Dëse Slogan, op enger Foto am LW vum 18. September (S. 5) ze gesinn, erklärt wonnerbar wéi et méiglech ass, datt déi franséisch Assemblée nationale den 1. August 2020, e Gesetzesamendement gestëmmt huet, deen d’Ofdreiwung bis zum Moment vun der Gebuert erlaabt, net just wann d’Liewe vun der Mamm a Gefor oder d’Kand schwéier behënnert ass, mee: « pour détresse psycho-sociale ».

Esou eng Noutlag, och wann se vu méi wéi engem Dokter festgestalt gëtt, ass esou vague, datt ganz verschidden Interpretatiounen an Aschätzunge méiglech sinn. Dat geet vun « troubles psychiques graves » bis hin zu « précarité sociale ».

Natierlech sinn IMG (Interruption médicale de grossesse) géint Enn vun der Schwangerschaft rar, och well se héich geféierlech fir d’Mamm sinn.

Mee Fraen, déi de legalen Délai vun 12 oder 14 Wochen iwwerschratt hunn, kënnen an Zukunft (wann d’Gesetz definitiv a Kraaft trëtt) dës onpräzis, elastesch Indikatioun z.B. am 5. oder am 6. Mount geltend maachen, an hirem Dokter geschitt dann natierlech och näischt.

Domat sinn déi radikal Verfechter vun engem illimitéierte „Recht op Ofdreiwung“ an alle Stadie vun der Schwangerschaft, hirem „progressistischen“ Zil alt erëm e Stéck méi no. Si verlaangen och, datt all « Professionnel de la santé » an hirer Formation initiale, d‘Technik vun der Ofdreiwung bäibruecht kréien. Eventuell Retizenzen solle gebrach an den Akt banaliséiert ginn. Schliesslech wëlle se den Dokteren, Infirmièren an Hiewannen hiert Recht op eng « Objection de conscience » ewechhuelen, se also zwéngen, hiren hippokrateschen Optrag ze verroden.

Jo, dat si konkret Fuerderungen vum „Weltdag fir e Recht op Ofdreiwung“, deen den 28. September zelebréiert gëtt (allerdéngs vun der UNO net unerkannt).

Leit, déi eppes dorun auszesetzen hunn, kréien de Stempel vum ultrarietse Fanatiker opgedrummt, an domat de Mond gestoppt: « ta gueule! » Datt niewt « mon corps », och dass nach de Kierper vum ongebuerene Kand duerno striewt op d’Welt ze kommen, gëtt ënnerschloen. Mat Éierlechkeet, Hëllefsbereetschaft a Respekt vun der Gedanken- a Meenungsfräiheet huet dat näischt méi ze dinn. E Maulkuerf, eng sozial Kapitulatioun, en Ugrëff op d’Demokratie!

Dat Schlëmmt dobaï ass, datt di meescht Leit, wéi bei esou Villem, einfach wech kucken, oder sech net méi trauen, hir Bedenken ze äusseren.

D’Simone Veil huet betount, datt et kee Recht op Ofdreiwung gëtt, datt d’Ofdreiwung ëmmer een Drama ass, a nëmmen an den éischten 10 Wochen vun der Schwangerschaft an extremen Noutsituatiounen, eng depenaliséiert Ausnam zum prinzipiell schützenswerte Recht op Liewe ka sinn. D’Verhütung, net d’Ofdreiwung, war an hiren An, de Fraen hire Moyen, selwer ze bestëmmen, ob se e Kand kréie wëllen oder net.

Mëttlerweil ass d’Loi Veil komplett pervertéiert. D’IVG ass villfach de Service après vente vun der Contraceptioun, an déi, déi enger Fra wëllen hëllefen hiert Kand ze behalen, riskéiere ferm Strofen wéinst « entrave à l’IVG ».

André Grosbusch

Ettelbruck

30.09.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *