A propos: « Manner Staat »

hunn ech mer beim Liese vun der Madame Gantenbein hirem Interview*, dës Iwwerleeunge gemaach:
Mir an eis Virgänger hunn zënter ze laang schonn, dem Staat, Rechter ofgetrueden, déi hien mëssbraucht, fir iwwer eis Käpp eweg, Saachen ze décidéieren, mat deene mir net d’accord sinn; an dozou gehéiert onbedéngt d’Kanner- a Familljepolitik vu munche Regierungen; ma Gambia schéngt mer déi schlëmmst an deem Sënn ze sinn.
D’Familljen hu keng Rechter méi, ma nëmmen nach Flichten: si musse fir de Wuelstand an de Liewensstandard suergen, deen de Staat gär hätt; dass do d’Kanner op der Streck bleiwen ass hinnen egal. An och déi Alibi-Moossnamen, déi se fir d’Kanner ergräife wëllen, sinn nëmmen eng Plooschter op en Holzbeen; well si hunn op der ganzer Linn versot:
D’Elteren musse schaffe goen, an d’Kanner mussen an d’“Kräisch“ an an de „Relä“ goen, fir dass hire System opgeet.
Eis Kanner sinn ze vill wäertvoll, fir dass mir se dem Staat bedingungslos iwwerloossen!
Et gëtt Zäit, dass d’Elteren an d’Kanner op d’Strooss gin, fir hir d’Familljerechter an d’Rechter vun eise Kanner erëmzefuerderen!- Mir hunn eis ze laang an ze vill vun deene muechtbesiessene Potentaten gefale gelooss!- Et gëtt héich Zäit, eis ze wieren ier d’Kand am Pëtz läit! Et ass hoffentlech nach net no 12 . . .

 Michel A. MATHIAS

P.S.1: Sinn eis Schoulen eng « Éducation Nationale » oder eng « Instruction Publique »?
Éducation Nationale géif heeschen, dass de Staat eis Kanner géif erzéien; an dorop schéngen se jo aus ze sinn; an dat katastrophalt Resultat dovun gesi mer Dag fir Dag méi däitlech!
Wiere mer eng « Instruction Publique », da misst de Staat dofir suergen, dass eis Kanner dat bäibruecht kréichen, wat se duerno am Liewe brauchen; an dat schéngt och net de Fall ze sinn, well de schouleschen Niveau vun eise Kanner hëlt vu Joer zu Joer of; vu Pisa net mol ze schwätzen . . .

P.S.2: An da jäitze vill Leit nach no méi Staat, amplaz selwer eppes ze maachen; dofir si mir zum Deel mat Schold un deem Dirigismus, deen sech nach ëmmer méi zouspëtzt; geschwënn hu mer eis Rechter all ofginn . . .

M.-.A. M

*Luxemburger Wort, den 6. März 2020: „Anlass zur Sorge“: Interview vum Michèle Gantenbein mam Dr Patrick Theisen a mam Dr Fernand Pauly

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *