De Mamerhaff

D’Konzept vum Mamerhaff

D’Konzept ass baséiert op dem Jesper Juul seng Wäerter, déi hien ënnert der Method Familylab   esou definéiert:

Gleichwürdigkeit – Integrität – Authentizität – Verantwortung

D’Basis vun all gesond Bezéiung ass, all Mënsch gläichwäerteg unzegesinn. All Mënsch huet et verdéngt, dass en ugeholl gëtt wéi en ass. An nëmmen esou ass eigentlech, och eng authentesch Bezéiung méiglech.

D’Konzept vum Mamerhaff orientéiert sech also nom Jesper Juul, an och nom Dr Herbert Renz-Polster, deen sech besonnesch mat der klenger Kandheet auserneen setzt an ëmmer nees betount, wéi wichteg et ass, alles drun ze setzen, dem klenge Kand seng Kandheet ze loossen.

Den Team vum Mamerhaff schafft op verschidden Beräicher, déi mer Iech hei virstellen.

Mir hunn eis mam Jacqueline di Ronco ënnerhalen. Si gëtt eis en Iwwerbléck iwwer hire gousse Projet.

1) Famill.lu: Dat eent, ass, dass der Coursen fir zukünfteg Elteren proposéiert…

Jacqueline di Ronco: Elteren gëtt een jo schonn wann de Puppelchen ënnerwee ass. Sou schwätze mer dann iwwer di Changementer am Kierper vun der Fra, mir schwätzen iwwer d’Gebuert, iwwer di éischt Zäit no der Gebuert, iwwer d’Bedeitung vum Nieren. Fir eis ass et, z.B., ganz wichteg, d’Elteren ëmmer neess drun z’erënneren, wéi wichteg eng fest Bindung mam Puppelchen ass, dass ee net brauch ze fäerten, et ze verwinnen, wann een et op den Aarem hëlt, wann et kräischt. Nee, d’Kand kräischt, well et wierklech eppes brauch. Virun der Gebuert an och duerno, changéiert ganz villes an der Koppel: dat ass och en Thema wat ugeschwat gëtt. Et sinn Owender virgesinn. D’Datumer fannt Der am Agenda (Famill.lu)

2) Famill.lu: An dann gëtt et Coursen fir d’Elteren…

Jacqueline: „Kompetenzstärkung für Eltern“ heescht eise Cours, deen op d’Method „familylab“ baséiert.

Et gëtt am Beräich vun Elteren-Kand-Bezéiung, 3 grouss Methoden: STEP, Triple P, Familylab.

Mir hunn eis fir Familylab entscheed, well dës Wäerter an d’Aart a Weis fir ze dialogéieren, eis am beschten entspriechen.

Et sinn 5 Owender, wou d’Elteren zesummen oder och eenzel kënnen bei eis kommen. Mir beschwätzen all Kéier, een Thema. No engem klengen Viertrag, gi mer dann iwwer op Reflexiounen, Diskussiounen, Übungen, an dat alles – dat ass eis immens wichteg – an enger gemittlecher Atmosphäre. D’Zieler sinn z.B.: Kanner gutt verstoen, d’Erkennen vun den eegenen Grenzen a Bedierfnesser, d’Selbstwäertgefill bei de Kanner stäerken, asw. D’Datumer fannt Der am Agenda (Famill.lu)

3) Famill.lu: Dir hutt och eng psychologesch Praxis: wee ka bei Iech kommen?

Jacqueline: Mir schaffen zu 3 Psychologinnen a jiddereent vun eis huet seng „Spezialitéit ». Fir all Froen, déi eng jonk Mamm huet, während der Schwangerschaft, fir déi éischt Zäit, nodeems de Puppelchen gebuer ass, oder z.B., wann beim Nieren Problemer entstinn, asw., kann se d’Lizzie Seven kontaktéieren.

D’Monique Brachtenbach schafft méi am Beräich vun de Jugendlechen, wann an dem Alter, Problemer optauchen.

An ech selwer, schaffen am Beräich vun de Jugendlechen, jonk Erwuessener, Familljen. …

Wann d’Leit sech da bei eis mellen, ass et scho wichteg, dass se uginn, wat hiert Uleies ass.

4) Fortbildungscouren fir Professionneller: wéi gesäit do Är Ënnerstëtzung aus?

Jacqueline: Dat sinn, op där enger Säit, Coursen, déi mer hei, an eise Räimlechkeeten proposéieren. Et sinn 6 Séancen, wou mer dës Themen uschneiden: „Der authentische Kontakt“, „Empathische Einstimmung der Fachperson auf das So-Sein des Kindes“, „Führungskompetenz der Fachperson“, asw. D’Datumer fannt Der an eisem Agenda (Famill.lu)

Op där anerer Säit, kënne mer och Professionneller ënnerstëtzen, wann si e spezifesche Problem hunn a wëllen eng zousätzlech Berodung hunn. Z.B., d’Lehrpersonal acceptéiert eis och ganz gutt. Mir kënnen, op Ufro, eis och deplacéieren.

5) Famill.lu: Wat hunn dann Entreprisen an Organisatiounen mat Psychologie ze dinn?

Jacqueline: Do, wou Leit zesumme schaffen, sinn d’Konflikter net z’evitéieren. Do, wou Leit zesumme schaffen, ass et wichteg, dass de Responsablen, eng gutt Hand huet an seng Mataarbechter, esou féiert, dass se sech ënnereneen wuel spieren, dass se sech an hirer Ëmgéigend gutt spieren an doduerger besser schaffen. Net ëmmer einfach, net ëmmer evident, an d’Kommunikatioun muss stëmmen. Duerfir proposéiere mir am Kader vun familylab, di „Neue Führungskompetenz“, déi den Martin Mourier geschafen huet. « Menschen wollen sich wertvoll fühlen und wertvoll sein. Dafür zu sorgen, ist ein Kennzeichen „Neue Führungskompetenz“, seet en. « Neue Führungskompetenz » ass dee Wee, deen all Mataarbechter vun uewen no ënnen, an engem Betrieb respektéiert an zefriddestellt.

6) Famill.lu: Dann hutt Der eng Stuff, wou och Kanner kënne matkommen…

Jacqueline: « Um Läpp » heescht déi Iddi. Mir hunn eng Spillplaz fir Kanner ageriicht, wou d’Kanner kënnen fräit Spill hunn. Niewendrun ass den FamilienKFE, wou Elteren sech kënnen ërëmfannen, gemittlech bei enger Tass Kaffi, poteren, an hir Kanner sinn net wäit ewech an a Sécherheet…

Et ass och eng Formule, wann z.B., eng Mamm, déi bei hirem Kand doheem ass, plus nach weiderstodéiert, oder neess Studien opgeholl huet. Sou kann se sech Zäit huelen, z.B., um Computer schaffen, si kann sech konzentréieren, an si weess, d’Kand (d’Kanner) ass (si) gutt versuergt.

7) Famill.lu: Dir wëllt, d’Leit sollen Äre Projet: « Kompetente Kinder brauchen kompetente Erwachsene » ënnerstëtzen. Firwat?

Jacqueline: Dat ass e Projet, deen eis scho laang um Häerz läit. De Projet ass geduecht, als Solidaritéitsfong, fir deene Mënschen ze hëllefen, déi de Budget net hunn, fir bei e Psycholog ze goen, wann se eng schwéier Situatioun am Liewen ze droen hunn. Da kënne mir se betreien, ouni dass et si eppes kascht. Wann also vill Leit, eppes an dee Fong leeën, kréie mer eppes zesummen, fir manner bemëttelte Leit, eis Hëllef unzebidden.

8) Famill.lu: Är Räimlechkeeten stellt Der och anere Leit zur Verfügung…

Jacqueline: Jo, well mer vill Plaz hunn an net all Raum besat ass, verloune mer och eise grousse Sall. Konferenzen, Seminairen, kënnen do organiséiert ginn fir eng 100 Leit. D’Infrastruktur ass do. Just, d’Sujeen missten zwar kompatibel sinn mat eisem Konzept.

Fir all Fro, déi Der hutt iwwer Mamerhaff oder familylab, fir Är Umeldungen: schéckt eis eng e-mail: info@mamerhaff.lu oder rufft eis un um Nr.: 691 53 91 93

Mamerhaff

http://familylab.lu/

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *