Eleng…

Aarmut

Vun uewen erof kréie mer gesot: « Gitt all schaffen, fir net an d’Aarmut ze falen, Är Kanner sinn jo gutt an enger Betreiungsstruktur versuergt! ».

Vun uewen erof kréie mer gesot: « Géint den décrochage scolaire, ass d’Fréifërderung wichteg an d’franséisch an de Crèchen. »

Vun uewen erof kréie mer och gesot: « D’Elteren sollen Zäit fir hir Kanner hunn! »

A wéi gesäit d’Wierklechkeet aus?

Wann mer duerch eist Ländchen fueren gesi mer schéin Haiser, nei Autoen, grouss Autoen, propper Strossen.

Alles paletti? Neen : « Der Schein trügt »!

« Jeder Fünfte in Luxemburg lebt in der Angst, nicht über die Runden zu kommen » schreift d’Michèle Gantenbein an hirem Artikel « Auf Messers Schneide » (Luxemburger Wort, 04. Februar 2020).

Wat bedeit dat am Alldag, dauernd an der Angscht ze liewen, beemol op der Strooss ze sinn? An der Angscht ze liewen, seng Kanner mussen ewechzeginn, well een se net méi kann ernieren? An der Angscht ze liewen, keen Dach méi iwwert dem Kapp ze hunn?

Si liewen an engem permanenten Drock, deen och d’Kanner ze spieren kréien.

Ëmmer méi Jugendlecher falen an d’Kriminalitéit, erschreckend ass, dass se oft immens jonk sinn, an di psychesch Problemer bei de Kanner huelen däitlech zou.

Vun den Ursaachen gëtt kaum geschwat.

Wuel gëtt an therapeutesch Strukturen, an Opfangstrukturen, investéiert, fir dass de Kanner soll gehollef ginn – wann et bal schonn ze spéit ass. Et gëtt an Betreiungsstrukturen investéiert, Crèchen, Maison-relais. Kaum een deen sech äussert, dass an d’Elteren soll investéiert ginn. Wéi dann? De Congé parental ass dach agefouert ginn!! Jo, mä, och grouss Kanner brauchen hir Elteren, och grouss Kanner sinn net frou, wann se heem kommen an et ass keen do. Et brauch een net laang z’iwwerleeën, wat se da maachen, wou se higinn.

A wéini gesäit eng Regierung, dat emol an?

Monique: « Als Léierin kann ech alt erëm bestätegen, dass ech genau un dem Behuelen an leider och un den Leeschtungen an der Schoul ka gesinn, wéi e Kand nit oft (oder guer nit) an d´Maison Relais geet an wéi eng Kanner praktesch all Dag, bis Owes do sinn.

Et ass traureg, dass eise Ministère dat nit well agesinn. Dës Generatioun Kanner soll eis herno am Alter ënnerstëtzen, schaffe goen an esou och eis Pensioune bezuelen. Duerch déi ganz Friembetreiung an Massenhaltungen, gëtt den décrochage scolaire ëmmer méi grouss. Vill Jonker si schonn mat Depressiounen oder Burn Out am fréie Beruffsliewen geplot. An dat nit well si pipesch sinn… neen si sinn an eng Stressgesellschaft eragebuer ginn vum 1ten Dag un… an de Stress begleet eis Bébéen, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener vu Moies bis Owes. An Stress ass e Killer. De Stress mécht Bezéiungen vun den Elteren, Bezéiungen tëschent Elteren a Kanner an och Bezéiungen zu gudde Frënn, Noperen an eelere Leit futti. »

Alexandra: «  Ech schaffen an engem sozialen Beräich wou ech souwuel mam Cycle 4.2 schaffen, wei och mat den 2-3 éischten Joeren vum Secondaire. Nach haut den moien hun déi Jugendlech an enger Klass gesoot, dass si et normal fannen, dass d’Elteren dei éischt Joeren bei den Kanner bleiwen, an dono wann d’Kand méi aal wier, kéint et jo och ee mol an eng Maison Relais goen oder bei enger Persoun aus der Famill (Tatta, Monni, Grousselteren…). Alleguer waren sech awer eens, dass se léiwer wéilten dass ëmmer een vun den Elteren doheem wier. Déi Jonk fillen sech oft eleng an sichen iwwerall no Sécherheet an Gebuergenheet. Wann een mat vereenzelten méi laang schwätzt, oder, wat nach vill méi wichteg as, hinnen nolauschtert, ginn hier Aen ganz glaseg an d’Tréinen lafen heiansdo d’Backen erof. Mir deet dat wéi bis an d’Séil an mäin Mammenhäerz géing se all am léifsten an den Arm huelen an hinnen dei Zäit an Opmierksamkeet ginn, déi se verdéngt hunn… Ech beobachten dat Ganzt schon säit Joeren an et gëtt ëmmer schlëmmer. Kanner sinn eis Zukunft. Wien dat net gesäit, ass mat drun Schold wann eis Gesellschaft fréier oder spéider total aus den Fugen geréit!!« 

Materiell Aarmut, séilesch Aarmut: en Appell un d’Regierung, Mesüren ze huelen, fir d’Elteren – z.B. Bei hirer Wunnéng, d’Allocations familiales eropsetzen, oder, hinnen, e kleng Revenu ze ginn fir hir Elterenaarbecht. Si eleng si responsabel fir hir Kanner: da mussen si och d’Méiglechkeet kréien, hir Elterenschaft ze liewen, dass se Verantwortung kënnen huelen. Well, et muss endlech agesi ginn, dass di Situatioun, wéi se elo ass, esou net méi esou ka weidergoen.

Oder, wéi eng krank Gesellschaft wëlle mer?

Isabelle Schmit-Mines

05.02.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *