Ech wëll awer mat menge Kanner kënnen 2-3 pro Joer an d’Vakanz

Dat ass jo e Choix deen ee maache kann, wann ee gutt verdéngt. Natierlech muss een an deem Fall genuch Suen era kréien. Déi Suen déi als direkt oder indirekt Zoulag fir d’Kanner geduecht sinn, sinn allefalls net geduecht fir eng Vakanz, mä fir dass een Elterendeel beim Kand doheem ka bleiwen. A wann et eng direkt finanziell Ënnerstëtzung ass, geet déi sécher och net duer fir grouss Spréng ze maachen.

A wien soll dat finanzéieren?

Wéi erwähnt, kascht och eng „Friembetreiung“ Steiergelder. Déi eenzeg, déi dovun näischt ofkréien, sinn d’Elteren wou ee vun hinnen doheem bleift. Mat enger Zoulag wier och nach kee Räichtum erzilt mä eng méi gerecht Verdeelung vun dëse Steiergelder.

Dat fannen ech net richteg, dass ee fir d’näischt ze maachen doheem bleiwe kann

Di virlescht Regierung hat de Congé parental esou agedeelt: d’Mamm konnt no der Gebuert, 6 Méint ganz, 12 Méint hallef huelen. Um Enn kruten d’Elteren dee selwechte Montant.

Wann een bei de Kanner doheem bleift, mécht ee jo och net näischt, mee et ass mëttlerweil en Image, dee ganz schlecht ugesi gëtt, zu Onrecht.

hautesdags kréie mer méi Suen fir eise Congé parental

Dat stëmmt net direkt. Et hängt dovun of wéi vill e verdéngt, déi eng komme besser, anerer schlechter dobaï ewech wéi mam System, wou jiddereen dee selwechte finanzielle Bäitrag krut.

De groussen Ënnersched ass awer, dass et ewell als Ersatzgehalt ugesi gëtt, op dat een och besteiert gëtt, an seng Sozialofgaben ofgehale kritt. Déi goufen deemols nämlech vum Staat iwwerholl a weider bezuelt.

A wat geschitt da mat dem Elterendeel deen doheem bliwwen ass, wann en am Alter vum aneren Elterendeel verlooss gëtt a keng Rente abezuelt huet?

Dofir jo och den Impuls, dass déi finanziell Ënnerstëtzung net (eleng) sollt mat „Suen“ an direkter Form geschéie sollt. Et kinnt och d’Méiglechkeet sinn, eng Mindestrente abezuelt ze kréien. Awer virun allem misst d’Patronat encouragéiert an ënnerstëtzt ginn, fir Deelzäitplazen z’ënnerstëtzen. Elengerzéiend Elteren misste vill méi Hëllef kréien, well och virun der Rente, gi si vum System am Reen stoe gelooss, a krute bei der Steierreform keng Virdeeler. D’Steierklass, bei Scheedung oder Verwitwung mécht keen Ënnerscheed tëschent Leit déi Kanner hunn oder net, si gi wéi Jongeselle besteiert. Géif un anere Schrauwe gedréit ginn, an den Elteren d’Méiglechkeet gelooss ginn, d’Kand ausserschoulech doheem ze betreien, sou géif et och kee Problem mat der Rente ginn – mä aktuell ass do keng Ouvertüre fir déi Iddien. Vergiess gëtt leider och, dass zefridde Kanner an Eltere vill méi gesond sinn, an ass et net genee dat, wat aktuell méi wichteg wéi je ass? >>

Petitioun: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren:

https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *