Säit iwwert engem Joer kréie mer Angscht gemaach, d’Kanner, déi gewéinlech liewensfrou sinn, kréien Angscht gemaach.

Angscht, si kéinten aner Leit krank maachen, Angscht, si kéinten selwer krank ginn, Angscht fir hir Zukunft, asw. Hir Frëndschaften gi gebremst, si hunn kaum nach Kontakter dobaussen, de Schoulunterricht ass méi wéi schwiereg ginn, d’Droen vun der Mask, eng Laascht.*

Wéi vill Potenzial, wéi vill Talenter, kënnen sech net entfalen, well d’Kanner, di Jonk kee méi däerfe gesinn? Wéi vill depressif Kanner a Jugendlecher hu mer elo, a keen deen do ass, dee Courage mécht, wéi wann dat ëmmer esou misst weidergoen.

Firwat gëtt ni dovunner geschwat, wéi de Kanner an de Jugendlecher hiren Immunsystem kinnt gestäerkt ginn? Dass se an d’frësch Loft kommen, Sonn tanken, genuch Vitaminen hunn – besonnesch Vitamin C an D, Kontakter hunn, mat deene Mënschen, déi se gären hunn.

Hinnen nees Perspektiven, dass se sech op d’Liewen freeën – dann hätte mer hinne gehollef.

Di psychologesch Dramen, déi schonn säit engem Joere entstane sinn duerch Lockdowns, duerch Isolemement a Quarantaine sinn esou vill méi schlëmm wéi de Virus selwer.

Elo ass gewosst, dass a verschidde Länner, di ganz Mesüren opgehuewen ginn: z.B.: Texas, Florida, North Dakota, South Dakota (si haten ni e Lockdown) an den USA, an an eiser Géigend, Spuenien. A wéi ass et do mat de Krankheeten? Keen Ënnerscheed mat eise Länner, wou alles esou streng ass? Gëtt dat engem net ze denken?

Wann een di „normal“ Press liest, gëtt et keng aner Alternativ wéi mat enger Mask ronderëm ze goen an eis impfen ze loossen. Mee ëmmer méi Dokteren, Epidemologen, Affekoten, beliichten di ganz Krise vun enger anerer Säit.

Mir invitéieren Iech, Iech Är Meenung ze maachen, duerch di 2 Appeller, déi mer Iech hei partagéieren:

Deen een ass den Appel vun der Neurologin Dr Margareta Griesz-Brisson: „Hände weg von unseren Kindern“: https://www.facebook.com/BewegungLeipzig/videos/503334100792066

Deen aneren ass den Affekot Dr Reiner Fuellmich: geet et wierklech ëm eis Gesondheet?: „Worum geht es, wenn es nicht um Gesundheit geht?“: https://www.youtube.com/watch?v=c65Mg6rlOoo

Isabelle Schmit-Mines

19.05.2021


*Endlech ass eng Petitioun an der Chamber, déi d’Dispense vun de Masken bei de Kanner freet:Pétition publique n°1867 – Pour un assouplissement de l’obligation du port du masque pour les enfants dans les écoles et les structures d’accueil périscolaires / For a relaxation of the obligation for children to wear a mask in school and in after-school facilities / Fir eng relaxatioun vun der Maskenplicht fir d’kanner an de Schoulen an an de ausserschoulenschen Betreiungsstruktur https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2497

2 pensées sur “Genuch mam Drock op d’Kanner!”

  1. Ech gesinn dat mat de Schnelltester AN der Schoul och zimlech kritesch. Oft gëtt jo behaapt « Et deet net wéi, wat féieren d’Leit eng op »…nee et deet net wéi, dat stëmmt, mee wéi gesäit et psychesch an emotional bei de Kanner aus? Interesséiert dat keen Mënsch méi. Kanner ginn fir vill manner elo scho gehänselt-wéi gesäit et aus, wann do engem Kand säin Test positiv uschléit? Wéi réagéiert dat betraffent Kand a wéi réagéiren déi aner? An den Enseignant? Natierlech sinn si déi Professionnell mee och hei ginn et der, déi méi ängschtlech sinn wéi anerer. Ech perséinlech wëll dobäi sinn als Mamm, wann mengem Kand säin Test giff positiv uschloën, fir et emotional opzefänken an op seng FRoën ze äntweren. Ech hunn bis elo dem Staat net d’Erzéiung vun menge Kanner iwwerlooss a wäert dat och net an Zukunft maachen. An ech sinn selwer Léierin an wees eben och, dass all Kand anescht ass. Deen een stéiert dat net, wann do jiddereen « live » erliewt, wann engem Kand säin Test positiv ass an een anert schummt sech, panikéiert, fäert… Jo, wann ee Kand elo 14 Deeg an der Schoul feelt, wees och eigentlech jiddereen mëttlerweil, dass een wuel positiv ass MEE ech ginn hei awer d’Gefill vun der « Sensatiounsgeilheet » net lass… ass wéi bei Reality-tv: jiddereen ass dobäi! Dee Moment wou een gewuer geëtt, dass den Test positiv ass. Ech wëll guer net iwwert Tester un sech diskutéiren well déi souwisou och schonn kritesch ze kucken sinn, mee wann se sollen gemaacht ginn, dann gehéieren se a mengen Aën NET an d’Schoul. En plus- mécht een dat an der Schoul, war jo jiddereen schonn deen Dag a Kontakt mat deem an eng mise à l’écart ass net ze évitéiren. Wou bleiwt also de Sënn hei ranner? Niewenbäi bemierkt gëtt et engem nach eng falsch Sécherheet dobäi an kostbar Unterréchtszäit geet hei och verluer.
    Als Elteren ass een lo egal wéi de Miesepeter: refuséiert een dat aus verschiddenen Grënn, riskéiert een, dass säi Kand gehänselt gëtt, well et villäit deen eenzegen ass, deen NET mat mécht. Accordéiert een et ze sinn, riskéiert een, dass d’Kand gehänselt gëtt wann den Test positiv ass. Mir hunn et lo esou gehandhabt, dass mer eis Kanner matentscheeden gelooss hunn- deen een wëll et an der Schoul maachen, deen aneren net- an deementspriechend hunn mir 2 verschidden Consentementer ausgefëllt.
    Mee sou een Test gehéiert fir mech einfach net an d’Schoul: et soll doheem gemaacht ginn an dat och virun Schoulufank-dann giff et op mannst e bëssen Sënn erginn.

  2. Dat hunn se dann och elo nach erreecht: dass gesond Kanner, Angscht hunn, si wäre krank, si hätten Allergien. Si erwächen an der Nuecht, well se Angscht hunn, si géifen keng Loft kréien. Wéi wäit geet dat ganzt nach? Ah jo! elo geet och net méi duer mat engem Schnelltest an der Schoul, elo mussen se der 2 maachen. Ass do nach iergendeppes normal?

Répondre à Isabelle Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *