Photo Julien Garroy / Editpress

Stella Falkenberg an Guy Hengel:

Si kämpfen weider fir d’Dageselteren, fir d’Kanner, fir d’Elteren

Wann e klengt Kand kräischt, hëllt een et normalerweis op den Aarm, oder?

Fir Kanner, déi friembetreit ginn, däerf dat awer nëmmen de Fallsinn,  bei den Dagesmammen. Awer net an enger Crèche oder Maison-Relais… sou sot et d’Stella Falkenberg am Artikel, deen de Lëtzebuerger Journal iwwer si bruecht hat.

Et ass vill aus dësem Gronn, dass si an hire Mann, de Guy Hengel, net midd ginn, sech fir d’Dageselteren anzesetzen.

D’Dageselteren sinn di ideal Alternativ fir sensibel Kanner, fir Kanner, déi de Kaméidi net verdroen, fir Kanner, déi grouss Gruppen net verdroen. Et ass bei den Dageselteren, wou e Kand méi individuell kann betreit ginn. Do spiert et sech bal wéi doheem.

Fir Elteren, déi schichteweis schaffen oder deelweis schaffen, fir Elteren, déi hir Kanner léiwer an engem klenge Kader gesinn, sinn d’Dageselteren och eng wëllkomm Alternativ.

AWER: de Bildungsministère wëll dee Modell einfach net méi richteg ënnerstëtzen a gëtt den Dageselteren, dann, och demno, ganz minim Subventiounen, mat deem Argument, si hätten jo och manner Fraisen.

Esou minim, dass vill vun hinnen hu mussen ophalen, well se finalement fir näischt geschafft hunn.

Elo kënnt jo nach dobäi, dass fir d’Kanner vun engem Joer un bis véier Joer, 20 Stonnen/Woch, gratis virgesi sinn, well de Ministère jo insistéiert, dass d’Kanner schonn vu klengem un, méi Sproochen solle léieren. Do gehéieren fir de Ministère d’Dageselteren wuel net dobäi? D’Kanner, déi vun Dageselteren betreit ginn, hu keng 20 Stonnen gratis zegutt.

Wat maachen dann d’Elteren? D’Äentwert weess jo da jiddereen.

D’Stella Falkenberg an de Guy Hengel haten schonn Entrevuen am Ministère, si maachen op di grouss Ongerechtegkeet opmierksam, wou se nëmme kënnen. Et geet hinnen ëm d’Kanner, ëm d’Wuel vun de Kanner – well net all Kand ass gemaach fir an enger grousser Struktur ze sinn. Wéisou schéngt dat keen z’interesséieren? Et geet hinnen ëm d’Elteren, déi hir Kanner zefridden wëlle gesinn an di bescht Betreiung fir si wëllen hunn, wann si schaffen. Et geet hinnen ëm d’Dageselteren: dat ass e Beruff, dat ass eng Berufung. An dat alles gëtt einfach vun uewen erof boycottéiert.

D’Stella Falkenberg an hire Mann, de Guy Hengel kënnen net einfach esou, di Tatsach hinhuelen, dass d’Elteren nees kee Choix hunn, dass hinnen nees diktéiert gëtt, wou si hir Kanner ze betreien hunn.

Hiert Engagement ass enorm. A mir hoffen a mir wënschen, dass endlech eppes fir eis Kanner geschitt.

Kuckt och op der Facebook-Säit vun „Dageselteren-Network“ fir nach méi Informatiounen iwwer d’Situatioun vun den Dageselteren.

https://www.journal.lu/top-navigation/article/eltern-haben-nicht-die-freie-wahl/?fbclid=IwAR0-mqUj0WnXbOPMBLH6L3wih9sCIOUCWyJEU08YuV3JOKM8W6rN0h2Ve_s

https://www.facebook.com/DageselterenNetworkASBL/posts/2208000109493137?notif_id=1574422594683749&notif_t=page_post_reaction

Isabelle Schmit-Mines

03.12.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *