Den 20. November 1989 ass d’Conventioun fir d’„Rechter vun de Kanner“ ënnerschriwwe ginn. Si war wichteg, di Conventioun fir dass d’Kanner solle geschützt ginn virun Abusen, dass definéiert ginn ass, wat d’Kanner brauchen, wat wichteg fir hir gesond Entwécklung ass.

Dass e Kand e Recht huet op e Numm, op eng Nationalitéit, op Soine fir seng Gesondheet, virun Gewalt protegéiert ze ginn, net däerfen virun engem gewëssenen Alter schaffe goen, asw.: dat ass ganz kloer ausgedréckt an d’Regierungen – wéinstens an eise Géigenden – halen sech och drun.

Mee wéi gesäit et dann fir di aner Paragraphen aus – dat ass net esou kloer, an d’Regierungen hunn do hir eegen Iddien.

« Pour garantir et promouvoir les droits énoncés dans la présente Convention, les Etats parties accordent l’aide appropriée aux parents et aux représentants légaux de l’enfant dans l’exercice de la responsabilité qui leur incombe d’élever l’enfant. »

Fir eis Regierung schéngt déi Hëllef aus „Sachleeschtungen“ ze bestoen: ass et dat, wat d’Conventioun gesot hat?

« La responsabilité d’élever l’enfant et d’assurer son développement incombe au premier chef aux parents ou, le cas échéant, à ses représentants légaux. Ceux-ci doivent être guidés avant tout par l’intérêt supérieur de l’enfant. » Do steet dach alles dran!

D’Conventioun beschreift kloer an däitlech, dass den Intérêt vum Kand dat allerwichtegt ass. All Kand huet säin eegene Rhythmus an et ass net am « intérêt supérieur de l’enfant », wann et, z.B., fir eng Friembetreiung ze fréi ass, well et villäicht méi sensibel ass, wann et beemol apathesch oder aggressiv gëtt oder di vill Kanner beieneen net verdréit. Ass et richteg, d’Elteren ze diiskriminéieren, wann se hirem Kand dat net méi laang wëll undoen?

 « Reconnaissant que l’enfant, pour l’épanouissement harmonieux de sa personnalité, doit grandir dans le milieu familial, dans un climat de bonheur, d’amour et de compréhension. » >>

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *