An d’Onsécherheet geet weider… Haut brauche mer net vill Wierder ze verléieren, well mir invitéieren Iech, den excellenten Artikel vum Mario Dichter ze liesen: „Fanger ewech vun eise Kanner“.
Wat ass an deene leschten 30 Méint geschitt? Et ass eppes anescht, wat d’Mënschen och hautesdags zerstéiert: Di psychologesch Schied, déi d’Distanzéierung mat sech bruecht huet, d’Droen vun de Masken, e neie Produit, asw, bréngen d’Mënschen un d’Limit vun hire Kräften. Et ass den Elteren hiert Recht, sech z’informéieren iwwer e Produit, deen vill Froen opwerft.
Et ass hiert Recht, ze waarden, bis genuch Donneeën do sinn, fir de „pour an de contre“ ofzeweien. Mir wëssen net, wéi d’Konsequenzen à court et à long terme sinn – scho guer net bei eise Kanner.
Isabelle Schmt-Mines
14.09.2021
Hei de Lien zum Artikel: „Fanger ewech vun eise Kanner“:
https://nues-am-wand.lu/fanger-weg-vun-eise-kanner/
——————————————————————————————————————
Invitatioun vun der « Vie Naissante » :
„Mir si frou, Iech matdeelen ze kënnen, datt mir fir d’Vie Naissante en neie Logo an en neien Internetsite entwéckelt hunn. D’Adress bleiwt onverännert: www.vienaissante.lu .
Den Donneschdeg, 23. September um 18.30 Auer stelle mer Iech eis nei Identité visuelle am Bouneweeger Centre culturel vir. Duerno, géint 19 Auer, weise mer de vill diskutéierten amerikanesche Film „Unplanned“ (däitsch Versioun, 105 Minutten), mat uschléissender kuerzer Diskussioun.“
Liest och:
„Sinn elo d’Kanner un der Rei?“ https://www.famill.lu/?p=2543