Appel à témoignages

Léif Elteren all !

Hutt dir och schlecht Erfarungen gemaach mat der Sexualerzéiung an der Genderideologie an der Schoul, an Dir wëllt net weider nokucken wéi Äert Kand systematesch veronséchert an duercherenee bruecht gëtt, ouni datt Dir gefrot gitt ?

Schéckt eis Är Témoignagen: op isabella@famill.lu oder iwwer de Formulaire „Contact“ op dësem Site.

Wann Der net wëllt, datt den Numm vum Kand genannt gëtt, respektéiere mer dat, mee jidder Témoignage ass wichteg !

Vill Kanner genéieren sech och doheem eppes ze erzielen well se sech schummen, sinn awer emsou méi traumatiséiert !

Et ass wichteg, méiglechst vill Témoignagen als Beleg ze hunn, an ze wëssen, wéi eng Persounen do an d’Schoul koumen a wou, a wat se soten…..

Mir, déi mer fir de Schutz vum Kand antrieden, hu schonn erschréckend Zeienaussoe kritt, a wëllen dogéint virgoen.

Natierlech wär et dat Bescht wann d’Elteren sech zesummen géifen dinn, fir sech un d’Elterevereenegung ze wenden, déi sech bei der Schoulkommissioun oder beim neien Ombudsmann fir d’Rechter vum Kand giff beschwéieren !

Doduerch datt d’Elteren sech geschlossen mobiliséiert hunn, ass scho muenches geännert ginn!

Marie-Andrée Faber

18.01.2021


Liest och:

Loosst de Kanner hir Onschold!

Une pensée sur “Appel à témoignages”

  1. « Orientierung nach Durchschnittswerten bleibt sinnlos und führt zu Normvorstellungen, die höchstens zufällig erfüllt werden können. Jedes Kind muss als Indviduum begriffen werden, das seinen eigenen Rhythmus hat.“ (Remo Largo)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *