Wann e kleng Kand spillt, kënnen d’Elteren sech an seng Welt versetzen a mat e bësschen Zäit a Phantasie, mat him spillen.

Wann hir jugendlech Kanner op hirem Smartphone „spillen“, kommen d’Elteren meeschtens net méi mat.

An erschrecken, wann aus hiren zefriddene Kanner, sech Jugendlecher entwéckelen, déi sech an hirem Zëmmer aspären, keng Loscht méi hunn an d’Schoul ze goen, net méi schwätzen, Usichten hunn, vun deenen, doheem ni Riets war, asw.

Wa Jugendlecher sech ze vill mat hirem Smartphone beschäftegen, kënnen a beemol, op Siten stoussen, déi Gewalt, Horror, Porno, asw weisen. Dat schlëmmst ass, si kënnen net méi lass loossen.

Sou ginn d’Elteren, eng Kéier, di batter Realitéit gewuer, dass hir jonk Kanner, an engem Engrenage gefange waren, wou se sech ëmmer méi déif an eppes verfangen hunn an net méi erauskommen.

Mat „Frënn“, déi sech am Ufank fein a gentil ginn, déi se eng Kéier awer kënnen erpressen.

Mat „Frënn“, déi hinnen Videos schécken, déi ëmmer méi brutal, ëmmer méi wäit ginn…

De leschten 8. März ass a Frankräich, e jonkt Meedchen vun 14 Joer ëmbruecht ginn. 2 Jugendlecher vun 15 Joer si festgeholl ginn, e Jong an e Meedchen. De Jong, wéi et schéngt, e rouege Jong, dee vill mat Videosspiller beschäftegt war. Wat do erauskomm ass, wësse mer jo…

Di Spiller sinn net harmlos an als Elteren muss een d’Kanner opklären, wat fir schwarz Mächten, sech do ronderëm dreiwen.

A wéi vill Energie, wéi vill Potenzial, wéi vill Talenter ginn do verluer mat Topechkeeten, mat Aggressivitéit, déi de Kanner guer näischt bréngen, mee hinnen hir Zukunft zou maachen ëmmer méi wäit .

Mä, do hu mer jo och nees de Phänomen vun der Gesellschaft: wann di Jugendlech aus dem Lycée kommen, sinn se esou oft eleng doheem. Da läit et op der Hand, dass se Kontakter sichen. Mä leider, falen se ze vill oft op di falsch…

Hei presentéiere mer Iech den Artikel vum Petra Stober: Buchbesprechung zum Buch vum Gabi Rapp: „BITTE, TU WAS!“ (Cyber) Porno – Sex – Gewalt – Drogen – Sucht – Mobbing – Ritzen & Co

Isabelle Schmit-Mines

24.03.2021

Une pensée sur “Wann hir Welt beemol friem gëtt”

  1. Et stëmmt leider: Eis Kanner sinn a grousser Gefor duerch déi sougenannt sozial Medien, déi éischter net sozial oder asozial sinn!- Mir Elteren a Grousseltere mussen aktiv ginn, an eis mat deem Problem direkt auserneesetzen: Mir musse kucken, wat eis Kanner a Kandskanner op Internet erop- oder eroflueden. Mir mussen hinnen d’Gefore weisen, déi op si am Internet laueren.- Et gëtt och Méiglechkeeten, verschidde Gewalt- a Pornosäiten ze spären; ma dat ass net fir jiddereen sou einfach: do misst een sech schonn informéieren… Ma mir mussen aktiv ginn, soss sinn eis léif Kanner a Kandskanner a grousser Gefor!

Répondre à Michel A. MATHIAS Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *