Zoufälleg hunn ech op RTL gelies, dat den 12.November de Grousselteren hiren Éierendag war.

Allerdéngs ass dowéinst ëffentlech, am Géigesaz zu Mammen- resp. Pappendag wéineg Ophiewes gemaach ginn, a bal keen huet eppes dovu matkritt.

Dat fannen ech eigentlech schued, well d’Grousselteren spillen eng net onwesentlech Roll am Liewe vun de Kanner.

Si huelen sech Zäit fir hir Enkel, spille mat hinnen, erzielen hinne spannend Geschichten, an ënnerhuelen mat hinne vill flott Aktivitéiten.

Si bréngen hinne munch Neies bäi, si gedëlleg Hausaufgabebegleeder.

Jo, si däerfen si och mol verwinnen, sinn wichteg Ansprechpartner a Vermëttler, an, an, an…

Besonnesch haut, wou d‘Eltere quasi gezwonge sinn schaffen ze goen, well d‘Politik hinne keen anere Choix léisst, sinn si oft onverzichtbar Ersatzmammen an Ersatzpappen a bidden hiren Enkel e gemittlecht Doheem, wou se sech gebuerge fillen, statt datt se misste vum Babyalter un an d‘Friembetreiung !

Dëst ass eng grouss Chance fir vill Kanner, leider net fir all, sief et datt d‘Grousselteren ze wäit ewech wunnen, selwer nach schaffe ginn, oder si där Aufgab net méi gewuess sinn.

Vill Grousselteren wëllen déi Charge och net regelméisseg unhuelen, an dat ass hiert gutt Recht !

Schliisslech hunn si hir eege Kanner selwer groussgezunn, an missten elo hire wuelverdéngte „ Ruhestand“ genéisse kënnen, a sech mat deenen Aktivitéiten, déi se virdrun net konnte man ze beschäftegen, ze reesen, jee, ze maachen wouzou si grad Loscht hunn.

Wësse mir als Gesellschaft also hiren Asaz am Déngscht vun de kommende Generatiounen ze schätzen, a leeft do net eppes grëndlech schief, wann et den Elteren net méi méiglech ass, sech selwer ëm hir Kanner ze këmmeren ?

Marie-Andrée Faber

18.11.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *