Wat mécht d’Gesellschaft mat eise Kanner?

Et ass grujeleg, ze bedenken, wat en Dënschdeg den Owend, de 26. Januar zu Bouneweg geschitt ass.

18 Joer hat en, de Rafael: erstach ginn. Et kann een sech net virstellen, wat dee Jong vu Péng matgemaach huet.

2 Jugendlecher vun 15 a 17 Joer sinn dunn festgeholl ginn. Wéisou kommen Jugendlecher esou wäit? Och si waren eng Kéier léif Puppelcher, frëndlech Kanner, déi nëmmen a Léift an a Gebuergenheet wollten grouss ginn. Mä, wat huet d’Liewen aus hinne gemaach?

Hir Elteren, déi de ganzen Dag hu musse schaffen fir iwwerhaapt iwwer d’Ronnen ze kommen? Keen doheem, wann d’Kanner heem kommen? Keen doheem, wann een ee brauch fir seng grouss a kleng Problemer senge Léifsten, kënnen unzevertrauen? Keen doheem, deen d’Kanner op d’Geforen opklärt, déi dobausse laueren? Keen doheem, deen Zäit huet, de Kanner eng zolitt Basis ze ginn?

A wou ginn di Jonk, wa keen doheem ass? Bei aner Jonker, déi genee di selwecht Problemer hunn. An do si mer um Sujet, sou wéi de Jeannot Ries et an sengem Bréif geschriwwen hat*: „Ee vun hinnen seet eis: « Et ass den Internet ». Et géing hinne jo zanter Méint och kaum eppes anescht bleiwen. Schoul – Video – Dodo. An enger Welt, déi fir eenzeler schonn net ganz ofwiesslungsräich war. Elteren, déi zu 2 schaffe ginn. Familles monoparentales, wou kaum Zäit bleift, sech intensiv mat 3, 4 Kanner ze beschäftegen. An enger Welt, déi ëmmer méi séier dréit.“ *

Si langweilen sech, di Jonk an dann huelen se dat Notst wat se hunn: Smartphone mat all deene grujelechste Filmer, déi een sech ka virstellen. Filmer, wou de Mënsch näischt Wäert ass, wou d’Gefiller inexistent sinn – an dat gëtt e Bild, wat se beemol an sech droen. An och, wann se net dirket onbedéngt, en anere Mënsch wëllen ëmbréngen, ass eppes bannendra geschitt. A wien verkeeft hinnen dat alles? Erwuesse Mënschen, déi am Beruff sinn, déi keng Skrupel hunn, kee Verantwortungsgefill – déi Mënschen beräicheren sech, wou anerer drun zugronn ginn.

Den Drama vun Bouneweg muss eis nees ze denke ginn, wat mer dann eigentlech am Liewe wëllen, wat mer eise Kanner wëlle mat op de Wee ginn.

De Drama vu Bouneweg muss och endlech d’Regierung oprëselen: wéi laang encouragéiert se nach d’Elteren Vollzäit ze schaffen? Wéini erkennt se, dass een als Elteren, Zäit brauch fir sech ëm seng Kanner gutt ze këmmeren? Wéini accordéiert se deem Elterendeel, deen sech eng Auszäit hëlt, oder manner Stonne wëll schaffen, eng Indemnitéit, fir dass en net an d’Aarmut fällt?

Wann e jonke Kriminellen an d’Unisec (Unité de sécurité pour mineurs am Centre socio-éducatif de l’Etat de Dreiborn) kënnt, ass eng Bezugspersoun, déi sech intensiv ëm e këmmert. Also, ass et jo kloer, dass et dat ass, wat e Kand, e jonke Mënsch brauch: eng Bezugspersoun, eng Vertrauenspersoun, déi Zäit fir en huet. Awer, wann d’Elteren dee Rôle sollen fir hir Kanner iwwerhuelen, Zäit fir se hunn, ass dat fir d’Regierung keen Thema. An dat ass et, wat onverantwortlech ass. Wéi laang fiert se an deem Modell weider, deen se dauernd promouvéiert, obwuel lues a lues gewosst ass, dass vill Kanner, vill Jugendlecher dorënner leiden?

Et ass och un der Regierung, deene Jonken Hoffnung ze maachen, fir hir Zukunft. Awer, wat héieren se dauernd? All Dag, Neiegkeeten, vun der Pandemie, ouni Perspektive. All Dag, Neiegkeeten vu Betriber, déi mussen zou maachen. All Dag Neiegkeeten, vu Chômage, kee Wonner, dass di Jonk sech soen: „muer kriss De jo dach keng Plaz“, asw.

Ouni gutt Relatioun zu 2 oder 3 Bezugspersounen an ouni Zukunftsperspektive, ass de Mënsch verluer. An eis Gesellschaft huet net d’Recht, d’Kanner, di Jugendlech, sech selwer z’iwwerloosen an hinnen hir Dreem ewech ze huelen.

Loosst de Kanner, loosst deene Jonken, di Freed, di Begeeschterung, déi jo eigentlech zu hirem Wiesen gehéieren.

Isabelle Schmit-Mines

10.02.2021

* „No Bouneweger Affär: Op kee Fall ewechkucken“: Commentaire vum Jeannot Ries, RTL, 05.02.21

Une pensée sur “Wat mécht d’Gesellschaft mat eise Kanner?”

  1. « …Aussi l’avenir dépend-il de notre intégrité morale autant que de la sauvegarde de l’environnement » (Sirius, « La puissance de feu de l’image », L.W. 11.02.2021)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *