Chrëschtdag – an dëst Joer? (suite)

<< D’Thema Frëndschaft ass en Thema wat d’Kanner ëmmer nees beréiert. Duerfir wëll ech hei eng schéin Geschicht partagéieren, déi virun enger Zäit, wierklech geschitt ass: En Anthropolog, deen an Afrika geschafft huet, huet e puer Kanner invitéiert, e Spill mat ze maachen. En huet hinnen, e Kierfchen mat séissem Uebst ënner e Bam gestallt an hinne gesot, deen éischten, deen beim Bam wär, kinnt elo all d’Friichten, fir sech behalen. Dunn huet en den Départ ugesot: wat hunn d’Kanner du gemaach??? Et ass kee Kand eleng gelaf, mä: si hunn sech all d’Hand ginn a sinn all zesummen bei de Bam gelaf. Zesummen hunn se sech ënner de Bam gesat, d’Uebst gedeelt an zesummen giess. Den Anthropolog war ganz erstaunt iwwer d’Verhalen vun de Kanner an huet se gefrot firwat, se zesumme gelaf sinn, obwuel se d’Méiglechkeet gehat hätten, alles ze kréien. D’Kanner hunn dunn geäntwert: «Ubuntu». „Ech existéieren, well mir existéieren“, an anere Wierder: Kann dann een eenzelne glécklech sinn, wann di aner traureg sinn?

Dat ass eng schéin Philosophie fir mat de Kanner ze deelen.

Mir sinn all, en Deel vun der Léisung“ seet eis Regierung, fir d’Krise ze bewältegen.

Eigentlech trëfft dee Saz och op eppes Essentielles vun eisem Liewen: mir hunn all an eis, de Besoin, d’Verlangeren no Léift, no Frëndschaft, no Fridden. « Nous sommes sur terre pour expérimenter l’amour. C’est la première raison de notre incarnation », seet den Dr Luc Bodin an sengem Buch « La révolution de l’amour ».

E neien Zäitalter geet an e puer Deeg un, an elo ass och d’Zäit komm, eise Kanner de Message weider ze ginn, dass eis Gedanken, eist Behuelen vis-à-vis vun deenen aneren an déi Richtung soll goen: méi Frëndlechkeet, e klengt Laachen, ass jo net schwéier a bréngt deem aneren esou vill. Deen anere Mënsch, deen vis-à-vis vun eis steet, probéieren ze verstoen, och wa mer net senger Meenung sinn.

Mir musse keng grouss Spréng maachen, fir am Liewen dat Schéint ze gesinn, villes geschitt schonn, wa mer, dat wat mer maachen, mat Freed maachen: e gudde Spazéiergang duerch de Bësch, wou mer gesinn, wéi och do d’Natur permanent changéiert an eis iwwerrascht. Baken, usträichen, bastelen, mateneen schwätzen, iwwer „Gott an d’Welt“, wéi ee seet – ëmmer nees Neies bäiléieren – et ass dat Positivt, wat eis Welt weiderbréngt, an do ka jiddereen dozou bäidroen.

An deem Sënn wënschen mer iech all, e ganz schéint Fest an en excellent Neit Joer 2021.

Isabelle Schmit-Mines

17.12.2020

——————————————————————————————————-

Liest och:

Mutter-Kind-Bindung“ vum Marie-Andrée Faber

Endlech ass et souwäit: Aktualisierung: An alle im Groβherzogtum Luxemburg arbeitenden und/oder wohnenden Lehrer/Lehrerinnen, Erzieher/Erzieherinnen und Eltern: Vill vun hinnen hunn sech der Initiative vun engem Schoulmeeschter géint d’Droen vun de Masken ugeschloss. De Bréif gëtt direkt no der Vakanz un de Minister geschéckt. https://nues-am-wand.lu/aktualisierung-an-alle-im-gro%ce%b2herzogtum-luxemburg-arbeitenden-und-oder-wohnenden-lehrer-lehrerinnen-erzieher-erzieherinnen-und-eltern/

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *