Ouschteren steet virun der Dir

De ganzen Dag Doheem: eng nei Erfahrung

Fir di meeschte Kanner war d’Begeeschterung grouss, wéi se gewuer gi sinn, elo wär emol 14 Deeg laang keng Schoul.

Hausaufgaben sinn zwar um Programm, sou dass d’Léieren nach ëmmer zu hirem Alldag gehéiert. Glécklech, déi Kanner, deenen hir Elteren endlech elo Zäit hunn, fir hinnen z’erklären, wat se net esou richteg verstinn.

Well, et ass genee dat, wat fir d’Kanner oft schwéier ass: si verstinn net ëmmer direkt, wat d’Léierin oder de Schoulmeeschter an der Schoul seet. A wann d’Elteren, am „normalen Alldag“ wéineg Zäit hunn, d’Aufgaben mat hinnen duerchzehuelen, kann et séier zu engem cercle vicieux kommen: well wann dat eent net verstane gouf, kann dat nächst och net verstane ginn. Eng Situatioun, wou d’Kand net méi erauskënnt a wou dann d’Schoul nach just Horror ass. Mir kréien ëmmer gesot, de Congé parental wär jo do fir Zäit ze hunn mat de Kanner. Mä et geet net duer: Och d’Schoulkanner brauchen am Alldag eng Ënnerstëtzung. Dat ass d’Erausfuerdung, wa mer dës schwiereg Zäit vum Corona-Virus hannerun eis hunn: emol iwwer d’Aarbechststonnen, iwwer d’Aarbechtszäiten nozedenken.

Elo, ass den Alldag en aneren, Kreativitéit ass verlaangt vun alle Säiten, fir dass d’Zäit sënnvoll genotzt gëtt.

Well, d’Angscht vu villen Elteren ass och, dass d’Kanner stonnelaang bei der Televisioun sëtzen oder sech ze vill mat Playstation oder Tablet beschäftegen.

Et ass och eng Angscht do, dass eist Liewen esou ageschränkt gëtt, dass d’Kanner iwwerhaapt net méi däerfen virun d’Dir goen, wat awer aner Konsequenzen hätt: d’Kanner brauchen frësch Loft, d’Kanner brauchen Bewegung fir hiren Equiliber an hir Gesondheet.

Spazéieren goen an der Natur ass net verbueden, mä mir däerfen nëmmen mat deene Leit erausgoen mat deene mer liewen, et muss een Ofstand halen wa mer en anere Mënsch begéinen.

Wat kënnen d’Elteren nach mat de Kanner doheem maachen? Zesumme backen, zesumme kachen, e grousse Puzzle zesummestellen, Ouschtereeër fierwen, „Memory“ spillen oder „Mensch ärgere dich nicht“, asw., all di Gesellschaftsspiller sinn nach ëmmer aktuell a sënnvoll, well se eis d’Geleeënheet ginn zesummen eppes ze maachen, zesummen ze laachen.

An elo wär jo dann fir d’Kanner, di wonnerbar Geleeënheet, dat ze maachen, wat se jo am beschten missten kënnen: spillen. Elo kënnen se jo intensiv sech an e Spill verdéiwen, an hir Phantasie einfach goe loossen.

Duerch dës Krise léiere mer nees, eis op dat Wesentlechst ze konzentréieren. Duerch si kënnen vill Mammen, Pappen, den Alldag mat hire Kanner erliewen an entdecken, hir Kanner besser kenne léieren, sech Zäit huelen, mat hinnen ze schwätzen, ze diskutéieren. Well eppes, watoch d’Kanner charakteriséiert ass, dass se schrecklech gären eppes bäiléieren.

Notze mer dës Zäit, wou mer kee Stress hunn, d’Begeeschterung vun de Kanner mat ze erliewen, wann si sech fir eppes begeeschteren.

Isabelle Schmit-Mines

20.03.2020

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *