E Sonndeg, den 9. Mee hate mer den Europadag gefeiert.

A wéi ech d’Hymne gehéiert hunn mam Ausschnëtt „Ode an die Freude“ hat ech Tréinen an den Aen, sou beweegend hat de Beethoven seng 9. Symphonie geschriwwen.

Deemools, 1972, wéi de Conseil de l’Europe d’Hymne fir Europa ausgesicht hat, war eng Freed, eng Begeeschterung, eng Hoffnung do, op d’Zukunft, dass mer kéinten a Freed, a Fräiheet, a Frëndschaft liewen – an eis Kanner an engem fräien Europa gesinn opwuessen.

An haut, wann ech mat de Kanner schwätzen, froen si och emol: „Firwat ass Krich?“ an ech och hir Ängschte spieren, sinn ech esou frou, hinnen ze soen, dass mer eng Europäesch Unioun hunn, wou keen deem aneren Béises kann undoen. An dat ass esou eng Berouegung fir eis all.

An trotzdem… haut geschitt eppes, wou mer spieren, dass di Fräiheet oft bréckelt. Wéi oft spiere mer, dass, wa mer mol eng aner Meenung hunn, wéi di meeschte Leit, gi mer schief gekuckt. Hate mer fréier net an der Schoul geléiert, eng eege Meenung ze developpéieren, Situatiounen ze hannerfroen, – dat war en Zeechen vun Intelligenz, dat war en Zeechen dass een sech net alles muss gefale loossen.

Mee haut gëtt Drock gemaach – dat gesi mer an der Fërderung vun där Gender Idelologie, eng Ideologie, déi mol kee wëssenschaftlecht Fundament huet.

D’EU mécht Drock op d’Länner, sou dass scho mat Zäit, an, an der Schoul, d’Kanner op déi Ideologie sollen sensibiliséiert ginn. Z.B., dass e Meedchen, net onbedéngt e Meedchen ass, dass e Jong, net onbedéngt e Jong ass. Mat den Transgender net de Geck gemaach gëtt, si hunn och e Recht, uerdentlech behandelt ze ginn. Dat ass jo richteg: mee, mussen dann awer duerfir, kleng Kanner, déi zefridde sinn, déi sech wuel an hirer Haut spieren, perturbéiert ginn? Well, ech mengen, wann vun Sexualitéit am Fondamental scho geschwat gëtt, ginn d’Kanner duercherneen, e groussen Deel vun hirer Onschold geet da fort. >>

————————————————————————————————

AGENDA————————————————————–

Protestpiquet fir d’Rechter vun der Famill ze stäerken

am Kader vum „Internationalen Dag vun der Famill“

Datum: Samsdech, 15 Mee 2021 um 10,30 Aauer

Address: Virun der Chambre des Députés

Organisateur: ADR Fraen


Liest och:

IDEOLOGIE“: Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber

BITTE, TU WAS“: Buchbesprechung onm Petra Stober

(Cyber) Porno Sex Gewalt Drogen Sucht Mobbing Ritzen & Co

Autorin: Gabriela Rapp

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *