Si haten sech gefreet, nees an d’Schoul ze goen, hir Kollegen erëmzegesinn, an endlech nees mat der Joffer oder mam Schoulmeeschter ze léieren.

Just, dass do een Hoken ass: et soll keen deen aneren ustiechen an sou hat de Minister jo ugekënnegt, méi streng Mesüren an de Schoulen anzeféieren. Elo sinn also d’Kanner, vum Cycle 2 un, obligéiert, de ganzen Dag eng Mask ze droen.

A wéi esou oft während dëser Krise gesi mer och hei, wéi d’Meenungen gedeelt sinn.

Fir di eng Elteren, ass et wichteg, dass d’Kanner duerch d’Masken geschützt sinn an och di aner schützen. Et ginn och Dokteren, fir déi d’Masekendroen onbedenklech ass…. Sou gesinn, wär et jo kee Problem…

Mee, et ginn awer Kanner, déi d’Masken net gutt verdroen, et ginn awer Kanner, déi de ganzen Dag Kappwéi hunn, et gi Kanner, déi Schwieregkeeten hunn ze ootmen, et gi Kanner, déi ënner der Mask vill schweessen, et gi Kanner, déi sech net kënnen konzentréieren. Kann een engem klenge Kand soen: „Hal Dech dach zesummen!“ – wann se sech esou krank spieren?

A wéi vill Jugendlecher kloen elo schonn vu Kappwéi, Nuesbludden, Schwindel, Middegkeet, wann se an der Schoul mussen stonnelaang d’Mask undoen. Sou wéi bei de Kanner, sinn och d’Enseignants gedeelt: bei deenen engen huet näischt changéiert, bei deenen aneren ass di Situatioun net méi ze erdroen an si verlaangen endlech Opklärung vum Minister.

Sou invitéiere mer Iech, den Interview op BAS TV mam Schoulmeeschter Marc Hilger a mat der Musékléierin Anne Borgmann ze kucken. Si wëllen endlech Opklärung vum Minister. Esou kann et net méi weidergoen… https://www.youtube.com/watch?v=ytKj7wZkQ6A

Och am Reportage vum Dan Hardy, sinn de Schoulmeeschter Marc Hilger an d’Nathalie Kremer vun der Initiative „Elteren stinn op“ géint de Minister opbruecht, deen d’Kanner obligéiert, de ganzen Dag, eng Mask unzedoen, obwuel vill Etüden weisen, dass vill Schied duerch si kënnen entstoen a vill Kanner se net verdroen. https://youtu.be/6TS_-gNyphI

Di ganz Pandemie ziert säit engem Joer un eise Kanner a wéi vill psychologesch Schied sinn elo schonn entstanen, a wat geschitt nach? Ouni vun deene physesche Krankheeten ze schwätzen, déi grad duerch d’Masken kënnen entstoen, duerch d’Partikelen, déi d’Kanner anootmen, duerch di Reizung, déi entsteet, wann een net fräi kann ootmen. „Masken im Dauergebrauch über viele Stunden des Tages ist aufgrund der unsicheren Studienlage abzulehnen, insbesondere wo es sich um jüngere Kinder handelt.“ (Dr Herbert Renz-Polster).

D’Kanner sinn am Wuessen, si mussen vill Impulser ophuelen, vill neit Wëssen ophuelen, sech de ganzen Dag konzentréieren, do brauchen se vill Sauerstoff. Hëllefen d’Masken dann do?

D’Kanner hunn normalerweis e gudden Immunsystem, si ginn normalerweis gutt eens mat de Virusen. Musse mer gesond Kanner an eng Mask stiechen, där hir Efficassitéit och net zu 100% bewisen ass? Kënne mer och net do solidaresch sinn, an deenen de Choix loossen, déi se wierklech net verdroen, ouni se ze diskriminéieren?

Wär et net ubruecht, un aner Mesüren ze denken, wa scho Mesüren geholl ginn? Zum Beispill, Plexiglass tëschent de Bänken, z,B. regelmässeg lëften, Loftrengegungsapparater installéieren, oder nees A-B-Wochen aféieren, déi jo awer gutt fonktionéiert haten? Wär et net emol och wichteg dovunner ze schwätzen, wéi de Kanner hiren Immunsystem soll gestäerkt ginn, duerch gesond iessen, duerch Vitamin C, Vitamin D, frësch Loft, asw.: gëllt dat ebeemol net méi? Och Zinc kann een huelen als Preventioum. Well, och dat ass bewisen: déi Mënschen mat engem staarken Immunsystem si manner uffälleg fir dës Krankheet.

Op RTL hat de Minister gesot, dass nieft der Prioritéit, d’Schoulen opzehalen, wier awer och d’Wuelbefanne vun de Kanner extrem wichteg. Wat fir eng Äntwert kréie mer da geschwënn?

Isabelle Schmit-Mines

02.03.2021

Kuckt eis Reportagen:

Den Interview op BAS TV mat der Musékléierin Anne Borgmann a mam Schoulmeeschter Marc Hilger: https://www.youtube.com/watch?v=ytKj7wZkQ6A

De Reportage vum Dan Hardy, mam Nathalie Kremer vun der Initiative „Elteren stinn op“ a mam Schoulmeeschter Marc Hilger: https://youtu.be/6TS_-gNyphI

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *