All Kand huet Léift an sech…

D’Kanner hunn eppes Wonnerbares mat op de Wee kritt: besonnesch wann se kleng sinn, fannen se gewéinlech eppes fir sech ze begeeschteren, ze laachen an sech op Klengechkeeten ze freeën. An mir Erwuessener, kënnen einfach net anescht wéi eis mat hinnen ze freeën.

Mee, wann se méi grouss ginn, geet di Begeeschterung net méi esou einfach, an da gesi mer se, flemsen, grübelen, nodenken, méi seriös ginn – jo, si mussen erwuesse ginn.

Dag fir Dag ginn se jo och mat Mënsche konfrontéiert, déi net ëmmer esou frëndlech sinn, Kanner, déi se op d’Säit drécken fir deen éischten ze sinn, Kanner, déi jalous sinn, asw. Si kréie jo och mat, dass an der Welt an am Liewen, net alles schéin ass.

Se opzemonteren an hinnen ëmmer nees neie Courage ze maachen an di richteg Wierder ze fannen ass heiansdo net ëmmer einfach. Fréier hu mer als Kanner gesot kritt: „Aner Kanner hunn dat an dat net, dofir muss Du elo zefridde sinn“. Dee Saz huet eigentlech nach ni fonktionéiert – an haut scho guer net.

Et gëtt awer eng Method, déi d’Wëssenschaft och lues a lues erfuerscht: an dat ass d’Gefill vun der Dankbarkeet. Schonn de Philosoph a Soziolog Georg Simmel hat 1908 gesot, …“dass Dankbarkeit das Bindemitttel unserer Gesellschaft sei“.

An eng Studie vun der „San Diego School of Medicine“ der „University of California“ huet erausfonnt, dass Mënschen, déi Dankbarkeet spieren, manner Häerzkrankheeten hunn an och e besseren Herzrhythmus.

D’Kanner ginn jo och geléiert „Merci“ ze soen, wann se eppes Materielles kréien.

Merci“ ze soen, am Alldag, fir aner schéin, erfréilech Erliefnisser, dat ass eng Iwwerleeung, déi an eiser materialistescher Zäit, oft vergiess gëtt.

Mä, mat hinnen, all Dag, z.B., Owes, e klenge Ritual ze maachen, wou se sech erënneren, wat se Schéines am Dag erlieft hunn, mécht se méi staark, méi zefridden, mat sech a mat der Welt. Dankbarkeet hëlleft eis en anere Bléck op eist Liewen ze kréien, hëlleft de Kanner, dass si och d’Evénementer anescht gesinn. Et kann een en Tagebuch aféieren oder kleng faarweg Ziedelcher – a mat der Zäit mierken se, dass se scho vill Schéines am Liewen erlieft hunn.

Dëse klenge Ritual bréngt hinnen mat der Zäit méi Rou, méi Zefriddenheet – e klengt Wuert mat engem groussen Plus fir jiddereen.

Isabelle Schmit-Mines

20.09.2021

——————————————————————————————————————–

AGENDA——————————

Une pensée sur “Nëmmen e klengt Wuert…”

  1. Ech sinn immens dankbar, dass ech kann hallef Deeg schaffen. Et sinn wonnerbar Momenter, déi ech mat menge Kanner verbréngen, mee mäi Beruff bréngt mer och Erfëllung. fir mech ass di Formule ideal.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *