Mir sinn eis eens, dass et fir kee Kand gutt ass, wann et aus sengem normalen Ëmfeld erausgerappt gëtt“, sot de Max Hahn an der Chamber, an en huet sech domat op d‘Schoul bezunn, déi soll an der Corona-Kris opbleiwen. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt een déi Feststellung grad esou gutt op d‘Famill bezéie kann, aus där, e Baby brutal erausgerappt gëtt, well d‘Eltere musse schaffe goen.

Wéi mir eis bestuet hunn, war et fir eis kloer, datt, wa mer Kanner kréichen, een vun eis géif doheem bleiwen, soulaang si kleng sinn an eis brauchen.

Dat hu mer och sou gemaach an ni bedauert. Leider ass dat mat der häiteger Regierung, déi sech zwar liberal nennt, mee de Familljen opzwéngt, wéi se ze liewen hunn, net méi méiglech. Et muss Gambia dach kloer sinn, wéi wichteg, grad déi éischt dräi Joer fir eng zolitt Mamm-Kand-Bindung an d‘Urvertrauen sinn. Dat hate mer an eiser Petitioun vrun e puer Joer betount, mee der Familljeministesch hir onasiichteg Reaktioun ass ëmmer déi selwecht. Sou huet si z.B. an der Chamber,dem Här Kartheiser geäntwert:

Dat ass äre Wahlprogramm. Dir kënnt deen esou vill verdeedegen wéi der wëllt. Mir hunn eis Meenung dozou…“

Dovu kann ech e Liddche sangen:

An der Realitéit spillen sech dofir all Dag Dramen of, déi vill Häerzleed verursaachen. Well ech, wéi bei mengen eegene 5 Kanner, och mengen Enkelen, d‘Crèche wëll erspueren, koum dat Jéngst lo nom Congé parental mat 9 Méint bei eis. Mee, frot net wéi haart dat fir et war!Verschlëmmert gouf dat natierlech duerch d’Pandemie, wou mer eis ganz laang net konnte gesinn, an hatt, ausschliesslech seng Elteren a Geschwëster gesinn huet. Am Ufank ware mir Grousseltere wéi Friemer fir hatt, an et wollt absolut net aus senger Mamm hiren Äerm, an et huet ëmmer ëm sech gekuckt, ob si nach do wier. Esou e klengt Kand huet jo nach keen Zäitbegrëff, a weess net fir wéi laang seng Mamma fortgeet! War et dann ënner Kräischen bei eis, a seng Mamm ass rëmkomm, wollt et sech net méi vun hir trennen. Et huet hir Stëmm ënnert allen direkt erkannt, a seng Blécker hu verroden, wéi et si brauch a vermësst huet. Heiansdo war et sou ontréischtlech, datt seng Mamm huet éischter mussen mat der Aarbecht ophalen, an heem kommen!

Mee dat ass leider beileiwe keen Eenzelfall, an ähnlech Szenen spillen sech a ville Familljen of, wou d‘Kanner souguer deelweis musse bei komplett friem Betreier. Et freet een sech, wéi vill Kanner nach onnéideg musse leiden, ier endlech eng Asiicht oder eng aner Regierung kënnt, déi en Häerz fir d‘Famill huet…

Marie-Andrée Faber

29.10.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *