Wann haut mat de Kanner geschwat gëtt, dréinen sech ganz vill Gepréicher ëm d’“Pandemie“. An alles dat, wat se mat sech bruecht huet.

Hues De Deng Mask och bei Der?“

Hues De Deng Mask och richteg un?“

Brauchen si, brauche mir iwwerhaapt da nach di Mask? D’“Pandemie“ ass dach esou wäit iwwerstanen, eis Spideeler sinn net um Limit ukomm. Da kéinten dach all di Mesüren opgehuewe ginn. Ma nee, mir fueren nach weider. Firwat eigentlech?

Firwat mussen d’Kanner, ello am Summer, wou et waarem ass, an der Schoul mat enger Mask do sëtzen? Firwat ginn nach ëmmer Schnelltester gemaach, obwuel lues a lues gewosst gëtt, dass se net fiabel sinn an och dass d’PCR-Tester net weisen, ob e Mënsch krank ass, oder ob en en anere Mënsch kann ustiechen.

An elo dat Neitst: d’Impfung.

Firwat Kanner impfen, mat engem Impfstoff, deen net genuch erfuerscht ass, mat engem Impfstoff, vun deem mer net wëssen, wéi en sech à la longue op d’Kanner, op di Jugendlech auswierkt. Och do kréien se nees Drock gemaach: si ginn onsécher gemaach, ob et besser ass geimpft ze ginn oder net. Besser? Di Impfung ass anescht wéi di „traditionnell“ Impfungen.

Verschount endlech d’Kanner!

Och d’Elteren maachen sech Suergen, well se mierken, wéi dat Ganzt sech op d’Moral vun hire Kanner auswierkt. Elteren, Enseignants, Educateuren hunn sech zesummegesat fir mam Minister ze schwätzen, mee et ass näischt ze maachen. Si spieren sech eleng gelooss.

Et ass am Moment vill vun den Elteren verlaangt, fir dass hir Kanner trotz allem nach mat engem gewëssenen Optimismus kënnen hir Kandheet liewen.

Well, rar sinn d’Politiker, déi und d’Kanner denken an un all di Konsequenzen, déi di streng Mesüren mat sech bruecht hunn, mat sech bréngen.

De Moment ass komm, wou mer eis Fräiheet mussen erëmkréien. All Mënsch muss kënne fräi sinn, eng Mask ze droen oder net, sech impfen ze loossen oder net, sech seng eege Meenung maachen iwwer di Sujeeën, déi aktuell sinn oder en interesséiert, ouni dass mam Fanger op e gewise gëtt.

Esou vill Mënschen hunn fir eis Demokratie gekämpft, hunn hiert Liewe gelooss – war dat alles ëmsoss?

Isabelle Schmit-Mines

30.06.2021

Kuckt Iech och de Reportage vum Dan Hardy un:

D’Rechter vun de Kanner ginn ëmmer manner respektéiert.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *