Loosst hinnen eng onbeschwéiert Kandheet

<< Kanner halen net drop, sou fréi vu friemen Experten mat Sex, sexuellen Orientatiounen, rare Situatiounen wéi Trans- an Intersexualitéit, asw., konfrontéiert an duerchernee gemaach ze ginn. A scho guer net am Kader vum Klassesall vun der Crèche bis an de Lycée. Si géife léiwer eng onbeschwéiert Kandheet verbréngen. Alles zu sénger Zäit!

Et ass sech och ze froen, ob dat hedonistescht Loschtprinzip e gudde Ratgeber ass, ob de Message, datt jiddwereen sou fréi wéi méiglech sexuell Relatiounen soll ausprobéieren, wierklech zu méi Erfëllung, Ausgeglachenheet an Zefriddenheet féiert. Wier et net vill méi wichteg, mol fir d’éischt gutt an onbeschwéiert Frëndschaften entstoen ze loossen, amplaz séilesche Schued ze riskéieren?

Hutt dir iech schonn d’Fro gestallt, firwat mir ëmmer méi Strukturen (musse) schafen fir verhalensgestéiert Kanner opzefänken: Psychiater, Psychologen, Educateuren, Kanner-a Jugendtelefon, Drogenhëllef, Suizidpreventioun, Ombudsleit, an sou weider?

Zum Schluss, nach dës Bemierkung: D‘Experten, déi sech zënter ronn 25 Joer an der UNO bäigemaach a virgedréckt hunn, vertrieden Theorien, déi zumindest diskutabel sinn, besonnesch wann se vu bestëmmten Ideologien ausginn. Dës Theorien un de Kanner weltwäit auszeprobéieren, un hinnen ze experimentéieren, ass a mengen Aen e Verstouss géint de Precautiounsprinzip. Datt d‘Fréisexualiséierung, wéi iwwregens de ganzen Discours iwwer Famill a Sexualitéit simultan an der ganzer Welt propagéiert ginn, entsprécht weeder engem éclairéiert-kriteschen, subsidiareschen demokratesche Prozess, nach féiert et zu enger gréisserer perséinlecher Fräiheet.

Fir dat ze verstoen, recommandéieren ech der Gabriele Kuby hiert Meeschterwierk „Die globale sexuelle Revolution. Zerstörung der Freiheit im Namen der Freiheit“. (2014) Dat Buch ass gutt recherchéiert, couragéiert, engagéiert, spannend geschriwwen, perspikass a schaarf an der Analys.

André Grosbusch

Stëll Revolutioun an der Sexualerzéiung“.

26.01.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *