Säït d’“Pandemie“ ugefaangen hat, sinn ëmmer nei Mesüren op eis zoukomm. Mesüren, déi oft mat Drock verbonne sinn.

Elo wësse mer jo, dass et den Drock vun der Impfung ass, an deen Drock kréien elo och eis Kanner ze spieren. Mee, och d’Elteren sinn schlecht drun, well se selwer oft net wëssen, wat dann elo richteg ass a wat net. D’Fro, déi vill Elteren sech stellen, ass ob se dann elo sollen hir Kanner géint de Corona impfe loossen oder net. Wann d’Kanner normalerweis géint den Tetanos, Kinderlähmung, Mumps, asw., geimpft sinn, hu mer et hei mat engem neien Procédé ze dinn.

D’Etuden vun där neier „Impfung“ sinn nach net ofgeschloss. D’Impfung ass nach ëmmer an enger Testphas. A kee Mënsch, kann elo, am Viraus wëssen, am Viraus soen, wat fir eng Repercussiounen di nei „Impfung“ op de Mënsch wäert an e puer Joer hunn, a scho guer net op d’Kanner. Et kënnen auto-immun Krankheeten entstoen, Kriibs, Paralysie, Sterilitéit, asw. Mä, dovunner gëtt an den „normalen“ Medien net geschwat.

Da muss een dat hei wëssen: den Nürnberger Kodex, deen 1947 op d’Bee gesat gouf gouf, seet eendäiteg dat hei: Die freiwillige Zustimmung der Versuchsperson ist unbedingt erforderlich. Das heißt, dass die betreffende Person im juristischen Sinne fähig sein muss, ihre Einwilligung zu geben; dass sie in der Lage sein muss, unbeeinflusst durch Gewalt, Betrug, List, Druck, Vortäuschung oder irgendeine andere Form der Überredung oder des Zwanges, von ihrem Urteilsvermögen Gebrauch zu machen; dass sie das betreffende Gebiet in seinen Einzelheiten hinreichend kennen und verstehen muss, um eine verständige und informierte Entscheidung treffen zu können….“ *

Gi mer genuch informéiert? An d’Kanner dann? Kënnen si iwwerhaapt eng Entscheedung huelen?

Wa mer soss esou viirsechteg mat eise Kanner sinn – mir ginn hinnen jo och net egal wat z’iessen oder ze drénken – ass et dann net enorm wichteg, opzepassen wann et ëm eng Substanz geet, déi hinnen an de Kierper gesprëtzt gëtt?

Och englesch Wëssenschaftler warnen virdrun, dass, Niewierkungen bei Kanner a Jugendlecher kënnen durch dee neien Vaccin entstoen, déi net ze ënnerschätzen sinn.**

D’Gefor vum Drock vun dobaussen ass present, de Mënsch wëll eben zu der Grupp gehéieren. Mee, wann ëm de Kanner hir Zukunft geet, ëm hir zukünfteg Gesondheet, da kann een sech jo Zäit huelen fir z’iwwerleeën…

Besonnesch bei de Kanner an de jonke Leit, gesäit een net onbedéngt eng Urgence. Si sinn net di vulnerabel Populatioun, si kréien emol e Schnapp, en Houscht, wann se de Virus kritt hunn.

Normalerweis hunn se e gudden Immunsystem – soss hätt d’Mënschheet et net esou laang gepackt! Wichteg ass eben duerfir ze suergen, dass d’Kanner e gudden Immunsystem hunn: Vitaminen, gesond Iessen, frësch Loft, Bewegung, Freed, dat brauchen se. Dat mécht se staark.

D‘Kanner ginn net duerch de Virus krank. D’Kanner stiechen net un. Dat sot och, Senta Depuydt, Präsidentin vun „Children‘s Health Defense Europe“ des Gründers Robert F. Kennedy Jr. , den 29. Mee, op der Demo zu Bréissel fir eis Fräiheet. Si huet an hirer Interventioun, et esou formuléiert: « Et maintenant ça suffit. Je m’adresse aux parents et en particulier aux mères, aux mères de famille, et aux parents. N’attendez pas que tout cela passe…. »

A wann een duerch de Virus krank ginn ass, da ginn och Medikamenter, déi hëllefen, z.B., den Ivermectine. E Medikament, wat schonn ville Patienten gehollef huet, mee dovunner gëtt ni geschwat…

Keen Experiment mat eise Kanner!

Isabelle Schmit-Mines

23.08.2021

*Nürnberger Kodex: https://dg-pflegewissenschaft.de/wp-content/uploads/2017/05/NuernbergKodex.pdf

** https://report24.news/brandenburg-deutsches-aerzte-netzwerk-impft-kleinkinder-gegen-covid-19/

———————————————————————————————————-

 Virtrag vum BIRGIT KELLE: „Noch normal? Das lässt sich gendern!“

Datum: Freides, 17. September 2021 um 19 Auer

Address: Cité Cercle, Place d’Armes, Luxembourg

Begréissung : um 18:30 Auer

Weider Informatiounen

© Kerstin Pukall, Hamburg

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *