Elo, wou nach weider Tester gemaach ginn, riskéiere mer nees, dass Kanner a Quarantaine musse goen.

Wat bedeit dat fir d’Elteren, déi zu zwee schaffen?
Nees eng nei Organisatioun, déi a ville Fäll, eng enorm Nervositéit an Onsécherheet mat sech ka bréngen, en onméiglechen Duerechereneen fir dass d’Kand net vernoléissegt gëtt.

Fir vill Elteren, déi elo, nom Confinment, nees zu zwee musse schaffe goen, ass et enorm schwéier: si mussen sech an dat Hamsterrad fügen, dauernd dréinen a fonktionéieren, mä fir dat Wichtegst, fir dat Wäertvollst, wat se dach hunn, kaum nach Zäit hunn.

Soll dat alles sinn? Soll dat de Sënn vun allem sinn?

Sou gesinn, kënnt d’Petitioun vum Ait Zakhar Majida um richtege Moment: wann déi Mammen / Pappen, déi sech et wënschen, doheem kéinte sinn, wär villes, ganz villes fir si, fir d’Kanner, vill méi einfach.

D’Petitioun ass de verzweifelten Appel vu Mammen, déi gären Mamm sinn, vu Mammen, déi méi bei hire Kanner wëlle sinn, déi sech Zäit wëllen huelen fir mat hinnen ze kuschelen, ze spillen, ze schwätzen, ze baken, asw.

Et ass de verzweifelten Appel vu Mammen, déi es midd sinn, e Beruff mussen auszeüben, deen hinnen net esou vill Satisfactioun gëtt, déi verzweiflen, well se all Dag an engem onsënnegen Stau musse stoen, wou déi Mënschen, déi se wierklech brauchen, op si waarden.

Et ass de verzweifelten Appel vu Mammen, déi einfach wëllen de Choix hunn, selwer hir Kanner ze betreien, mee déi et finanziell net kënnen droen, an eisem Land.

All Elteren leeschten eng grouss Aarbecht, alleguerten hunn se eng grouss Responsabilitéit, besonnesch och an eiser Zäit, wou d’Kanner esou ville Geforen ausgesat sinn.

D’Petiitoun: « Valorisation du statut de femme/homme au foyer sur la base d’une rémunération étatique et d’un certificat de travail » huet demno hir voll Berechtegung.

Wann, déi Mamm, dee Papp, deen de Choix mécht, doheem ze sinn bei de Kanner, eng Ënnerstëtzung géif kréien, sou wéi déi Elteren, déi hir Kanner an eng Friembetreiung ginn, wann se eng kleng Indemnitéit, e Statut, Cotisatiounen fir d’Pensiounskeess, zegutt hätten, wär vill méi Rou fir d’Elteren, fir d’Kanner, fir d’Gesellschaft.

D’Krise huet eis gewisen, dass mer un eiser Limite ukomm sinn, dass mer an engem Hamsterrad ouni Enn dréinen, dass mer endlech mussen ëmdenken. An dat geet net ouni d’Elteren, net ouni d’Kanner.

Ënnerschreift och Dir d’Petitioun nr 1666 :

« Valorisation du statut de femme/homme au foyer sur la base d’une rémunération étatique et d’un certificat de travail »
But de la pétition: Cette pétition a pour but de donner la possibilité aux femmes et aux hommes désirant s’occuper de leurs enfants un vrai statut social.

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2111

 

Isabelle Schmit-Mines

30.09.2020

Liest och:

« Mon corps, mon choix, ta gueule »: vum André Grosbusch

Une pensée sur “E verzweifelten Appel”

  1. Ech hu meng Carrière un den Nol gehangen fir mech ëm meng Famill ze këmmeren. Menger Famill geet et säitdeem besser, mee ech gi vun der Gesellschaft als faul oder privilegiéiert a mäi Kand als verwinnt higestallt, a vun den Feministen als e schlecht Virbild fir kleng Meedercher ugesinn. Dobäi hun ech näischt geklaut. Ech kréien keng Pei, keng staatlech Ënnerstetzung, ech sinn inexistent. Ech hunn déi Petitioun ënnerschriwwen, well ech wënsche mer, dass mir Mammen a Pappen, déi ons ëm ee wichtegen Deel vun der Gesellschaft këmmeren, ons Zukunft ons Kanner, einfach ee Minimum un Dignitéit a Respekt gewisen kréien… an ech mengen domat NET eng finanziell Ënnerstëtzung. Just eng Unerkennung vum Statut.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *