Frësch Loft stäerkt den Immunsystem

De Bréif vum Me Bauler, am Numm vun den Enseignants, Educateuren an Elteren un d’Regierung, hat eng Lawine vu Reactiounen ausgeléisst: verantwortungslos, et wär d’Lag verkennen, asw. – hunn d’Leit geschriwwen.

Mee, di Initiatve ass jo net entstanen op e « coup de tête », well d’Enseignants es genuch hunn. Neen, d’Enseignants, d’Educateuren, d’Elteren maachen sech och Suergen fir d’Kanner,  awer fir eppes anescht: si maachen sech Suergen, ebe grad well d’Droen vun de Masken, net esou harmlos ass.

Wéi vill Kanner hu Kappwéi, hu Schwieregkeeten ze ootmen. D’Kanner sinn am Wuessen, maachen dauernd Efforten, also brauchen se vill Energie, also och vill Sauerstoff. An an der Schoul, mussen d’Kanner dat ganzt Gesiicht, vun hirem Schoulmeeschter, hirer Joffer kënne gesinn, fir se besser ze verstoen, fir hir Reactiounen ze verstoen.

A fir vill Enseignants ass et schwéier e gudde Cours ze halen, wann se sech musse verstoppen, well d’Relatioun mam Schüler net fléissend ka goen. Dobäi kënnt, dass, reng um physesche Plang vill Schoulmeeschteren, d’Droen vun der Mask net verdroen.

Däerf een dann déi Leit net seriö huelen? Kann een da net, och, hiren Point de vue acceptéieren? Well, ass et da wierklech bewisen, dass di Masken wierklech schützen?

Mir invitéieren Iech de Reportage vum Dan Hardy ze kucken, am Interview mam Schoulmeeschter Marc Hilger a mam Nathalie Kremer vun der Initiative „Elteren stinn op“ mécht. Do versteet een, wéisou dës Initiative entstanen ass…

Kënne mer dann do net och endlech eng Léisung fannen, z.B., dass do och dem Enseignant, dem Educateur, de Choix iwwerlooss gëtt, selwer ze decidéieren? Kënne mer net emol ufänken, emol iwwer d’Stäerkung vum Immunsystem ze schwätzen? Wéisou gëtt ni vun deem geschwat?

Isabelle Schmit-Mines

02.02.2021

——————————————————————————————————————–

Liest och:

De Bréif vum Me Bauler un d’Regierung: https://nues-am-wand.lu/offener-brief-von-lehr-und-erziehungspersonal-zusammen-mit-besorgten-eltern-bezueglich-der-maskenpflicht-an-schulen/

Kuckt a lauschtert:

A sengem Reportage, wou en de Schoulmeeschter Marc Hilger an och eng Mamm, d’Nathalie Kremer zu Wuert komme léisst, weist den Dan Hardy wéi Enseignants an och Kanner ënner dem Droen vu de Masken leiden, a wat et och fir de Kanner hir Zukunft bedeit. Hei de Link zum Reportage: https://youtu.be/3kPvMWC3tuU

 

2 pensées sur “Och di 2. Klack lauschteren…”

  1. Den Immmunsystem stäerken, wéi wichteg: och duerch Vitamin C, duerch Vtiamin D, duerch Zinc. Mee och duerch Freed, duerch Kontakter, an natierlech, wéi et am Artikel steet, duerch frësch Loft. Mee, si schwätzen ni dovunner. Firwat eigentlech?

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *