<<  Ëmmer am Numm vu generéise Wäerter wéi Inklusioun, Net-diskriminéierung a Respekt, kréien d’Kanner vermëttelt, datt et eng Villfalt vu Modeller gëtt, sous-entendu, datt déi natierlech Famill vu Mamm, Papp a Kand beschtefalls ee Modell ënner villen ass, op kee Fall besser wéi di aner. Au contraire! Fort mat der „Heteronormativitéit“ a mam traditionelle Familljebild ! – Effektiv gëtt et ëmmer méi Kanner, déi a „Reeboufamilljen“, monoparental oder suguer homoparental opwuessen. Déi meescht ginn ausserhalb vum Mariage gebuer.

D’Organisatiounen, déi zu Lëtzebuerg vum „neutrale“ Staat als Experten zougelooss an agestallt sinn, fir dës Educatioun ze realiséieren, sinn de Planning familial a militant homosexuell Vereenegungen (all Europa- a weltwäit vernetzt), déi mat nach aneren Organisatiounen am Cesas regroupéiert sinn, awer den Toun uginn.

An der « Education sexuelle et affective » spillt d‘Verhütung natierlech eng zentral Roll, well se Garant vun der sexueller Fräiheet soll sinn; sou zentral a wichteg, datt mol kaum nach een op d’Iddi kënnt, en anere Choix ze treffen. D’Pëll gëtt administréiert wéi d‘Schluckimpfung oder soss e wichtege Vaccin. – D’Ofdreiwung gëtt als eng valabel Léisung bei engem « Accident », an als e Mënscherecht ugesinn a vermëttelt. Et gëtt alles gemaach fir datt hei keng Gewëssensbëss entstinn. Wann der trotzdem entstinn, dann ass et d’Schold vu béise Moralisten!

De Planning familial huet eng relativ explizit Art a Weis Opklärung an de Schoulen ze maachen. Seng Educateuren kréien 2 oder 4 Stonnen, wou se mat de Schüler eleng sinn, soi-disant well se e Vertrauensverhältnis matt hinne besser kënnen opbauen, wann den Enseignant net dobäi ass. Zwëschefro: wéi kann eng friem Persoun am Kader vun der Schoul fir intimste Froen an engem Moien, eng Vertrauensbasis hierstellen? D‘Argument gëtt awer generell vun den Direktiounen gäer akzeptéiert. D’Elteren hu kee Recht, hiert Kand vun dëse Formatiounen ze dispenséieren. Sou wäit ech weess, koumen awer am Fondamental Reklamatiounen, sou datt den Unterrichtsminister dem Planning keen Zougang méi an d’Grondschoul gëtt, dofir warscheinlech ëmsou méi am Secondaire.

Et hängt natierlech vill vun den eenzelnen Educateuren vum Planning oder aneren Organisatiounen of, wat se genee soen a maachen. Et gëtt, wéi gesot, eng Partie Elteren, déi probéieren sech ze wieren, mee et ass schwiereg an delikat, ënner anerem well vill Kanner net wëllen driwwer schwätzen, oder fäerten, lächerlech gemaach oder benodeelegt ze ginn.

Virun ongeféier 10 Joer war ech an der Kantin vum LCD, Zeien, wéi ee Mann vum Planning, dee grad an enger Klass war, seng Verwonnerung an Enttäuschung driwwer ausgedréckt huet, datt iwwer d’Halschent vun de Schüler gesot hätt, datt si sech eng Kéier wéilte bestueden. Heen hat jo awer gemengt, d’Bestietnes wier bei der Jugend keen Thema méi. Dat eenzegt Bestietnes wat deemno nach interessant schéngt ze sinn, ass den Homomariage.

Positiv Begrëffer wéi Kannerséil, Wonner vum Liewen, Trei, Rengheet, Abstinenz, Würd, Onschold, Anstand, Häerz, oder negativ Begrëffer wéi Onzucht (débauche, luxure, libertinage…), Ehebruch…gehéieren net zum autoriséierte Vokabular. Suguer de Begrëff vun der Léift kënnt bal guer net vir. Dofir hunn Initiativen wéi z.B. Teenstar keng Chance an d’Schoule ranzekommen.

André Grosbusch

Stëll Revolutioun an der Sexualerzéiung“. >>

 

Une pensée sur “Gëtt iwwerhapt nach vu Léift geschwat?”

  1. Des Regierung funktionéiert no enger Ideologie, déi alles futti mecht, wat bis elo gutt an natierlech wor: d’Famill an d’Kannererzéiung. Erpressung vun de Fraen, schaffen ze goen, eng verfréit an obligatoresch Sexualerzéiung ouni Léift; vun der Trennung vu Kierch a Staat mol net ze schwätzen.- Hir Methoden sinn zimmlech ondemokratesch a mënschenveruechtend…

Répondre à Michel A. Mathias Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *