Mä, wann een aus dem Beruff eraus ass, da faasst ee kee Fouss méi, wéi sollen déi Elteren da nees en Job fannen?

Dat ass eng komplex Saach. Aner Länner beweisen awer, dass dat geet, do sinn d’Elteren net als „Zweete Choix“ ugesinn, wa si eng Zäit doheem bliwwe sinn. Hei zu Lëtzebuerg ass et mëttlerweile verpönt, eng Auszäit ze huelen. D’Eltere kréie virgeknat, dass eng Vereenbarkeet vu Famill a Beruff ouni Problem machbar ass. Et gëtt awer net gesot, dass d’Famill dobäi ze kuerz kënnt. Et kënnt och vun uewen erof de Message, dass ee just e vollwäertege Bierger ass, wann ee schafft, ob mat oder ouni Kand. Egal zu wéi engem Präiss.

Op där anerer Säit, ginn d’Deelzäitplazen, déi eng super Alternativ fir de réemploi oder iwwerhaapt fir d’Vereenbarkeet vu Beruff a Famill sinn, net gefërdert. Wann de Patron méi Onkäschten an Nodeeler dovun huet, wann eng Vollzäit Plaz vun 2 Leit besat gëtt wéi wa se vun enger Persoun besat géif ginn, da kann sech dodrunn och näicht änneren. Eis Regierung fërdert, dass Fraen (a Männer) no hirem Congé Parental wa méiglech nees Ganzdags zeréck schaffe ginn. Souwuel eise Steiersystem wéi och eise Rentesystem ass op e „Schnéiballsystem“ opgebaut, deen awer iergendwann net méi opgeet: duerfir gëtt et Zäit, sou séier wéi méiglech ëmzedenken.

An de Crèche ginn d’Kanner awer (méi) gefërdert:

Am Dépliant „Besser Zukunftschance fir Äert Kand“, kréien d’Eltere vermëttelt, dass si mat Chèque service „gratis“ Kannerbetreiungsstonnen an Usproch huele kënnen, an dass hiert Kand an enger externer Betreiung besser opgehuewe wier ewéi doheem. Dass et gefërdert gëtt op pädagogesch wäertvoll Art a Weis a mat frieme Sproochen.

Awer wat net gesot gëtt ass: d’Kanner brauche sozial Kontakter eréischt ab engem gewëssenen Alter (op de geneeën Alter gi mer net an, well et och ënnerschidlech ass fir all Kand). Fir d’éischt brauch e Kand awer seng Elteren, fir d’Urvertrauen opzebauen an eng stabil a gutt Bindung ze hunn, an dat hält net op, no engem Congé parental vu max. 15 Méint. En plus, bei sou enger 1 zu 1 Betreiung doheem, kann och direkt op dem Kand seng Besoinen agaange ginn, wat enorm wichteg fir et ass. Dat huet näischt mat Verwinnen ze dinn, mä mat Bindung, déi fir all Mënsch am Ufank wichteg ass. Dës Erkënntnësser si net nei, mä evolutiounsbedéngt a  wëssenschaftlech fundéiert. Dat ass nämlech, wat d’Basis vu gesonde Mënsche mi spéit ausmécht.

An engem Grupp vu Bebeeë mat 4-7 Stéck pro Erwuessener (aktuellen Betreiungsschlëssel plus Toleranzgrenz wéinst verschiddene Faktoren), kann einfach net op all Kand agaange ginn. Vun der Natur aus ass et och meeschtens net virgesinn, esou vill Kanner op e Coup ze kréien. Esou ass et och „onnatierlech“, dass e Betreiungsschlëssel an där Gréissenuerdnung virzefannen ass.

Friem Sprooche bleiwen hänken, wann d’Kanner se vill héieren. Ideal ass dat am Elterenhaus. Wann e Kand kräischt, ass et allerdengs egal a wéi enger Sprooch et getréischt gëtt, Haaptsaach et ass e Mënsch fir hatt do an geet op et an. Och hei ass et leider méiglech, dass et doheem eng schlecht Basis kritt, well d’Mammesprooch vun den Elteren och net gutt geschwat gëtt. Awer well mir an engem gudde System sinn, mat logopädesche Kontrollen, kann dat fréi festgestallt ginn, an den Eltere kann Hëllef un d’Hand gi ginn. 

Ech wëll menge Kanner awer eppes bidde kënnen (an muss dofir schaffe goe fir genuch Suen ze kréien)

Aus enger materialistescher Siicht ass dat wouer, wann een d’Kand mat (Spill-)Saachen akleede wëll. Oder mat him an d’Vakanz an d’Ausland wëll. Oder him seng deier Hobbien finanzéiere wëll. Oder, oder oder.

Et ass alles eng Saach vun den Ziler, déi d’Elteren verfollegen. Wéi vill Spillsaache brauche Kanner, ass d’Zäit mat engem Elterendeel dobäussen op der Spillplaz oder am Bësch net genee sou vill, oder nach méi Wäert? Muss et eng Vakanz (am Ausland) sinn, kann et net och eng flott extra Zäit hei am Land sinn? Et gi sëllege Méiglechkeeten hei am Land Saachen ze besichtegen, déi wéineg bis näischt kaschten. En Hobby muss och net vill kaschten, meeschtens ginn et equivalent Alternativen, déi villäicht net am selwechte Club sinn, mä et muss och net deen deierste Sport sinn deen een dem Kand bidd. An Kleeder kann een och emol am Second Hand kafen. Wier de System solidaresch fir jiddereen, géifen déi Elteren, déi beim Kand bleiwen, och hei gehollef kréien. Ebefalls Kleeder kinnte subventionéiert ginn, et gi vill Méiglechkeeten, wéi déi Ënnerstëtzung vun deene „Doheembléif-Elteren“ ausgesi kinnt, mä mir kréie just wéineg Wiel gelooss. >>

Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren: https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *