Vum Grupp isoléiert…

D’Schnellltester sinn dann och elo um Programm an eise Schoulen. Et heescht an engem Schreiwes vum Ministère*: „Schnelltester fir eng gréisstméiglech Sécherheet an der Schoul“.

Sinn se wierklech eng Sécherheet? A wat sinn d’Konsequenzen?

Mir wëssen elo, dass di PCR-Tester net uweisen, ob de Virus iwwerhaapt ustiechend ass. E weist eng Presenz vun engem Partikel vum Virus un, eng Presenz, déi net uweist op de Virus aktiv ass. E weist net un, ob e Mënsch een anere kann ustiechen, an e weist scho guer net, ob e Mënsch krank ass. Di vill Tester „Large scale testing“ an elo „Schnelltester“ weisen eis eventuell dass eng Bribe vum Virus do ass – an net méi. An et geet weider: di Schnelltester sinn net fiabel, si kënnen falsch positiv Resultater bréngen.

An hei gi Kanner getest, och nach virun der ganzer Klass, an d’Resultat läit eventuell falsch. Dat ass gewalteg!

An elo kënnt de Clou: Am Fall vun engem positiven Test kritt déi betraffe Persoun eng FFP2-Mask a gëtt vum Grupp getrennt“* : wat doe mer eise Kanner un? Kann een sech virstellen, wéi e Kand sech esou spiert? Dass et sech schummt fir eppes wat et net gemaach huet, dass et fäert et hätt eng fuerchtbar Krankheet a sech droen, an et géif d’Mënschen ronderëm krank maachen? Wann et positiv getest ass, muss et a Quarantaine, alt nees isoléiert. Denkt dann nëmmen ee Mënsch drun, wat dat Kand matmécht? Ass et esou wou d’Kanner nach Freed hunn an d’Schoul ze goen? Ass et esou wou mer de Kanner Vertrauen a sech an an d’Liewe ginn?

Wéisou gi mer duerch d’Welt wou mer eis gesond spieren, a kréien nawell gesot, mir wären eventuell krank a kéinten aner Leit ustiechen?

Elo konkret: Wann elo d’Kanner mat engem Kit vun Schnelltester heem kommen, dann hutt Dir d’Méiglechkeet, ze refuséieren, dass Äert Kand getest gëtt: en ass hei am Land net obligatoresch a wann d’Regierung nach 1.0000 Mol behaapt, et géing esou gutt funkionéieren, dann ass et net am Intérêt vum Kand.

Stellt Iech emol vir, wat an engem Kand geschitt! E Kand, wat emol villäicht guer net krank ass, e Kand wat fir näischt kann, a mir ginn esou mat him ëm!

Traureg. Dramatesch! Herno ass et net de Virus dee krank gemaach huet, mee all di Mesüren ronderëm. An dat ass oft net méi gutt ze maachen. Et geet ëm eis Kanner, et geet ëm hiert Selbstbewusstsein, et geet och ëm hir psychologesch Gesondheet. D’Kanner maache scho genuch mat, mat där Pandemie, lo setze mer se nach dohin wéi wann se Verbriecher wären.

Sensationsurteil aus Weimar: keine Masken, kein Abstand, keine Tests mehr für Schüler: PCR Test kann keine Infektion nachweisen: Nodeems eng Mamm, eng Plainte gemaach hat, dass hir 2 Jongen terribel géifen leiden, hunn d’Riichteren aus Weimar däitlech de Schoulen verbueden, d’Kanner z’obligéieren, eng Mask unzedoen an Tester duerchzeféieren.**

Wéini ass Lëtzebuerg dann esou wäit?

Isabelle Schmit-Mines

19.04.2021

*http://links.comgouv.lu/nl2/xz9kx/mh0i5.html?m=AUkAACtsS7UAAcr86NAAAAS5evIAAAAAXWwAAJ1PABKJKQBgeIv5dWNppM06Rh2DGn_SOZbbZAAGzXk&b=476d65b2&e=34aa530e&x=LcTk5phkekwRAj8s2XfY7JtEQVhJPUDtS9GAdwoUhYE&fbclid=IwAR3XxpJRy-Gn_-zo9pCs7gcto2MTTU8K50Z49RlFhIh2JpiqqrjPy1hRnNA

** Sensationsurteil aus Weimar: keine Masken, kein Abstand, keine Tests mehr für Schüler: PCR Test kann keine Infektion nachweisen! https://2020news.de/sensationsurteil-aus-weimar-keine-masken-kein-abstand-keine-tests-mehr-fuer-schueler/

Une pensée sur “Opgepasst: Schnelltester”

  1. Ech gesinn dat mat de Schnelltester AN der Schoul och zimlech kritesch. Oft gëtt jo behaapt « Et deet net wéi, wat féieren d’Leit eng op »…nee et deet net wéi, dat stëmmt, mee wéi gesäit et psychesch an emotional bei de Kanner aus? Interesséiert dat keen Mënsch méi. Kanner ginn fir vill manner elo scho gehänselt-wéi gesäit et aus, wann do engem Kand säin Test positiv uschléit? Wéi réagéiert dat betraffent Kand a wéi réagéiren déi aner? An den Enseignant? Natierlech sinn si déi Professionnell mee och hei ginn et der, déi méi ängschtlech sinn wéi anerer. Ech perséinlech wëll dobäi sinn als Mamm, wann mengem Kand säin Test giff positiv uschloën, fir et emotional opzefänken an op seng FRoën ze äntweren. Ech hunn bis elo dem Staat net d’Erzéiung vun menge Kanner iwwerlooss a wäert dat och net an Zukunft maachen. An ech sinn selwer Léierin an wees eben och, dass all Kand anescht ass. Deen een stéiert dat net, wann do jiddereen « live » erliewt, wann engem Kand säin Test positiv ass an een anert schummt sech, panikéiert, fäert… Jo, wann ee Kand elo 14 Deeg an der Schoul feelt, wees och eigentlech jiddereen mëttlerweil, dass een wuel positiv ass MEE ech ginn hei awer d’Gefill vun der « Sensatiounsgeilheet » net lass… ass wéi bei Reality-tv: jiddereen ass dobäi! Dee Moment wou een gewuer geëtt, dass den Test positiv ass. Ech wëll guer net iwwert Tester un sech diskutéiren well déi souwisou och schonn kritesch ze kucken sinn, mee wann se sollen gemaacht ginn, dann gehéieren se a mengen Aën NET an d’Schoul. En plus- mécht een dat an der Schoul, war jo jiddereen schonn deen Dag a Kontakt mat deem an eng mise à l’écart ass net ze évitéiren. Wou bleiwt also de Sënn hei ranner? Niewenbäi bemierkt gëtt et engem nach eng falsch Sécherheet dobäi an kostbar Unterréchtszäit geet hei och verluer.
    Als Elteren ass een lo egal wéi de Miesepeter: refuséiert een dat aus verschiddenen Grënn, riskéiert een, dass säi Kand gehänselt gëtt, well et villäit deen eenzegen ass, deen NET mat mécht. Accordéiert een et ze sinn, riskéiert een, dass d’Kand gehänselt gëtt wann den Test positiv ass. Mir hunn et lo esou gehandhabt, dass mer eis Kanner matentscheeden gelooss hunn- deen een wëll et an der Schoul maachen, deen aneren net- an deementspriechend hunn mir 2 verschidden Consentementer ausgefëllt.
    Mee sou een Test gehéiert fir mech einfach net an d’Schoul: et soll doheem gemaacht ginn an dat och virun Schoulufank-dann giff et op mannst e bëssen Sënn erginn.

Répondre à Isabelle Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *