Spécial: Fête de la Musique 2020

All Joer, den 21. Juni ass d’« Fête de la Musique »: deen Dag, den Ufank vum Summer, soll alles am Zeeche vu Musék sinn, an d’Iddi ass och, dass d’Concerten sollen jidderengem zougänglech snn – also, gratis Opféierungen, musikalesch Vielfalt, Musék op villen ëffentleche Plazen.*

Just, dëst Joer, wéint der Krise, war alles anescht: keng Concerten, keng ëffentlëch Optrëtt. Och hei, hat d’Krise eis fest am Grëff.

Trotzdem, wollten eng Rei Proffen, Kanner a Jugendlecher hir Presentatioun, den Héichpunkt, op deen se sech jo all Joer freeën, net ganz entbieren: dat sinn d’Proffen an d’Schüler, déi un der UGDA affilléiert sinn.

Si hunn dunn e spontane Flashmob organiséiert, un deem eng ganz Rei Veräiner participéiert hunn.

Si hunn all dat selwecht Muséksstéck fir den 21. Juni geprouft : „Beyond the clouds“, vum Mathias Börgmann. Doheem, hunn se geübt, iwwer Videokonferenz waren se am Kontakt mat hirem Prof.

Du war et esou wäit: pünktlech um 11,30 hunn se virun hirer Gemeng, di schéin Musék gespillt, déi och iwwer di sozial Medien iwwerdroe gouf.

Sou ass, trotzdem hei am Land, d’« Fête de la Musique » gefeiert ginn, en Héichpunkt fir d’Musiker (liest och dozou dem Kassandra säin Bäitrag).


* Di éischt „Fête de la Musique“ ass zu Paräis, am Joer 1982 organiséiert ginn. Et war d’Iddi vum Jack Lang, deemols, franséische Kulturminister, fir d’Musék jidderengem zougänglech ze maachen. D’Fête de la Musique, gëtt elo weltwäit organiséiert.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *