Loosst se neess laachen!

Elo sollen dann d’Kanner an di Jonk, di nei Impfung kréien. Et freet een sech firwat!

Mir wëssen, dass di nei „Impfung“ nach an enger Testphase ass, dass di „Impfung“ nach net genuch erfuerscht ass. Normalerweis brauchen d’Laboratoiren, mindestens 8 bis 10 Joer fir e Vaccin ze erfuerschen an e weiderzeginn. Dëse „Vaccin“ konnten d’Leit schonn no e puer Méint kréien.

Well, mir wëssen net, wéi eng Niewewierkungen, op laang Siicht, di Impfung huet. Also, ass et nach ëmmer en Experiment, en Experiment op weltwäitem Niveau.

Wann Erwuessener sech wëllen impfe loossen, dann ass dat hire Choix. Mee elo, Experimenter un de Kanner ze maachen geet ze wäit. Mir wëssen net, wat d’Konsequenzen sinn an e puer Joer, op hiren Immunsystem, op hiren Equiliber. Mir wëssen net, ob se villäicht eng Kéier, doduerger keng Kanner kënne kréien – a wann, ob hir Kanner och gesond sinn.

D’Kanner stiechen net un. Dat sot och, Senta Depuydt, Präsidentin vun „Children‘s Health Defense Europe“ des Gründers Robert F. Kennedy Jr. Hiren Immunsystem ass staark genuch: kuckt emol, wéi se all am Wanter eng Erkältung, Schnapp an Houscht kréien, mee wéi séier ginn se domadde fäerdeg a sinn duerno staark!

Si brauche keng Impfung!

Si brauchen Loft, si brauche Sonn, si brauche Frënn, si brauche Freed, si musse kënnen hir Talenter developpéieren, si mussen sech op eppes freeën. Si brauchen Elteren, déi voller Léift fir se sinn. Elteren, déi hinnen jo net, egal wat z’iessen ginn, Elteren, déi hinnen och net egal wat asprëtze loossen.

A wa mer richteg kucken, ass och: deen deen geimpft ass, muss eng Mask undoen, deen dee geimpft ass, muss och a Quarantaine goen, wann e positiv getest ass. Also…

D’Kanner ginn säit iwwer engem Joer, esou onsécher gemaach: mir, als Erwuessener sollen hinnen Vertrauen schenken a scho guer net Experimenter mat hinne maachen. Well d’Kanner kréien alles mat, och wat d’Impfung ubelaangt.

An Däitschland wëll d’Kanzlerin suguer esou wäit goen, dass nëmmen déi Kanner däerfen an d’Schoul goen, déi geimpft sinn. Eis Rechter – an och d’Recht (d’Pflicht!) an d’Schoul ze goen – sinn en Acquis, eis Grondrechter hu mer, déi sinn u keng Conditiounen gebonnen!

Et ass un eis, Mammen, Pappen, Elteren, eis Kanner ze schützen.

Sou war leschte Samsdech, den 29. Mee, eng Demo zu Bréissel fir eis Fräiheet. Di belsch Journalistin an engagéiert fir „Das Recht auf Freiheit in Gesundheitsfragen“ an Präsidentin vun „Children‘s Health Defense Europe » des Gründers Robert F. Kennedy Jr.,, Senta Depuydt, huet an hirer Interventioun, et esou formuléiert:

« Et maintenant ça suffit. Je m’adresse aux parents et en particulier aux mères, aux mères de famille, et aux parents. N’attendez pas que tout cela passe.. Vous voyez bien que les gouvernements sont pris dans une voie liberticide et mortifère… C’est à nous de protéger nos enfants, et de faire rayonner la force de vie qui est la nôtre et qui est le propre du pouvoir féminin. Ça suffit: que les femmes reprennent leurs droits et protègent leurs enfants»

Länner an Amerika, wéi Texas, Florida, asw, maachen eis Hoffnung: si maachen net méi mat. Keng Maskpepflicht méi, keen Impfzwang, keen Impfpass.

An: et ginn och Medikamenter, déi hëllefen, wann ee géif de Virus kréien: z.B., den Ivermectine. E Medikament, wat schonn ville Patienten gehollef huet, mee dovunner gëtt ni geschwat…

Eng Petitioun fir en anzesetzen leeft grad an der Chamber:

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/SignerPetition/!ut/p/z1/nZHbToNAEIafpQ9gZvbAQi-3gOwWoVCkLXtD1kiaTRQbRS98egupid5g41zNTL7_zxzAwAFMbz_c0Q7upbdP57oxoi1IFqgwwGwTxQQlu9_lWgpE9GA_AUR7UmmkCm-FQF2oaClSztKEgLlGj79C4mpLVwwx2dD_6H86XaefAcy8_R7MhMxdYAIiGu22mlNM_JIjXcdrv65ylizFBZi7wV9TNOct_DZVYUgoxzxQhGGpSunRImMY-1CNHqducONfW_cIDeUBjs2uuHSh-c4qd-zt8P7a3bm3AU7PdV0f0Okb-_ApF4svqnuCAw!!/p0/IZ7_KHCC1240N8H130QHQA52PM30E7=CZ6_P1M8HC80MODE10A3TVNIA60005=MEpetition_id!2480=ePetition!PetitionSignatureList==/?sortDirection=DESC&pageNumber=2#Z7_KHCC1240N8H130QHQA52PM30E7

Isabelle Schmit-Mines

02.06.2021

6 pensées sur “Sinn elo d’Kanner un der Rei?”

  1. Ech erënnere mech als Kand un de Widerstand géint d’Impfung géint d’Kinderlähmung; dobäi hate mer an der Schoul e Kand dat betraff wor, an dat hunn ech net vergiess¨-Dofir verstinn ech net, wéisou Eltere systematesch géint d’Impfung vun hire Kanner sinn, trotzdem déi systematesch « normal » Impfungen eng ganz Rei Pandemien an Europe gestoppt hunn;
    verschiddener sinn amgaang erëmzekommrn, well eng ganz Rei Eltere prinzipiell géint d’Impfe sinn.- Et ass keng Fro vu Fräiheet ma vu Verantwortung, déi duerch den aktuellen Egoismus/individualismus ënnergruewe gëtt!
    Wann d’Eltere méi u séch wéi un hir Kanner denken, da kann et net klappen!

    1. Di hei « Impfung » ass net ze vergläichen mat der Impfung géint Tuberkulose, Starrkrampf, asw. Di hei « Impfung » geet schonn an d’DNA era. An: si ass nach net genuch erfuerscht, si ass nach ëmmer an enger Testphase.

  2. „Dans les données actuelles on ne peut pas dire que les vaccins protègent de manière signficative la circulation du virus,  » (Prof. Dr Didier Raoult)

  3. Den Dr Didier Raoult ass ee vun deene gréissten Virulogen weltwäit. Ëmmerhin ass en Direkter vum CHU Marseille. En ass ëmstridden, well en net mat all de Mesuren, déi eis all imposéiert ginn, averstanen ass. Hie seet, et muss een de Mënsch eenzel kucken an him deen adequaten Traitement ginn an net all Mënsch an di selwecht Schinn setzen. Et ass ganz einfach: jiddereen, deen net mam Mainstream matgeet, suguer héich gestallten Wëssenschaftler gëtt diskriminéiert.

Répondre à Mario Dichter Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *