Mir stellen eis alleguerten Froen iwwer di aktuell Situatioun. Hei e puer Reflexiounen.

Ech verdroen di Mask net gutt. Ech kréien net gutt Loft an oft gëtt et mir och schlecht. Ech hu schonn Angscht wann d’Schoul nees ugeet a mir missten di Mask vill unhunn“, sot d’Jessica, 11 Joer.

De Brëll leeft mer un mat der Mask, ech ka mech schlecht konzentréieren. Ech fannen, et geet duer“, sou seet et de Luc, 14 Joer.

Wéini kann ech nees mam Luca spillen?“, freet de Ben, 6 Joer.

Dat sinn e puer Beispiller vu Kanner, déi sech eigentlech freeën nees an d’Schoul ze goen, mä sech d’Fro stellen, ënner wéi enge Conditiounen?

Dat ass wat och d’Elteren sech froen. Ginn d’Klassen nees gedeelt oder net? Mussen d’Kanner dauernd eng Mask unhunn?

Däerfen se iwwerhaapt nach mateneen spillen oder mussen se eleng an der Paus sinn?

Falen elo Niewefächer ewech? Fällt de Sport ewech? Falen Fächer ewech, déi fir hir Allgemengbildung oder fir hir Kreativitéit wichteg sinn? Froen, op Froen…

Wann am Bildungsministère, elo vill iwwer d’Organisatioun vun de Schoulen nogeduecht gëtt, sinn awer nach aner Aktivitéiten, ronderëm d’Schoul, déi fir d’Kanner wichteg sinn. D’Schoul ass jo och net alles…

Wéi vill Kanner sinn an engem Sportsclub, wou se hir Muskelen trainéieren, wou se sech kënnen defouléieren, wou se Kollegen begéinen, déi net mat hinnen an der Schoul sinn.

Wéi vill Kanner, sange gären, spillen Musék. Ginn et och elo keng Gesang-a Musékscoursen méi?

Wéi vill Kanner ginn och gären an de Katechismus, well se do en anere Bléck kréien op eis Traditiounen, op eis Kultur, op d’Liewen, op eist Zesummeliewen.

Sollen all di Extracoursen, déi de Kanner en Ausgläich ginn hunn, déi de Kanner, Freed gemaach hunn, elo ophéieieren? Ophéieren, well dee Virus am Gaangen ass, eist sozialt Liewen ze zerstéieren?

D‘Kanner leiden drënnner, dass se hir Kollegen net méi wierklech kënne gesinn, net méi wierklech kënnen mat hinne spillen oder schwätzen.

Wat ass richteg, wat ass falsch? Fir di eng hunn d’Maske kee Wäert, fir di aner sinn se eng wichteg Protectioun. Di eng soen, de Virus ass am Gaangen fortzegoen, di aner gesinn de Contraire. Di nodréiglech Schied duerch all d’Restriktiounen – Depressiounen, Suiciden, Aarmut, Panikattacken – sinn méi schiedlech wéi de Virus selwer soen di eng. Fir di aner sinn di Mesüren wichteg fir di vulnerabel Populatioun ze schützen.

Wir haben arge Zweifel, dass es hier wirklich verhältnismässig ist, so wie die restriktiven Massnahmen erfolgt sind. Dieses muss untersucht werden.“, seet den Dr Heiko Schöning aus Hamburg., Matbegrënner vum „Comité ACU“ (Ausserparlamentarischer Corona Untersuchungsausschuss) an Däitschland.

Effektiv, ginn et elo uechtert d’Welt, Dokteren, déi sech vill Froen stellen, wat dann elo richteg oder falsch ass. Z.B., a Spuenien hunn sech eng 200 Dokteren zesummegesat, „Médicos por la verdad“.

Oder, a Frankräich, wou d’Dr Eve Engerer, médecin généraliste, seet: « Je suis un médecin très simple, j’aime les enfants et j’ai à cœur qu’ils restent libres. Or, avec ce qui est en train de se profiler, on passe à la vitesse supérieure et on ne sait pas ce qui nous attend à la rentrée pour les enfants. A la rentrée je dis STOP aux masques.. Les gens sont en état de choc. »

A wéi vill Elteren maachen sech Suergen ëm de Kanner hir Zukunft, wann se net genuch gefërdert ginn, wann nees Schoulen zougemaach ginn, well e puer Kanner de Virus hunn? Et gëtt en Ënnerscheed tëschent Infektioun an Krankheet: net jiddereen, deen infizéiert ass, gëtt krank.

Wéi solle mer de Kanner Vertrauen an d’Liewen, Vertrauen an hir Zukunft schenken, wann d’Liewen nach just aus Angscht besteet? Wéi solle mer hiren (eisen) Immunsystem stäerken, wann mer an enger permanenter Angscht liewen? An dobäi ass e gudden Immunsytem essentiel.

D’Kanner brauche Freed, d’Kanner brauche Mënschen, mat deenen se frou sinn, d’Kanner brauchen Zukunft!

Isabelle Schmit-Mines

31.08.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *