Nimm, wéi Papp, Mamm, Elteren, déi esou eng grouss Bedeitung hunn, einfach verschwannen.

D’Verfassung geet eis all eppes un. D’Verfassung soll eis Rechter schützen, eis Fräiheet. Mee, di Fräiheet ass elo a Gefor, d’Rechter vun den Elteren sinn elo a Gefor. Duerfir ass et onbedéngt wichteg, dass mer all an eis Gemeng ginn fir z’ënnerschreiwen, dass de Referendum iwwer eis Verfassung kënnt. Well soss ass et ze spéit an dann ginn d’Elteren emol wierklech net méi ernimmt!

Isabelle Schmit-Mines

29.11.2021


Liest och:

De Lieserbréif vum Chantal Schaul:Och Kanner brauchen Steiergerechtegkeet“

Petitioun:

D’Familles monoparentales sinn steierlech benodeelegt: si gi besteiert wéi Jonggesellen obwuel se Kanner hunn. Ënnerschreift och elo hir Petitioun:

« Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier! Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales!“

https://www.petitiounen.lu/petition/2107?no_cache=1&cHash=95636972ad715ea77955488ab985c7aa

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *