Fraen, vun enger Ofhängegkeet an di aner

Deemools… d’Fra hat vill manner Rechter, war ofhängeg vum Mann sengem Gehalt, si hat et, je no Mann, méi oder manner gutt. Si hat och méi oder manner Kanner, no deene si gekuckt huet oder ze kucken hat. Wa se Chance hat, hat se gewësse Fräiheeten an e léiwe Mann. Wa se Pech hat, huet de Mann déi Ofhängegkeet ausgenotzt, si krut kaum Fräiheeten, an och keng eege Suen. Säithier huet sech villes geännert. D’Fra huet vill méi Fräiheeten.

Oder?

Jo, d’Fra ass net méi ofhängeg vun hirem Mann, si ka schaffe goe wa se wëll.

Oder?

Elo kritt dann d’Fra eng eege Rent sou dass si och eleng am Liewe kloer kënnt, och wa si al

gëtt, t’ass also villes méi einfach fir si.

Oder?

D’Fraen hu gekämpft fir hir Onofhängegkeet, si wollte schaffe goe wa si wollten, a Kanner kréien ouni missen op hier Carrière/hire Beruff ze verzichten.

Awer… ass dat ganzt net an di falsch Richtung gaangen? Amplaz eng Fräiheet ze kréien, si se vun enger Ofhängegkeet (vum Mann) an di nächst gefall (vum Staat, der Wirtschaft, dem Patron). Fir hinnen och beim Wonsch vu Kanner a Carrière „ënnert d’Ärem ze gräifen“, goufe Méiglechkeete geschaf, béides souzesoen ënnert een Hutt ze kréien. D’goufe Crèchen a Maison Relais opgemaach an enger Vitesse a Quantitéit, dass et erschreckend war.

Parallel goungen d’Präisser vun den Terrainen an Immobilien erop, well sech jo, dank 2 Paien, méi Leit méi leeschte konnten. An erëm huet sech alles an engem Tempo entwéckelt, dass et wäit iwwer d’Ziel geschoss ass. A kengem ass et sou richteg bewosst ginn!

Wou sti mer haut?

Meeschtens ass et esou, dass d’Fra muss schaffe goen, heefeg ganzdags, si huet keng Wiel, d’Wunneng muss ofbezuelt ginn, well de Prêt antëschent op 40-45 Joer leeft – net wéi deemools op 10-15 Joer. Et mussen 2 ganzer Paien era kommen, well de Prêt nawell zolitt ass – net wéi deemools, wou de Papp eleng de Prêt konnt ofbezuelen. Well béid schaffe ginn, mussen och heefeg 2 Autoen hier, fir flexibel a mobil ze bleiwen, zemools wa Kanner do sinn déi och nach an eng Crèche/bei eng Dagesmamm misse gefouert gi fir kënne schaffen ze goen.

Jo, kloer et gëtt Kannergeld, souguer 3 € méi wéi nach viru gutt engem Joer – awer och vill manner fir dat 2., 3.,.. Kand wéi viru gutt engem Joer.

An deemools, zur Zäit vun eisen Eltere gouf et keen oder wéineg Kannergeld, kee Chèque Service, keng „Gratis“ Kannerbetreiung. Se kruten heefeg méi wéi 1 Kand, hate 1 Auto, hu Kleeder vun engem zum anere weider gereecht, si net oder just wéineg an d’Vakanz gefuer,…

Mä se goufen all iergendwéi sat a se haten eng Famill, déi se all Dag gesinn hunn. Haut, mat der nei erreechter Fräiheet, huet eng Fra och nach en Akommes wa se eleng do

steet, wa se schaffe geet. Mä huet trotz Schaffen, an ëmmer méi heefeg, nawell kee Su um Enn vum Mount Rescht. Si muss sech och domat zefridde ginn, d’Kanner just Owes an de Weekend + Vakanzen ze gesinn, bezilt Crèche /Maison Relais, an huet net méi vill vun hire Kanner. Jo kloer, ab der Rentrée 2017/18 gëtt d’Crèche deelweis „gratis“ fir si. Mä ass dat di nei Fräiheet vun der moderner Fra? Geet et eis als Elteren elo ewell besser?

Lëtzebuerg huet dat 2. héchst pro Kapp Akommes vun der Welt. AWER:

– All 5. ass hei am Land vum sozialen Ofrutsche bedréit (di Tendenz hëlt zou);

– Laut Unicef ass all 5. Kand hei am Land, dat an der Aarmut lieft.

– Et gëtt gerechent, dass et bis 2020 ronn 19% vun de Matbierger, vun der Aarmut bedréit

sinn;

– Een, dee mat manner wéi 60% vun engem mëttelen Akommes vun der Bevëlkerung

auskomme muss, ass vun der Aarmut bedréit. Auslännesch Matbierger, déi hei am Land

wunnen, sinn dovun duebel sou heefeg betraff;

– Déi Leit, déi hei am Land gutt liewe wëllen, egal op Lëtzebuerger oder Auslänner, sinn heefeg

op d’finanziell Reserve vun den Elteren oder Grousselteren ugewisen.

– De Präis pro Wunneng wäert am Schnëtt ëm 5.000 € pro m2 leien wann ee net ze wäit am Norde wunne wëll, sou dass Leit déi net sou gutt verdéngen, och alt mol ëm 40% vun hirer Paie fir d’Wunneng mussen ausginn;

– 11,6% vun den Ugestallten iwwer 18 Joer si vun der Aarmut bedréit, wat de schlechtste Wäert hei an Europa ass. Eleng de Mindestloun ass vill ze niddreg ugesat fir dem entgéint ze steieren.

A sou geet et weider, d’Schéier tëschent Räich an Aarm geet weider auserneen. Déi di et sech leeschte kënne Kanner ze kréien, déi komme nawell besser ewech an déi Kanner hunn och besser Chancen am Liewen – di aner hunn ebe Pech, an et gëtt een dem Gefill net lass, dass deenen de verstoppte Message matgedeelt gëtt: se solle kucke keng Kanner ze kréien!

D’Fräiheet vun der Fra hänkt also net méi vun hirem Mann of, mä vun hirer Stellung op hirer Aarbecht, vun hirem Gehalt an och vun der Unzuel u Kanner déi se NET kritt. Hiert Wuel hänkt oft vum Wuelwëlle vun hirem Patron of, wéi flexibel se dierf schaffen a wéi vill Fräiheet se dofir huet.

Vun engem Extrem an dat anert! Vun der Ofhängegkeet vum Mann, zur Ofhängegkeet vun der Aarbechtsplaz, der Wirtschaft, eben dem Geld.

Loosst den Elteren hier Onofhängegkeet, d’Fräiheet z’entscheede wat dat Bescht fir si ass, dat Bescht fir hier Kanner, an ënnerstëtzt si dobäi! Entscheedunge fir beim Kand ze bleiwen oder schaffen ze goen solle net eleng vum Akommes oder Status ofhänken.

Dir, léif Regierung hutt d’Moyenen, a kënnt entscheede wéi vill Fräiheet mir Bierger/Elteren an eiser Moderner Zäit wierklech hunn. An enger Zäit wou de Wuelstand gären op de Lëtzebuerger Fändel gestach gëtt.

A wat ass elo mat de Kanner vun deemools, déi de „Luxus“ nach kannt hunn an de Vakanzen auszeschlofen, dobausse mat den anere Kanner stonnelaang ze spillen, mat der Mamm zesummen ze baken oder aner Saachen ze maachen…? Dat sinn déi di sech glécklech schätze kënnen, si hunn alles dat nach kannt. Wonnerschéin Erënnerungen un déi Zäit mat der Famill, déi net ëmmer einfach war. Sou Erënnerungen hu si, di Kanner vun deemools, d’Eltere vun haut. Mir.

Méi Elteren, manner Staat a Famill.lu

11.09.2017

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *