Firwat ass Eltereschaft esou entwürdegt ginn, wou et dach déi wichtegst Aarbecht op der Welt ass?“ (Méi Elteren, manner Staat)

Et ass nees eng Petitioun online, déi den Elteren eng finanziell Ënnerstëtzung bidde soll, wa se bei hirem Kand doheem wëlle bleiwen an et net an eng Crèche/MR/Dagesstruktur ginn.

An alt nees kommen di bekannten Argumenter, awer och Géigenargumenter. Dozou hei e puer Iwwerleeungen, am Format vun de gängeje Froen, déi een op Fore noliese kann. Mir hunn Iech se op dëse Säiten zeseummegestallt:

Wourëms geet et hei?

Et geet ëm de Choix, dass Elteren net gezwonge sinn, aus finanzielle Grënn, d’Kand an eng Crèche ze ginn, soubal de Congé Parental eriwwer ass.

Ma wann se sou knapp bei Keess sinn, ass et dach besser se ginn allebéid schaffen?!

T’ass eng Tatsaach, dass d’Immobiliepräisser mëtterlweil esou exorbitant héich sinn (ob gelount oder kaaft), dass béid Eltere musse schaffe goen, wann se keng super Payen hunn, oder aner finanziell Ressourcen. D’Fro beinhalt awer schon e Stereotyp, dass Elteren di net sou vill verdéngen, net dierfe bei hirem Kand /Kanner bleiwen, well se soss « aus dem Staat senger Täsch liewen ». Dat ass awer ze kuerz geduecht.

Et ass bei verschiddene Famillje besser, dass d’Kanner an eng Crèche kommen amplaz de ganzen Dag virun d’Telé gesat ze ginn mat Chipsen an Limonade!

Kloer ginn et Fäll, wou eng qualitativ héichwäerteg extern Kannerbetreiung besser ass, wéi d’Kand doheem „ze vernoléissegen“. Awer zum Gléck trëfft dat net op d’Majoritéit vun eiser Populatioun zou. Et gi Studien dozou, déi kloer weisen, dass Kanner, wann d’Viraussetzunge stëmmen, besser doheem betreit sinn. Ëmgedréint kënnt et just deene Kanner zegutt an extern Friembetreiung ze goen, déi doheem vernoléissegt ginn, maltraitéiert ginn, déi Gewalt mat erliewen, oder wou e groussen Defizit bei den Elteren ass. >>

Une pensée sur “Iwwerleeungen fir eng modern Kannerbetreiung (1)”

  1. Ech gesinn et all Dag wann ech mat de klenge Kanner an der Crèche sinn: di eng si gemaach fir d’Crèche, di aner net. Mir hunn Bebeeën, déi vill méi sensibel sinn, déi net frou sinn am Grupp. An si, einfach an der Crèche ze loossen, ass irresponsabel. An dat dierft vun der Regierung aus net gefërdert ginn, mä d’Regierung muss kucken, dass och déi Puppelcher eben méi laang kënnen doheem bleiwen an den Elteren misst dann ënnert d’Äerm gegraff ginn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *