Si mer net complementaires?

Dësen 8. Mäerz, um Internationalen Dag vun de Fraerechter, hëlt de Ministère fir Gläichstellung, Iech a sengem interaktive Live-Stream mat op eng Zäitrees an d’Siechzeger Joeren, zeréck bei d’Fraebeweegung, an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft.“

Wou mir dat gelies hunn, koumen eis zum Thema „Fraerechter“ vill verschidde Gedanken.

Wann eng Mamm net schafft, ass se op d’Rent vun hirem Mann ugewisen. Gi si gescheet, ass de Misär grouss fir d’Fra, wa se eleng an ouni Akommes do steet. Fir dëse Problem an der jëtzeger Elteregeneratioun ze vermeiden, gëtt et vu Säite vum Familljeministère just eng Léisung: d’Mammen, e puer Méint no der Gebuert vun hirem Puppelchen, zeréck op den Aarbechtsmaart ze kréien. Eng vun de Mesuren war d’Ofschafe vun der « Allocation d’éducation »*. Déi wier zwar sou oder sou net duergaangen fir dovun ze liewen, mä war awer eng Unerkennung vun der Erzéiungsaarbecht an eng Ënnerstëtzung fir d’Famill.

Deemools“ wou d’Fraen no der Gebuert vum Kand net ofhängeg vum Mann wollte bleiwen, a wollte schaffe goen fir gläich Rechter, wéi och Méiglechkeeten ze hunn wéi hire Mann, goung et hinne sécher ni drëms, dass se duerch hier Onofhängegkeet keen anere Choix méi hätten, wéi kuerz no der Gebuert erëm musse schaffe goen, an d’Kand oder d’Kanner soumat missen a friem Hänn ze ginn.

Eis Politiker hunn d‘Fraen als „verluerent Potential“ um Maart gesinn an hinnen eng batter Kamell mat Zockergoss zerwéiert. Fréier haten d’Fraen kaum en anere Choix, wéi no der Grënnung vun enger eegener Famill, hire Beruff opzeginn, a sinn dunn an d’Ofhängegkeet vun hirem Mann geroden. An haut hunn se kaum en anere Choix méi, wéi schaffen ze goen an an d’Ofhängegkeet vun enger Friembetreiung ze geroden.

Mir sinn eis sécher, d’Frae vun deemools hunn net fir d‘Gläichberechtegung gekämpft fir dass een hautdesdaags kee Choix méi huet, an d’Kand fréi muss a friem Hänn ginn fir schaffen ze goen.

Mir sinn eis sécher, keng Fra wollt Kanner „niewelaanscht“ kréien, a kaum nach Zäit fir di eege Famill hunn.

Mir sinn eis sécher, kee wollt hunn, dass e Stot muss zu 2 schaffe goen fir iwwerhaapt en Dach iwwert dem Kapp ze hunn, an trotz aller Ustrengung d‘Kanner knapps nach gesäit.

Mir sinn eis sécher, de Grondgedanke vun deemools ass onverännert, eng Fra wëll (mat hirem Mann) decidéiere kënnen, eng Famill ze grënnen, ouni an de Konflikt ze geroden dofir hier Kanner missen, oft vill ze fréi a vill ze laang, „ofzeginn“.

An do wiere nach vill Méiglechkeete gewiescht, fir hinnen eng Gläichberechtegung z’erméiglechen. An anere Länner ginn et scho méi familljefrëndlech Modeller, wou d’Beruffsliewen fair mam Familljeliewen vereenbaart gëtt, zum Profit a Wuelbefanne vu jidderengem. >>

Une pensée sur “Iwwerleeungen zum „Internationalen Dag vun der Fra“”

  1. Am Wort stoung op 4 Säiten iwwer de Fraestreik. Am franséischen Artikel stoung 10 Mol « économie ». Dat ass dat Eenzegt dat zielt. Vum Kand steet néierens eppes !
    Dat schéngt nëmmen en Hindernis ze sinn um Wee zum Selwerverwierklechen, et muss méiglechst schnell a friem Hänn…
    Wat beim Streik ganz schlëmm war, war d’Fuerderung de « Pappecongé » ëmzebenennen. Och fir de Papp ass d’Bezeechnung « autre parent de naissance » verlaangt ginn, grad wéi Mamm a Papp well um État civil, si elo Parent 1 a Parent 2 genannt ginn. Fir dogéint ze protestéieren ass d’Petitioun 1793 lancéiert ginn. E Kand huet e Recht op MAMM a PAPP !

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *