<< Zur Erklärung awer nach Folgendes. Och wann déi allermeeschte Leit an der traditioneller Famill gutt an ausgeglach op d’Liewe virbereed goufen, an haut séier dankbar dofir sinn, hu leider, fréier eenzel Vertrieder vu Kierch a Schoul hiren Optrag an deser Thematik nach laang net ëmmer uerdentlech erfëllt. Dat repst haut erëm. Um Optakt vun enger Cesas-Tagung (2018) huet de Minister Meisch kloer ze verstoe ginn, datt d’Kierch definitiv ausgespillt hätt. Déi eeler vun eis erënneren sech, datt d’Sexualmoral deemols effektiv mat iwwerdriwwe Verbueder, déi eng grouss Angscht virun der Sënd an ongesond Hemmungen ausléise konnten; et war sécher net alles an der Rei. „Gekummerter“ si schief gekuckt ginn, an Homosexueller haten näischt ze laachen. Dofir, an och well et leider Mëssbrauchskandaler vun eenzelne kierchleche Würdenträger gouf, traut d’Kierch sech haut kaum nach Positioun ze ergräifen. Si gëtt nach héchstens fir hire sozialen oder ökologeschen Engagement respektéiert, mee kaum nach fir hiert Mënschebild, wéi et aus der Bibel an iewel och aus der mënschlecher Natur ervirgeet. Dat ass tragesch an terribel schued. Et wier un der Zäit, dëst Mënschebild dekomplexéiert nei ze entdecken, ouni d‘Feeler vu fréier ze widderhuelen. Well de Mënsch – besonnesch d’Kand – huet eng natierlech Sehnsucht, e Verlaangeren no Léift, Trei, Gebuergenheet, Vertrauen a Verlässlechkeet. „Staark Kanner“, Här Meisch, wuessen a stabilen a wouere Familljeverhältnisser op, an engem gesonde Mix vun Doheem an Dobaussen. D’Famill vun Elteren mat hire Kanner war, ass a bleift déi bescht Grondzell vun der Gesellschaft! An der Zäit war dat och fir eng DP selbstverständlech. Scho Friembetreiung vun deene Klengsten vu Moies bis Owes geet a ville Fäll net gutt aus.

André Grosbusch

Stëll Revolutioun an der Sexualerzéiung“ >>

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *